Am Déngscht vum Bierger
Um Donneschdegowend war op der Gemeng zu Schëffleng eppes méi
Zënter e Samschdeg ass d’Luxembourg Air Rescue (LAR), op Ufro
Am Kader vun der trilateraler Zesummenaarbecht an am Kontext vun der Verdeedegung tëscht dem Portugal, dem Cap Vert a Lëtzebuerg, huet eis Regierung der kapverdianescher Arméi militärescht Material geliwwert.
De 6. a 7. August 2018, haten d‘Verdeedegungsminister vun dësen dräi Länner eng gemeinsam Deklaratioun ënnerschriwwen, mam Zil dem Cap Vert ze hëllefen seng maritim Ofwier besser opzestellen. Dofir ass militärescht Material un déi kapverdianesch Strukture geliwwert ginn, an zousätzlech sollen och Zaldoten ausgebilt ginn.
Am Dezember dunn, hat de Verdeedegungsminister, François Bausch (déi gréng), eng Konventioun zur Zesummenaarbecht an de bilaterale Finanzement, mat sengem kapverdianesche Kolleg, Luis Felipe Lopes Tavares, ënnerschriwwen. Heiranner gouf den Ëmfang vun dëser Zesummenaarbecht festgeluecht. Dës Moossnam beräichert d‘Bezéiungen tëscht béide Länner.
Déi Lëtzebuerger Arméi huet an dësem Kontext der kapverdianescher Küstewaach véier Transport-Gefierer, 35 Gewierer a 35 Sécherheetsvesten iwwerginn. Dëst Equipement entsprécht deene vum Cap Vert definéierte Spezifikatiounen. Den Transport vum Material huet déi portugisesch Arméi iwwerholl, déi vum Marinestëtzpunkt Lissabon aus, alles weidergeleet huet.
Ofgesi vun der kapazitiver Ënnerstëtzung, stellt d‘Formatioun vu kapverdianeschen Zaldoten eng Prioritéit duer. Esou goufen am Januar ee kapverdianesch Leutnant – dee Peloton-Chef vun enger neier Eenheet vun der Küstewaach gëtt – an e Sergant am Schéissen ausgebilt.
mam SIP