Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
NAFTA: Ginn sech d‘Kanadier mat den Amerikaner eens?
https://moien.lu/difference-btw-dating-and-relationship/ https://moien.lu/what-does-420-mean-in-dating-sites/

problems with dating a divorced man

Bei der „Reform“ vum Fräihandelsofkommes NAFTA, dee säit 1994 déi

https://moien.lu/top-ten-dating-agencies/
https://moien.lu/difference-btw-dating-and-relationship/ https://moien.lu/what-does-420-mean-in-dating-sites/

Stater Gemmengerot: Vill Sonn, wéineg Wolleken

Et war ze erwaarden: D‘Librairie Alinea war beim Stater Gemengerot

EU-Sommet: De forcéierte „Migratiouns-Accord“ ass net zefriddestellend
https://moien.lu/difference-btw-dating-and-relationship/ https://moien.lu/what-does-420-mean-in-dating-sites/

EU-Sommet: De forcéierte „Migratiouns-Accord“ ass net zefriddestellend

D’Europäer hunn hire Sträit am Dossier „Migratioun“ net bäigeluecht kritt.

Tierkei: Pro-kurdesche Leader Demirtas weider an Haft

Tierkei: Pro-kurdesche Leader Demirtas weider an Haft

Um Donneschdeg huet en tierkescht Geriicht entscheet de Leader vun der pro-kurdescher Partei HDP, den Selahattin Demirtas weider an Haft ze halen. Hie gëtt beschëllegt terroristesch Aktivitéiten nozegoen. Mënscherechtsorganisatioune sinn besuergt.

De Selahattin Demirtas, 44 Joer Jonk war mat enger Dosen anerer Deputéierter vun der HDP (Demokratesch Vollekspartei) de 4. November 2016 verhaft ginn. Arrestatiounen déi am Kader vun der Säuberung, déi nom gescheiterte Putsch am Juli 2016, stattfonnt hunn.

De Politiker gëtt beschëllegt eng „terroristesch Organisatioun“ ze leeden, „terroristesch Propaganda“ ze verbreeden an „zu kriminellen Doten opzeruffen“. Sollt den Selahattin Demirtas schëlleg geschwat ginn, esou riskéiert hien eng Strof vu bis zu 142 Joer Prisong.

Déi éischt Audienz vum Prozess ass am Prisong-Komplex vu Sincan bei Ankara ofgehale ginn. De Beschëllegte selwer war net op der Plaz. D‘Geriicht hat ugeuerdent, datt de Selahattin Demirtas via Videokonferenz aus dem Prisong vun Edirne sollt erscheinen. Enger Mesure där sech de Politiker net wollt ënnerwerfen, esou de Riichter.

Demirtas

Virum Prisong vu Sincan bei Ankara hunn sech honnerte Supporter vum Selahattin Demirtas versammelt. Si wëllen däitlech maachen, datt et hei ëm e politesche Schauprozess geet, mam erkläerten Zil d‘HDP ze diskreditéieren. © Adem Altan/AFP

D‘Affekote vum Ugekloten hunn sämtlech Beschëllegunge viru Geriicht zréckgewisen. Si hunn drop verwisen, datt hire Client sech ausschliisslech politeschen Aktivitéite gewidmet huet, déi all am legale Kader stattfonnt hunn.

Si hunn dann och vum Geriicht gefuerdert de Beschëllegten op fräie Fouss ze setzen an d‘Uklo falen ze loossen. Deem ass d‘Geriicht net nokomm an huet drop bestanen de Selahattin Demirtas weider an Haft ze behalen. Déi nächst Audienz ass op de 14. Februar geluecht ginn.

„Ech sinn agespaart ginn, mam Virwand ech géif mech der Justiz entzéien. Mee säit 13 Méint ass et d‘Justiz déi sech mir entzitt“, esou de Selahattin Demirtas no der Audienz. E Message deen aus sengem noen Ëmfeld op sengem Twitter-Account verëffentlecht ginn ass.

Eng politesch motivéiert Justiz-Farce?

Déi tierkesch Autoritéite beschëllegen d‘HDP „déi politesch Vitrine“ vun der kurdescher Aarbechterpartei (PKK) ze sinn. Eng Organisatioun, déi als „terroristesch“ vun Ankara an sengen Alliéierte klasséiert ass.

D‘HDP huet ëmmer erëm déi Virwërf vu sech gewisen. Si stellt fest, datt si als Oppositiounspartei, déi ganz onverhuel géint de President Erdogan optrëtt, der Muecht am Wee steet. Beim Prozess géint de Selahattin Demirtas, géif et eenzeg an eleng dorëms goen, d‘Partei politesch ze diskreditéieren.

Honnerte Mënschen haten sech dann och virum Prisong afonnt, an hunn esou dem Politiker hir Ënnerstëtzung bescheinegt. „Dat eenzegt Verbriechen, dat se dem Demirtas kënne virwerfen, ass seng Oppositioun zum Erdogan“, esou eng Manifestantin.

Ausser den Affekoten, hunn eng weider ronn honnert Persounen un der Audienz deel geholl. Net zougelooss ware Vertrieder vun auslännesche Missiounen, esou d‘Informatioun vun enger diplomatescher Quell.

Zum aktuellen Zäitpunkt sinn néng Deputéiert vun der HDP am Prisong. Fënnef vu sengen 59 am November 2015 gewielten Deputéierten hunn hiert Mandat entzu kritt. Dorënner och d‘Co-Presidentin Figen Yüksekdag, déi och ënner Uklo steet an agespaart ginn ass.

D‘Verhaftung vun den HDP-Deputéierte war méiglech ginn, wéi am Mee 2016 déi parlamentaresch Immunitéit – fir Politiker déi vun der Justiz verfollegt ginn – opgehuewe ginn ass. Eng Moossnam, déi vun der HDP als eenzeg an eleng politesch motivéiert duergestallt gëtt.

Enger lästeger Oppositioun lass ginn

Bei genauer Betruechtung, fält et engem dann och schwéier net vun engem reng politesch motivéierte Prozess auszegoen. „De Virgank géint den Selahattin Demirtas ass esou däitlech orchestréiert, datt et hei ganz offensichtlech drëms geet déi parlamentaresch Oppositioun ze sabotéieren“, esou den Hugh Williamson vun Human Rights Watch.

De Prozess deen um Donneschdeg ugefaangen huet, dréit iwwer 31 Dossieren déi vun der Justiz zesummegefouert goufen. Et ass dann och am Kader vun dësem Prozess, wou den Selahattin Demirtas an Untersuchungshaft geholl ginn ass. Dat sinn ewell 400 Deeg hir.

Zanter datt de kurdesche Politiker verhaft ginn ass, an géint hien eng honnert Prozeduren opgemaach goufen, war et dem Selahattin Demirtas bis ewell net méiglech virun engem Geriicht opzetrieden oder auszesoen.

D‘HDP huet dann och am November e Bréif denoncéiert, dee vum Justizministère un all d‘Geriichter – déi aktuell eng „Prozedur“ géint de Politiker „um lafen“ hunn – gaangen ass. An dësem Schreiwes géifen d‘Riichter opgefuerdert, net zouzeloossen, datt de Beschëllegten sech bei hinne physesch virstellt.

An d‘Rechnung schéngt dann och fir Ankara opzegoen. Mam Selahattin Demirtas am Prisong, verléiert d‘HDP ee vun hire Favoritten ugesicht de wichtege Kommunal-, Legislativ- a Presidentewahlen 2019.

De Selahattin Demirtas, ausgebilten Affekot an als „kurdeschen Obama“ bezeechent, hat d‘HDP zu enger moderner lénker Formatioun ëmgekrempelt. Mat him ass d‘HDP progressistesch ginn an huet wäit iwwer de kurdesche Spektrum eraus, d‘Wieler ugezunn.

Erënnere mer dann nach drun, datt d‘HDP bei de Legislative vum Juni 2015, net manner wéi 80 Mandater fir sech konnt erreechen. Si hat domatter der AKP (Partei fir Justiz an Entwécklung) déi absolut Majoritéit ofgeholl.

Dat hat zu Ankara kee gutt fonnt a béi erzwongenen Neiwahlen am November 2015, nodeems d‘HDP dann 21 Sëtzer verluer hat, an de Recep Tayyip Erdogan nees de volle Pouvoir sécher hat, ass sech dem politesche Géigner och „juristesch“ ugeholl gin

mam Luana Sarmini-Buonaccorsi/AFP

Archiv-Foto: Hei de Selahattin Demirtas bei engem Interview am Juli 2016 zu Ankara. Dem Politiker ginn terroristesch Aktivitéite virgeworf. © Adem Altan/AFP

Ähnlech Sujeten HDP, Human Rights Watch, Selahattin Demirtas, Tierkei
Nächsten Artikel Virrechten Artikel