Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Internationalen Dag vun der Frankophonie!
peter andre dating Money best american dating sites

https://moien.lu/example-of-dating-headline-profile/

Scho säit 1995 feiert Frankräich seng Sprooch mam internationalen Dag

best australian lesbian dating app
peter andre dating Money best american dating sites

Stockcar: „Crazy Dog“ Pilot Alex Antony éiert d‘Veräinsfaarwen

E Sonndeg ass zu Alzeng schonn déi virlescht Manche vun

Festival vu Cannes 2019: Och Lëtzebuerg ass mat dobäi!
peter andre dating Money best american dating sites

Festival vu Cannes 2019: Och Lëtzebuerg ass mat dobäi!

De Grand-Duché ka sech freeën! Dëst Joer ass Rout-Wäiss-Blo nämlech

money

Loscht op ee Bléck hannert d‘Kulisse vun den Entreprisen?

Den 21. an 22. September ass nees Dag vun der oppener Dier „Dat ka Lëtzebuerg“

Loscht op ee Bléck hannert d‘Kulisse vun den Entreprisen?

Et ass schonn déi 14. Editioun vun „Dat ka Lëtzebuerg“ woumatter eigentlech just en Dag vun der „oppener Dier“ gemengt ass, an dee fir d‘Entreprisen eigentlech méi Reklamm wéi Transparenz bedeit. Organiséiert gëtt dësen „Event“ vun der Agence „brain&more“ enger frankophoner Agence mat lëtzebuergesche Wuerzelen, déi am Beräich Kommunikatioun a Marketing ganz aktiv ass.

Si konnten dann och op e Neits 38 Entreprisen an/oder Administratioune vun der Sënnhaftegkeet vun dësem Event iwwerzeegen. D‘Agence huet erkläert, datt d‘Zil vun dëser Marketingoperatioun net drop ausgeluecht dem Interesséierte Public eppes ze „Verkafen“, mee dësen heimatter eng ganz aussergewéinlech Chance kritt, souzesoen „hannert de Comptoir“ ze kloteren an méi ze gesinn.

Lëtzebuerg hätt, esou zumindest d‘Iwwerzeegung vun der Damm déi de Projet leet, en immense Räichtum am ekonomeschen, wéi och am entreprenereschen. Si invitéiert dann all d‘Lëtzebuerger an d‘Awunner vun der Groussregioun sech den 21. an 22. September bei den deelhuelende Betriber eranzekucken an déi Beruffer wéi d‘Aarbechtsprozedure vun dësen Entreprise kennen ze léieren.

EntreprisenJidderee profitéiert dovunner

Wéi et heescht huet d‘Erfarung vun de leschten 13 Ausgabe bewisen, datt dësen „Dag vun den oppenen Dieren“ nëmme Virdeeler mat sech bréngt. Fir de Konsument esou gutt wéi fir de Betrib deen hei matmécht. Fir d‘Entreprisen ass et eng fantastesch Geleeënheet hir Notorietéit nach ee Stéck wäit ze verbesseren a sech neie Cliente virzestellen. Et wier och eng Motivatioun fir Mataarbechter.

Dëst Joer konnt d‘Kommunikatiounsagence nach emol 12 zousätzlech Betriber/Administratiounen zum Matmaache gewannen, wouduerch déi ganz Operatioun sech op iwwer 50 Standuerter verdeelt. Vill „Bio-Betriber“ (BIOG-Molkerei, BIOGROS, NATURATA), Entreprise mat sozialem Notzen (Co-Labor, LOF, Päiperlek) a Staatsbetriber (Gesondheetslaboratoire, Universitéit) sinn mat derbäi.

Et kann also duerchaus ee ganz interessante wei och edukative Weekend sinn, wann ee sech eppes interesséiert. Den Zousproch kéint allerdéngs eng Grëtz besser sinn. Un de leschten 13 Editiounen hunn iwwer 350 Entreprisen/Administratiounen deelgeholl. Mat awer „nëmmen“ 247.500 Visiteure kann een net wierklech vun engem Erfolleg schwätzen. Mee dat kann dem „Rezept“ geschëlt sinn…

Ähnlech Sujeten BioG, CFL, Dag vun den oppenen Dieren, Naturata, Uni.lu
Nächsten Artikel Virrechten Artikel