Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Loosst de Vëlo liichten! Beliichtungscheck vun der Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ
Kultur Neiegkeeten

Loosst de Vëlo liichten! Beliichtungscheck vun der Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ

Um 8. November 2018 bitt d’Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ (LVI) an Zesummenaarbecht

Fir eppes Sonn am Wanter: Okult Summer
Kultur Neiegkeeten

Fir eppes Sonn am Wanter: Okult Summer

Dësen héichgärege Summer Béier vun Okult (Grupp Simon) ass u

Pipo Peng: Märeler Park
Kultur Neiegkeeten

Pipo Peng: Märeler Park

Virwuert: All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum

Kultursummer 2020: Nach vill aus wéineg erausgeholl

Kultursummer 2020: Nach vill aus wéineg erausgeholl

Déi lescht Méint hunn dem Secteur vun der Kultur immens zougesat, an awer huet ee probéiert dat Meescht aus der Situatioun erauszehuelen. Ier et elo an d’Saison 20/21 geet, gouf de kulturellen Tëschebilan zu den Theateren a Kulturzentre vum Summer 2020 gezunn.

An dësem Kader huet d’Kulturministesch Sam Tanson alle kulturellen Acteure Merci gesot fir hiert kreatiivt Potential, hiren Engagement an d’Oprechterhale vum kulturelle Liewen. Ma, wéi wichteg d’Bühnekonscht, Concerten, Muséeën a Co sinn, bemierkt een am aktuelle Kontext: „Néierens soss kënnen déi kruzial Froe vun der Gesellschaft besser behandelt ginn, wéi op der Bühn.“

Kuckt ee sech d’Zuelen un, da kann een de staarke Besoin no Kultur an de Wëllen eppes z’erliewen net bestreiden. D’Beräicher Concert, Theaterstécker a Filmseancen hunn an där kuerzer Zäit 18.000 Spectateuren ugezunn. D’Membermuséeën vum ICOM hunn am Juli an August ëm 42.000 Visiteuren ugezunn, wärend d’Muséeën aus der Stad Lëtzebuerg 29.000 Visiteuren opweise kënnen.

Hei sinn d’Zuelen am Detail:

Neimënster Festival – „Bock op…“ (Juli bis August)

  • Lëtz Play (7 Concerten): 1.280 Entréeën
  • Apéro Jazz (8 Concerten): 1.378 Entréeën
  • Sunset Strings (4 Concerten): 242 Entréeën

Gemeng Mamer (August)

  • TheaterContainer (15 Seancen ): 488 Entréeën

Opderschmelz Diddeleng – Festival «Ënnert dem Wassertuerm» (August bis September)

  • 5 Concerten: 651 Entréeën
  • 6 Filmer: 604 Entréeën

Kufa Summer Bar (Juni bis August)

  • 36 Concerten / DJ sets / Performances: 4.192 Entréeën
  • 7 Filmer: 149 Entréeën

Kufa Squatfabrik

  • 5 Artisten-Residencen: 547 Entréeën

Trifo Apéro (Juli bis September)

  • 13 Concerten: 1.200 Entréeën

Kulturhaus Niederaanven (August bis September)

  • 3 Erzielunge fir Kanner & 1 Theaterworkshop fir Kanner: 59 Entréeën

Rotondes – Congés annulés (August)

  • 19 Concerten & 3 musikalesch Dokumentatiounen musicaux: 7.720 Entréeën

Membermuséeën vun der ICOM

41.097 Entréeën, dorënner:

  • Musée national d´histoire et d´art – MNHA (Juli bis August): 4.286 Entréeën
  • Musée Dräi Eechelen (Juli bis August): 2.595 Entréeën
  • Villa romaine Echternach (Juli bis August): 4.639 Entréeën
  • Villa Vauban (Juli bis August): 1.277 Entréeën
  • Lëtzebuerg City Museum (Juli bis August): 2.056 Entréeën
  • Mudam (Juli bis August): 10.280 Entréeën
  • natur musée (Juli bis August): 3.321 Entréeën
  • Casino – Forum d´art contemporain (Juli bis August): 1.247 Entréeën
  • Centre national de littérature – CNL (August): 65 Entréeën
  • Musée d’histoire(s) Diekirch (jJuli bis August ): 889 Entréeën
  • Millemusée & Naerdener Gare (Juli bis August): 46 Entréeën
  • Minett Park Fond-De-Gras – Train 1900 (Juli bis August): 1.632 Entréeën
  • Minett Park Fond-De-Gras – mat der „Minièresbunn“ (Juli bis August): 318 Entréeën
  • Conservatoire national de véhicules historiques (Juli bis August): 1.132 Entréeën
  • Musée rural Binsfeld (Juli bis August): 403 Entréeën
  • Musée national de la Résistance (Juli bis August): 171 Entréeën
  • Kulturhuef ASBL (Juli bis August): 245 Entréeën
  • Musée national d’histoire militaire (Juli bis August): 6.175 Entréeën
  • Musée „A Possen“ (Juli bis August): 320 Entréeën

Opmaacherbild: © Alex Avalos / Unsplash

Ähnlech Sujeten Bühnekonscht, Casino Luxembourg - Forum d'art contemporain, Concert, ICOM, Konscht, Kufa Summer Bar, Kulturministère, Kultursummer, MUDAM, Musée, Musée Dräi Eechelen, Naturmusée, neimënster, Saison 20/21, Sam Tanson, Squatfabrik, Tëschebilan, Theater
Nächsten Artikel Virrechten Artikel