Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Tornado am Süden – Krisesëtzung um Méindeg
International Kultur https://moien.lu/free-dating-apps/

common early dating mistakes

No enger drëtter Visitt vun der Inneministesch Taina Bofferding an

https://moien.lu/mass-flow-meter-hook-up-drawing/
International Kultur https://moien.lu/free-dating-apps/

Luxembourg Balloon Trophy: Sech d‘Land emol vun uewen ukucken

Reklamm ass eigentlech genuch gemaach ginn, a wiem et trotz

20 Joer mam Euro: Der EU hire Bebe gëtt erwuessen
International Kultur https://moien.lu/free-dating-apps/

20 Joer mam Euro: Der EU hire Bebe gëtt erwuessen

Um 1. Januar 2019 ass d’Wärung vun Europa, den Euro,

D’Kulturministesch Sam Tanson zu Bukarest

D’Kulturministesch Sam Tanson zu Bukarest

Eis Kulturministesch Sam Tanson huet gëschter un der Reunioun vun de Kulturministere vun der Europäescher Unioun zu Bukarest deelgeholl. Zentral Theme waren déi generell Entwécklung an de kulturellen a kreative Secteuren an Europa, sou wéi déi nächst Etappen zur Fërderung vum europäesche Kultur-Patrimoine, am Kontext vum Aktiounskader vun der Europäescher Kommissioun vum Dezember 2018.

Ier et awer mat de Gespréicher lass gaangen ass hunn d’Ministere Frankräich hir Sympathie a Solidaritéit nom schlëmme Brand an der Paräisser Kathedral Notre-Dame, kulturelle Patrimoine vu signifikativer Bedeitung fir ganz Europa, ausgedréckt.

Uschléissend hu ass d’Wichtegkeet vum kulturellen a kreative Secteur fir Europa ervir gehuewe ginn. Nieft dem eigentleche Wäert an dem Innovatiounspotential spillt dëst och fir déi europäesch Ekonomie eng grouss Roll. Divers Ministeren hunn an dësem Kontext un d’Direktiv vun den Auteursrechter erënnert. Donieft hu si awer och zouginn, datt et noutwenneg ass, datt dëse Secteur besser an de Finanze reflektéiert sollt ginn.

Esou huet d’Kulturministesch Sam Tanson drop opmierksam gemaach, datt nieft der praktescher Ëmsetzung an der Presenz um Terrain och den Accès op de Finanzement fir kleng a ganz kleng Acteuren aus dem Secteur verstäerkt muss ginn. Dobäi huet d’Ministesch ënnerstrach, datt d’Liewensdauer vun den Initiativen net nëmmen eng Fro vun der ekonomescher Ausféierung ass, mee och am Accès un d’Kultur, schonn am jonken Alter, läit.

D’Seance vum Nomëtteg war dem Patrimoine gewidmet. Ziel war et adequat Méiglechkeeten ze fannen, fir dat europäescht Joer vum kulturelle Patrimoine 2018 nach weider ze féieren. Hei konnt nämlech d’Ëffentlechkeet mobiliséiert ginn an den Engagement zur Fërderung vum Patrimoine an allen EU-Memberstaaten huet sech als immens grouss erwisen.

Zu dësem Thema huet d’Ministesch sech fir d’Noutwennegkeet ausgeschwat, datt och an Zukunft Ustrengungen a Saache Sensibilisatioun gemaach ginn. Dobäi konnt een 2018 och ee gudden Abléck an d’Aarbechten zu Lëtzebuerg kréien, virun allem wat déi digital Strategie vum kulturelle Patrimoine ugeet.

Zu gudder Lescht hunn d’Kulturministeren hir Hëllef bei der Deklaratioun vun der rumänescher Presidence am EU-Rot ausgedréckt. Weider Informatiounen heizou kritt dir ënnert www.romania2019.eu.

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Sam Tanson, Kulturministesch; Valer-Daniel Breaz, rumänesche Kulturminister © MCULT

Ähnlech Sujeten Bukarest, kulturelle Patrimoine, Kulturministère, Sam Tanson
Nächsten Artikel Virrechten Artikel