Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Gebuertsdag um Haff: Alles Guddes fir de Prënz Félix!
Kultur Neiegkeeten

Gebuertsdag um Haff: Alles Guddes fir de Prënz Félix!

Haut feiert S.A.R. de Prënz Félix säi 36. Gebuertsdag! Als

D’80/80/90 Reegel gëtt ofgeschaaft! Mee fir d’CGFP ass bei der Reform nach net alles kloer
Kultur Neiegkeeten

D’80/80/90 Reegel gëtt ofgeschaaft! Mee fir d’CGFP ass bei der Reform nach net alles kloer

Wéi et aus dem Communiqué vun der CGFP ervirgeet, ass

Chantier Sprangkraut – Aktiv géint déi invasiv Planz!
Kultur Neiegkeeten

Chantier Sprangkraut – Aktiv géint déi invasiv Planz!

Um kommende Samschdeg ass Är Hëllef gefrot. Den Natur- a

D’Geschicht an Identitéit erhalen – mee wéi?

D’Geschicht an Identitéit erhalen – mee wéi?

Gëschter hat eis Kulturministesch Sam Tanson d’Éier de relative Gesetzesprojet vum kulturelle Patrimoine ze presentéieren. Knapp 3 Deeg virdrun huet de Regierungsrot heivir zougestëmmt. Zil ass et nämlech, ee legalen an eenzegaartege Kader fir de kulturelle Patrimoine vu Lëtzebuerg ze schafen, andeems een sech souwuel op den architektoneschen an den archeologesche Patrimoine, sou wéi op de „Patrimoine mobilier“ an den immaterielle Patrimoine bezitt.

Mam Text wëll een den Erhalt an de Schutz vum kulturelle Patrimoine garantéieren. Esou erkläert d’Ministesch datt heibäi eis Geschicht an Identitéit widdergespiggelt gëtt. Et wier eis Aufgab, de Patrimoine net nëmmen ze erhalen, mee och ze wierdegen, ze entwéckelen an ze steigeren.

An dësem Kader huet si och drun erënnert, datt dëst Mëttel zur sozialer Kohäsioun an der nohalteger Entwécklung bäidréit. Parallel zur Modernisatioun vum Gesetzesprojet wëll een och international a ratifizéiert Texter fir dëse Beräich opstellen.

Kuerz tëschenduerch

Un dëser Plaz wier et och emol wichteg, déi offiziell Definitioun vum kulturelle Patrimoine unzeginn. Esou huet d’Ministesch bei hirer Presentatioun uginn, datt den europäesche Rot um 27. Oktober 2005 zu Faro folgend Erkläerung ofginn huet:

De kulturelle Patrimoine sammelt all geierft Ressource vun der Vergaangenheet, an dat an gräifbaren an net-gräifbare Formen an Aspekter. Esou ginn hei mat abezunn: Monumenter, Sitten, Landschaften, Wëssen, Ausdréck vun der mënschlecher Kreativitéit, sou wéi konservéiert Kollektiounen déi vun ëffentlechen a privaten Organismen, Muséeën, Bibliothéiken an Archiven geréiert ginn.

Patrimoine

(v.l.n.r.) Patrick Dondelinger, Chargé vun den Etüden; Beryl Bruck, Conseillère; Sam Tanson, Kulturministesch; Patrick Sanavia, Direkter vum Service vun de Sitten an nationale Monumenter; Foni Le Brun-Ricalens, Chargé vun der Direktioun vum Centre National de Recherche Archéologique © MCULT

Een Abléck an déi eenzel Beräicher

Elo, wou d’Definitioun bekannt ass, kann ee weiderfueren, mat de verschiddene Patrimoinen, ëm déi ee sech an Zukunft këmmere wëll.

Den archeologesche Patrimoine: Mat archeologeschen Observatiounszonen soll méi Previsibilitéit a Sécherheet bei den Aarbechte gebuede ginn. Ënnert verschiddene Konditioune mussen déi geplangte Konstruktiounen an dësen Zonen am vun der Kulturministesch viraus archeologesch bewäert ginn. Hei sollt gesot sinn, datt dës Evaluatioun aktuell vum Centre National de Recherche Archéologique offréiert gëtt. Fir d’Finanzéierung wëll ee sech d’Käschten tëscht dem Staat an Amenageur opdeelen.

Den architektonesche Patrimoine: An engem éischte Schrëtt soll een Inventaire gemaach ginn, bei dem prezis all Gebaier vum architektonesche Patrimoine dokumentéiert ginn. Uschléissend sollen déi wëssenschaftlech Kritäre gefestegt ginn, duerch déi ee Gebai als nationale kulturelle Patrimoine agestuuft gëtt. Zu gudder Läscht gëtt d’Prozedur vum Klassement selwer ugepasst, woubäi d’Meenung vun der Ëffentlechkeet méi mat abezu gëtt.

Esou gëtt an Zukunft de geschützte Secteur vum internationalen Interessi agefouert an den zousätzlechen Inventaire geläscht. Op enger Plattform ginn all klasséiert Gebaier verëffentlecht. Donieft besteet d’Méiglechkeet Subventioune fir autoriséiert Aarbechten an dëse Beräicher ze kréien, sou wéi och Schuedenersatz.

De Patrimoine Mobilier: Generell soll d’Prozedur vum Klassement vereinfacht ginn. Ee modernen Zirkulatiounsregimm léisst legal international an europäesch Texter entstoen an ersetzt déi aktuell Reegelen. Och déi Beräicher, wéi d’Garantië vum Staat an d’Garantië vun der Restitutioun ginn am Gesetzesprojet integréiert. Och de Schutz vun den Archiven (Klassement an Export) sinn mat abezu ginn.

Den immaterielle Patrimoine: Heizou gehéiere beispillsweis eis Traditiounen an eist Wëssen. An Zukunft soll och hei een Inventaire opgestallt ginn a Moossnamen, déi d’Erhalung garantéieren. Wéi dëse Punkt erfëllt soll ginn, ass leider net erkläert ginn.

Ähnlech Sujeten kulturelle Patrimoine, Kulturministère, Monumenter, Sam Tanson, Traditiounen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel