Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Memorial Day zu Hamm – Gedenken un déi amerikanesch Affer
Kultur Neiegkeeten

Memorial Day zu Hamm – Gedenken un déi amerikanesch Affer

De Staats- a Prmeierminister Xavier Bettel huet um vergaangene Samschdeg

money
No Google versprécht och Facebook der Presse nei Abonnenten unzezéien
Kultur Neiegkeeten

No Google versprécht och Facebook der Presse nei Abonnenten unzezéien

Facebook wëll et de Presse-Editeure méi einfach maache fir d‘User

déi Lénk ginn an 8 Gemenge mat – a wëlle virun allem beim Wunnraum uerdentlech opraumen
Kultur Neiegkeeten

déi Lénk ginn an 8 Gemenge mat – a wëlle virun allem beim Wunnraum uerdentlech opraumen

Mam Slogan „D‘Leit staark maachen“ geet déi Lénk mat enger

Kultur: Eng nei Saison mat villen Erausfuerderung an Onsécherheeten

Kultur: Eng nei Saison mat villen Erausfuerderung an Onsécherheeten

Am kulturelle Beräich steet eng nei Saison virun der Dier, déi dës Kéier wuel mat villen Erausfuerderungen an Onsécherheeten anhir geet. Aus dësem Grond huet d’Kulturministesch Sam Tanson gëschter op der Pressekonferenz vun der Theater Federatioun iwwert déi aktuell Situatioun informéiert an déi essentiell Bedeitung vun der Konscht am Generellen ervirgehuewen.

Ob Musek, Spektakelen oder Ausstellungen – D’Kultur begleet eis am Alldag a mir consomméieren se onbewosst. Eréischt mat der Aschränkung vu Fräiheeten an der Limitatioun vun Evenementer hu mir gemierkt, wéi wichteg d’Konscht an all senge Formen eigentlech ass.

„D’Bühnekonscht spillt eng fundamental Roll, net nëmme fir d’Ënnerhalung, mee och fir déi kritesch Begleedung vun de gesellschaftlechen a politeschen Ereegnisser“, sou d’Ministesch Sam Tanson. Den Ufank vun der kultureller Saison 20/21 ass mëttlerweil u logistesch Verflichtungen an Upassunge fir all Bedeelegt gebonnen, sou datt och wärend der Kris nach Evenementer dierfe stattfannen.

An dësem Kader huet d’Gesondheetsdirektioun e Carnet mat temporäre Recommandatioune fir d’Gestionnaire vu Kinoen, Theatere, Spektakel- a Concertssäll, sou wéi aneren artisteschen Aktivitéite verëffentlecht. Wéi mir et scho gewinnt sinn, bleift d’Droe vun enger Schutzmask dann obligatoresch, wann d’Distanz zum Nächsten net kann agehale ginn. D’Spectateure musse wärend dem Evenement sëtzen an dierfen d’Mask just dann ausdoen, wann si mat 2 Meter Ofstand zouenee placéiert sinn.

Den Zougang zu Waasser, Pabeierdicher an Desinfektiounsmëttel muss iwwerall garantéiert ginn. Weiderhi mussen d’Ticketen am viraus reservéiert ginn, d’Vente vun Iessen a Gedrénks ass autoriséiert an d’Lëfte vun de Säll no de Virféierungen ass e Muss. De kompletten Dossier, deen d’Moossname fir d’Organisateuren, Artisten, Gestionnairen a Spectateuren opgräift fannt Dir HEI.

Weider Unerkennunge bei Spektakelen

Ofschléissend hat d’Kulturministesch de Pleséier 4 nei Lëtzebuerger Theater-Präisser ze annoncéieren, déi an der Saison 20/21 fir Unerkennung suerge sollen:

  • Den Nationalen Theater-Präis fir komplett Wierker belount déi räich an inspiréierend Karriär vun engem Mann/enger Fra aus dem Lëtzebuerger Theater, sou wéi den nohaltegen an exzeptionellen Engagement am Secteur;
  • De Präis vun der jonker Hoffnung riicht sech u jonk Kënschtler mat enger villverspriechender Karriär am Lëtzebuerger Theater;
  • De Präis vun der beschter Kreatioun – Schauspill, Regie, Dramaturgie zeechent déi remarkabel Aarbecht vun engem Artist am Kader vun enger Theater-Produktioun aus;
  • De Präis vun der beschter Kreatioun – Zeenographie, Kreatioun, Kostüm, Beliichtung, Maquillage, Coiffure belount déi remarkabel Aarbecht vun engem Artist hannert der Bühn bei enger Theater-Produktioun.

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Sam Tanson, Kulturministesch; Claude Mangen, President vun der Theater Federatioun © Kulturministère

Ähnlech Sujeten Auszeechnung, Claude Mangen, Concert, Covid-19, Distanz, Kulturministesch, Onsécherheeten, Pandemie, Präisser¨, Recommandatioune, Saison 2020/2021, Sam Tanson, sanitär Moossnamen, Schutzmask, Spektakel, Theater Federatioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel