Search

You may also like

Patiente Vertriedung huet eng Rei Fuerderungen
Kultur Neiegkeeten

Patiente Vertriedung huet eng Rei Fuerderungen

Fir d‘Patiente Vertriedung Asbl ass déi vun der Regierung geduechten

LLJ Christmas Tour: Mam dekoréierten Trakter bis op Veianen
Kultur Neiegkeeten

LLJ Christmas Tour: Mam dekoréierten Trakter bis op Veianen

Datt d’Membere vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren (LLJ) wärend

Éischt Folge vum Sécherheetsgesetz fir Hong Kong
Kultur Neiegkeeten

Éischt Folge vum Sécherheetsgesetz fir Hong Kong

US-Bierger déi a China liewen, sinn vun hirer Regierung opgeruff

Kulturellen Zesummenhalt: De Grand Est a Lëtzebuerg ënnerschreiwen eng Konventioun

Kulturellen Zesummenhalt: De Grand Est a Lëtzebuerg ënnerschreiwen eng Konventioun

Nodeems schonn 2019 eng éischt erfollegräich Zesummenaarbecht tëscht dem Groussherzogtum Lëtzebuerg an der Regioun Grand Est beim Festival Off zu Avignon konnt erméiglecht ginn, wëll een un dëse Succès uknäppen. Mat der Konventioun zur kultureller Kooperatioun wëll ee Lëtzebuerg awer net nëmmen als wëllkomme Gaascht op der Bühn fest abezéien, mee och den Echange tëscht den Artisten an dësen onsécheren Zäiten gestäerkt ginn.

Grad wärend der sanitärer Kris braucht een eng kulturell Zesummenaarbecht. Et braucht een Zukunftsperspektiven an den Optimismus, fir am nächste Joer hoffentlech nees optrieden ze kënnen. Déi grenziwwerschreidend Kooperatioun dierf dobäi net nëmmen ekonomesch a politesch duerchgezu ginn, mee wierklech gelieft a geootemt ginn.

Fir d’Editiounen 2021 an 2022, eventuell och doriwwer hinaus, wäert Lëtzebuerg an d’Programmatioun abezunn an eng fest Plaz op der Bühn vu La Caserne kréien. Deel dovun ass beispillsweis d’Produktioun Sales Gosses vum Fabio Godhino, déi eigentlech dëst Joer virgesi war an elo op déi nächst Editioun verréckelt ginn ass. Am Géigenzuch bitt Lëtzebuerg all Joer e finanzielle Beitrag vun 30.000 €.

An dësem Kader huet d’Kulturministesch Sam Tanson ënnerstrach, datt de Kultursecteur, wéi vill aner Secteuren ënnert groussen Onsécherheeten a Frustratiounen leit. Schonn eleng a symbolescher Hisiicht verbanne sech zwou Regiounen, déi net nëmmen matenee schaffen, mee gemeinsam liewen.

De President vun der Regioun Grand Est heescht de Groussherzogtum häerzlech Wëllkomm op den Theaterbühnen.

D’Konventioun fannt Dir HEI.

Related topics Artist, Avignon, Bühn, Covid-19, Echange, Festival Off, finanzielle Beitrag, Konventioun, Kooperatioun, La Caserne, Regioun Grand Est, Sales Gosses, Sam Tanson, Theater
Next post Previous post