Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den Iran huet kee Gespréichsbedarf mat den USA
Kultur Neiegkeeten

Den Iran huet kee Gespréichsbedarf mat den USA

Den iraneschen Ausseminister, Mohammad Javad Zarif, huet e Samschdeg eng

Winter is coming – Gratis Auto-Check 2018
Kultur Neiegkeeten

Winter is coming – Gratis Auto-Check 2018

Vum 15. Oktober bis de 15. November bitt den ACL,

cooltongue
ACL Classic Tour: Méi wéi e Bléck an de Réckspigel
Kultur Neiegkeeten

ACL Classic Tour: Méi wéi e Bléck an de Réckspigel

Mat dat schéinst wat d’Autosindustrie jee gebaut huet bedeelegt sech

Kulturtipp: De „Beaufort Festival“ geet lues awer sécher op en Enn

Kulturtipp: De „Beaufort Festival“ geet lues awer sécher op en Enn

No zéng Joer Paus presentéiert sech den „Art in Beaufort“ säit enger Woch am neie Kleed. Ënnert der Bezeechnung „Beaufort Festival“ vereenen d‘Organisateuren nach bis de 15. August all déi verschidde Konschtaarten, wéi Literatur, Musek, Danz, Theater a bildend Konscht. De Gedanken derhannert: e multikulturellt Gesamtkonschtwierk.

Gewosst ass: déi ganz Aktivitéite maache mega Spaass, an d‘Fantasie wéi och all aner Sënner ginn ugereegt. An dat ass u sech och den eigentleche But, well de Public soll an dëse „Patchwork“ agebonne ginn, statt einfach nëmmen duerch d‘Ausstellung ze wanderen.

„Beaufort Festival“

© Gemeng Beefort

A well et wierklech eng vun de richteg gudden Iddien ass, fir dësen Augustweekend agreabel mat der Famill oder Frënn ze verbréngen, gëtt op d‘Héichpunkte vun dësem Weekend higewisen. Esou d‘Liesung um Samschdegowend (21 Auer) mam „Your Very Own Double Crisis Club“.

Hei Trieden op: den André Mergenthaler an d‘Desirée Nosbusch, woubäi mir iwwerzeegt sinn, datt och de Monolog vum Sivan Ben Yishai, d‘Zuschauer dierft begeeschteren. Iwwregens, den André Mergenthaler gëtt et och um Sonndeg (17 Auer) an der Beeforter Kierch ze héieren. De Weekend gëtt e Sonndeg um 21 Auer mat engem Concert vun Edsun op der Buergbühn ofgeschloss.

Ganz eriwwer ass de Festival allerdéngs eréischt e Mëttwoch. Do gëtt et nach emol e richteg flotte Programm, an zu den Highlights gehéiert eng Liesung mat Musek vum Lambert Schlechter, Ganael Dummreicher a Jean Back.

„Beaufort Festival“

© Gemeng Beefort

Ofgeschloss gëtt de „Beaufort Festival“ mat enger „Open End Party“, natierlech op der Buerg. Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt, d‘Präisser si sozial. Fir wieder Informatiounen an e Bléck an de ganze Programm, hei de Link op d‘Säit vun der Gemeng Beefort

mat der Gemeng Beefort

Foto: Wann eng Buerg zum Kulturtempel gëtt, dann ass zu Beefort séier eng weider lass. Alles wat Konscht ass oder nach ka ginn, gëtt engem op dëser schéiner Plaz ugebueden. Et wier schued datt „lénks“ leien ze loossen. © Gemeng Beefort

Ähnlech Sujeten Beaufort Festival, Beefort, Buerg Beefort, Festival, Konscht
Nächsten Artikel Virrechten Artikel