Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Fonds de Logement: d‘CSV fuerdert strukturell Rou a méi Produktivitéit
Kultur Neiegkeeten

Fonds de Logement: d‘CSV fuerdert strukturell Rou a méi Produktivitéit

Gëschter huet sech d‘Chamber an enger vun der CSV ugefroten

Dylan Pereira: Rookie-Champion vum däitsche Porsche Carrera Cup
Kultur Neiegkeeten

Dylan Pereira: Rookie-Champion vum däitsche Porsche Carrera Cup

Hien huet Talent an ass entspriechend séier ënnerwee: den Dylan

geek
Twitter-Mataarbechter ware saudesch Spiounen
Kultur Neiegkeeten

Twitter-Mataarbechter ware saudesch Spiounen

Den US-Justizministère beschëllegt zwee fréier Twitter-Mataarbechter fir de Kont vu

Kulturfabrik: Den Eschonaut ass bei de klengen Erfuerscher gelant!

Ee Projet vum Kufa's Urban Art 2019

Kulturfabrik: Den Eschonaut ass bei de klengen Erfuerscher gelant!

Schonn am Joer 2014 huet de Centre Culturel Kulturfabrik den artisteschen a pedagogesche Projet mam Numm Kufa’s Urban Art initiéiert. An dësem Joer huet een dës Aktioun nees opliewe gelooss. Dobäi geet et virun allem dorëm d’Leit duerch divers Aktivitéiten ze ënnerhalen an hir Kreativitéit ze këddelen.

Natierlech geet et dobäi och ëm d’Zesummesinn an den Austausch, sou wéi d’Schafe vum Zougehéieregkeetsgefill op engem bestëmmten Terrain. Esou sinn, säit der Gebuert vum Projet viru 5 Joer, schonn zuelräich pedagogesch Aktivitéiten organiséiert ginn.

Eschonaut

Dës Kéier huet d’Ekipp den „Eschonaut – le guide du petit explorateur eschois“ an d’Liewe geruff. Esou sollen och d’Kanner d’Méiglechkeet hunn d’Stad am Süde mam touristesche Guide ze erliewen a besser kennenzeléieren. De Projet ass an enker Kollaboratioun mat der École du Brill, dem Educatiounsministère, dem Service de Coordination de la Recherche et de l’Innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT), dem Escher Syndicat d’Initiative, sou wéi dem Schoul- a Kulturservice vun der Stad Esch-Uelzecht entstanen.

Eschonaut

© Emile Hengen/Ville d’Esch

Véier Klasse vun der École du Brill (Cycle 3 a 4) , wéi och hir SchoulmeeschterInnen hunn um Projet deelgeholl, an dat no der pedagogescher Methologie vun der Lëtzebuerger Schoulmeeschtech Alexandra Gaggioli „L’art urbain, un outil pédagogique“. Encadréiert goufen d’Schüler vun der Illustratorin Claudine Furlano (Zoom Éditions), woubäi d’Kanner selwer Biller an Texter geschaf hunn, déi sech op de 40 Wierker vu Kufa’s Urban Art baséieren. Donieft sinn si och nach vun der Kënschtlerin Lisa Junius begleet ginn. Esou hunn d’Kanner een Abléck an déi plastesch Konscht kritt an duerfte selwer eng grouss Toile erstellen, déi an der Schoul ausgestallt gëtt.

Eschonaut

© Emile Hengen/Ville d’Esch

Um 29. Juni 2019 ass den Eschonaut offiziell op der Place du Brill bei engem gemitterleche Pic-Nik presentéiert ginn. Dobäi kruten 3.300 Schüler de Guide gratis ausgedeelt. Beim Escher Syndicat d’Initiative kann een den Eschonaut nach ëmmer kréien.

Opmaacherfoto: © Emile Hengen/Ville d’Esch

Ähnlech Sujeten Educatiounsministère, Esch-Uelzecht, Eschonaut – le guide du petit explorateur eschois, Kufa's Urban Art, Kulturfabrik, SCRIPT
Nächsten Artikel Virrechten Artikel