Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Schwäiz: Doudeger bei Onwieder zu Genève
Kultur Neiegkeeten

https://moien.lu/i-just-have-no-interest-in-dating/

Schwéier Onwieder mat Stuerm a Knëppelsteng hu gëschter an der

hookup network ad partner
Kultur Neiegkeeten

Dëse Lëtzebuergesch-Quiz ass näischt fir Ufänger!

Dës Woch hu mer eis d’Zäit geholl, an d’Noriichten duerchgelies.

Charlotte: 2 Doudeger bei Schéisserei op der „University of North Carolina“
Kultur Neiegkeeten

Charlotte: 2 Doudeger bei Schéisserei op der „University of North Carolina“

Um Campus vun der „University of North Carolina“ sinn zwou

„Art Ansembourg“ – 4 Artisten, 2 Zorte Béier an 1 Hunnegschnaps

A mir wollte just luusse goen…

„Art Ansembourg“ – 4 Artisten, 2 Zorte Béier an 1 Hunnegschnaps
D‘Haushäre fir een Dag hunn der aler Schmëtt nees Liewen agehaucht. © Martine de Lagardère/moien.lu
„Art Ansembourg“ – 4 Artisten, 2 Zorte Béier an 1 Hunnegschnaps
Hannenaus am Gaart, hunn d‘Artiste mam Public iwwert hir Wierker gepotert an dobäi ee ganz besonnesche Patt genoss. © Martine de Lagardère/moien.lu
„Art Ansembourg“ – 4 Artisten, 2 Zorte Béier an 1 Hunnegschnaps
Wéini wat Konscht ass, läit am A vum Betruechter. © Martine de Lagardère/moien.lu
„Art Ansembourg“ – 4 Artisten, 2 Zorte Béier an 1 Hunnegschnaps
D‘Aurore Ksiazyk, eis Kächin, déi soss op enger gudder Adress op der Plëss de Gourmeten an de Gurmange gläichermoossen an de gastronomesche siwenten Himmel entféiert, huet zesumme mam Sergio Fernandez een Héichpunkt nom aneren opgedëscht © Martine de Lagardère/moien.lu
„Art Ansembourg“ – 4 Artisten, 2 Zorte Béier an 1 Hunnegschnaps
Eventuell eppes ze grouss fir an d‘Schlofkummer, mee garantéiert en Hikuckert fir all Chefbüro. © Martine de Lagardère/moien.lu
„Art Ansembourg“ – 4 Artisten, 2 Zorte Béier an 1 Hunnegschnaps
Den Numm ass Programm an hir Produite vum feinsten. D‘Iddi mat Mellis Finest eng Synergie anzegoen, deen eis den Hunnegbéier bréngt, genial! © Martine de Lagardère/moien.lu
„Art Ansembourg“ – 4 Artisten, 2 Zorte Béier an 1 Hunnegschnaps
Wei geet „Technik?“… op der Aansebuerg konnte doriwwer méi gewuer ginn © Martine de Lagardère/moien.lu

Et kann ee soe wat ee wëll, mee déi kulturell Offer um Päischtsonndeg war nees grandios. Sech fir eppes ze entscheede war dann och net emol esou einfach. Well eise Melvin um Koll an Aktioun war, eist Shari de Rock am Ring onsécher gemaach huet, ass de Redaktiouns-Joker op Aansebuerg op eng Ausstellung gefligert, wou et nieft der Konscht och nach e gastronomeschen Highlight gouf.

Organiséiert vun der Stuff Brauerei a Kooperatioun mat Mellis Finest, hunn an der aler Schmëtt véier jonk Artisten hir Wierker ausgestallt. Ganz interessant hei, d‘Wierker vun de „The Lost Boys“ déi zimlech eenzegaarteg Kalligraphie presentéiert hunn. Net manner beandrockend, dem Nathalie Soldani seng Konscht: hei geet et ëm d‘Verbindung vu Gravure mat Fotografie. Impressionnant!

Den Aurélien Ernst huet flott an inspiréierend Biller vu Latäinamerika ausgestallt an den Hadrien Friob war op der Plaz mat sengen Nuetsopnamen aus dem amerikaneschen Naturpark „Joshua Tree“. Alleguerten haten se en Ouer fir déi vill Froe vun de Gäscht, an esou ass den Nomëtteg reegelrecht verflunn. Et gouf getraatscht an gelueft, an dat Genderiwwergräifend, wéi en haut seet.

Dréche Konscht versus flëssegt Gold

Wien dann awer de Wee op „Art Ansembourg“ fonnt hat, konnt net nëmme vun der uewe genannter Konscht profitéieren. Am Gäertchen hannert der Schmëtt haten d‘Bouwe vun der Stuff Brauerei an déi zwee Häre vu Mellis Finest hir zelter opgeschloen. A si waren net mat eidelen Hänn ugereest. Et huet leckere Béier (Zinga & Mellis) ginn, en Hunnegschnaps gouf et an och eppes z‘iessen…

Fänke mir mat de „feste Bestanddeeler“ un: Wann et emol fir eng Kéier kee Fleesch muss sinn, an eigentlech sollt e jo och domatter eppes méi lues maachen, da sinn d‘Kichekueder Aurore Ksiazyk an de Sergio Fernandez eng sécher Adress. Wat si do erbäigezaubert hate war esou genial wéi och vum Goût hir einfach iwwerzeegend. Sollt dir hinne begéinen, onbedéngt schmaache goen!

Zu hire Canapéen, Empenadas an Tortillas, gouf et mat dat bescht wat sech aus Happ, Malz an Hunneg oder alternativ dozou Ingwer, hierstelle léisst. Den Zinga an de Mellis Hunnegbéier aus der eegener Produktioun (Stuff Brauerei) hu fir vill glécklech Gesiichter gesuergt. Vergiesse mir dann och net, de Marc an Paul, déi hiren Hunnegschnaps matbruecht haten. Oh der Däiwel ass dee lecker.

Foto: © Martine de Lagardère

Ähnlech Sujeten Aansebuerg, Art Ansembourg, Hunnegbéier, Hunnegschnaps, MELLIS, Stuff Brauerei, Zinga
Nächsten Artikel Virrechten Artikel