En Tëschestopp am Vatikan virum „Ratelach” Bréissel
Um Mëttwoch huet den amerikanesche President de populäre Poopst François
Um Mëttwoch huet den amerikanesche President de populäre Poopst François
[onionbuzz quiz-id=89][/onionbuzz] 2017 ware Gemengewahlen an op ville Plazen huet
D‘Famill, Frënn a Vertrieder aus Politik an Zivilgesellschaft, hunn gëschter
E.D.I. Madagascar – Enfants Défavorisés de l’Île de Madagascar – nennt sech d’ONG, déi sech zanter bal fënnef Joer am Oste vum weltwäit zweetgréissten Inselstaat fir d’Wuelergoe vu Kanner asetzt. Si setzt sech ënner anerem staark fir den Zougang zur Educatioun zu Madagaskar an. Fir e weidere Projet fir de Bau vu 6 Schoulkantinne krut si den 19. Juni 2019 e Scheck vum Restaurant Cômo, ënnert der Leedung vum Stärekach Renato Favaro, iwwerreecht.
Den 11. Mee 2019 huet de Stärekach a Proprietär vum Restaurant Cômo zu Esch-Uelzecht der ONG E.D.I. Madagascar seng Zäit a säin Talent zur Verfügung gestallt. Am Kader vun engem kulinareschen Owend am Centre Culturel zu Rammerech, un deem eng iwwer honnert Gäscht deelgeholl hunn, sinn am Endeffekt 3.700 € zu Gonschte vun de madagassesche Kanner zesummekomm. Dësen Erléis fléisst integral an d’Finanzéierung vu 6 Schoulkantinnen am Oste vu Madagaskar. Am Januar 2019 ass scho mat den éischten Aarbechten ugefaange ginn.
Sech fir de gudden Zweck anzesetzen ass décke Gas! Dat fannen op alle Fall mol de Renato Favaro (um Dësch) mat senger Equipe souwéi d’Membere vun der ONG E.D.I. Madagascar. © E.D.I. Madagascar
Bei senger Ried huet de President vun der ONG, de Marcel Dell, vun der Geleeënheet profitéiert fir den eenzelen Acteuren, dorënner haaptsächlech der Equipe vum Renato Favaro, der Gemeng Rammerech an awer och den zuelräiche Benevollen, fir hir Ënnerstëtzung Merci ze soen. Dobäi huet hien och schonn op dat geschwë fënnefjäregt Bestoen higewisen, wat de 16. Mee 2020 am Centre Culturel gefeiert wäert ginn.
Weider Informatiounen zur ONG ënner www.edimadagascar.com
Opmaacherfoto: © E.D.I. Madagascar