De Contournement vun Dippech ka kommen
Der Buergermeeschtesch vun Dippech ass méi wéi nëmmen ee Stee
Der Buergermeeschtesch vun Dippech ass méi wéi nëmmen ee Stee
De Verbond vun de Stied: Lëtzebuerg, Metz, Saarbrécken an Tréier,
Nodeems de Covid-19 zu Lëtzebuerg ukomm ass, huet d’Regierung schnell
Souwuel am éischten, wéi och am zweete Lockdown huet d’Kultur gefeelt. All klengst Méiglechkeet gouf ergraff, fir Musek, Konscht, Theater an Ähnleches ze erliewen, och wann een dofir oft op den digitale Wee zeréckgräife misst. E physescht Erliefnis kann dat awer op kee Fall ersetzen.
Ëmsou méi freedeg huet d’Kulturministesch Sam Tanson bei der Pressekonferenz ugekënnegt, datt folgend Moossnamen geschwënn a Kraaft trieden:
Fir Spektakelen: Dës Evenementer dierfen nees stattfannen mat engem Maximum vun 100 Persounen am Publikum. Si mussen de Mask ubehalen an d’Distanzreegele vun 2 Meter anhalen. D’Restauratioun muss allerdéngs weiderhin zoubleiwen.
Muséeën, Ausstellungen, Kinoen, Archiven, Bibliothéiken an Ähnleches: Och hei ass de Mond-Nues-Schutz obligatoresch. Guidéiert Visitte bis zu 10 Persounen dierfen organiséiert ginn. Sollt den Etablissement e Commerce hunn, zielen déi allgemeng Reegele fir d’Butteker, wärend och hei d’Restauratioun zoubleiwe muss.
Professionell Artisten: Well bei de professionellen eng ganz Produktioun um Spill steet, soubal eng Persoun infizéiert ass, ginn all Acteuren reegelméisseg an oft getest. Hinnen ass et awer erlaabt ouni Mask an Distanz ze prouwen.
Amateuren (z.B. Korallen oder Fanfaren): Bei Prouwen bis zu 4 Persounen muss kee Mask ugedoe ginn. Sinn tëscht 5 an 10 Persoune present, zielt Maskeflicht an d’Anhale vun der Distanz. Sëtzflicht besteet, soubal tëscht 11 an 100 Persounen am Raum sinn.
Nach bis den 28. Februar 2021 kënne Kënschtler finanziell Ënnerstëtzung ufroen. Heibäi verweist d’Kulturministesch nach emol op de Programm Neistart Lëtzebuerg. Hei fannt Dir e Bilan vun der finanzieller Ënnerstëtzung, déi bis ewell schonn verdeelt ginn ass.
Generell sollten all Institutiounen an Organisateuren dorun denken, hir Spektakelen un d’Spärstonn unzepassen.
Opmaacherbild: © Martin de Arriba / Unsplash