Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Bosnien-Herzegowina huet seng éischt Gay-Pride ënner Protest iwwerstanen
Kultur Neiegkeeten

Bosnien-Herzegowina huet seng éischt Gay-Pride ënner Protest iwwerstanen

Iwwer 1.000 Mënschen haten sech der éischter Gay-Pride vum Land

François Bausch: Dat ass net seng Iddi vun Europa!
Kultur Neiegkeeten

François Bausch: Dat ass net seng Iddi vun Europa!

Gëschter huet de Verdeedegungsminister François Bausch a senger Verdeedegungsformatioun um

GMO-Bëbeeën: d‘WHO stellt eng Studiegrupp zesummen
Kultur Neiegkeeten

GMO-Bëbeeën: d‘WHO stellt eng Studiegrupp zesummen

E Méindeg huet d‘Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) bekannt ginn, datt si e

Rock aus Lëtzebuerg: KWAÏDAN presentéiert seng éischt Single!

Rock aus Lëtzebuerg: KWAÏDAN presentéiert seng éischt Single!

Dierfe mir virstellen: KWAÏDAN ass de jéngste musikalesche Bijou aus a fir Lëtzebuerg. Mat progressivem modernem Rock a melodesche frësche Kläng suergt den Trio fir neie Schwong an der Zeen.

Da sëtzt een un engem Freideg Nomëtteg am Büro, kritt nach kuerz viru Feierowend eng lescht Mail eran déi mam Betreff „Neie Rock-Trio KWAÏDAN“ meng ganz Opmierksamkeet unzitt a scho bleift ee gäre méi laang virum Bildschierm sëtzen, fir sech d’Lidd „Mother“ ëmmer an ëmmer erëm unzelauschteren. Plëtzlech war d’Band do a scho wëll een einfach méi – an dëse „méi“ gouf glécklecherweis och schonn ugekënnegt.

Elo awer emol vu vir. Wärend de Grupp KWAÏDAN seriéis Intentiounen huet a Fouss um professionelle Buedem faasse well, beschreiwe sech déi dräi Rocker als zesummegeschweesst Ekipp, eng musikalesch Famill kann een et schonn nennen, déi mat Humor a Begeeschterung un d’Wierk geet. Fir si ass dat den ideale Wee, fir déi noutwenneg Stabilitéit opzebréngen.

Eng Band virzestellen, ouni méi genee op seng Memberen anzegoen, wier natierlech och just eppes Hallwes. Den Trio KWAÏDAN besteet aus dem Claude Fridrici, dee fir de Gesang an d’Gittarriffs zoustänneg ass, dobäi och schonn Erfarung op der Bühn matbréngt. Op der Batterie dierfe mir de Maxime Dumont virstellen, deen net nëmmen duerch d’Verfollegen vun anere Rock- a Metalgruppen, mee och déi aktiv Participatioun a verschidde Formatiounen, e puer rockeg Joer um Bockel huet. Zu gudder Lescht ass do nach de Vincent Cadorel, deen d’Band um Bass an als Leadsänger ënnerstëtzt. Ma, säin Talent am Tounstudio beim Ophuele, Mixen a Masteren kënnt der Band ze Gutts.

KWAÏDAN

Mat der éischter Single „Mother“ ass de musikalesche Kuch schliisslech ugeschnidde ginn. Enn des Mounts – um 28. August 2020 – dierf dann dat zweet Stéck probéiert ginn. D’Lidd „Tearing Myself“ erweist sech als düster, mat engem Refrain, dee wuel kengem méi aus dem Kapp goe wäert. D’Virfreed wiisst!

Fir den 18. September ass ugekënnegt, datt d’EP „Secret Paradise“ mat senge 5 musikalesche Wierker verëffentlecht gëtt, wouduerch all Rock-Fan wuel e puer nei Lidder a seng Playlist bäifügen dierf. Ma, mir si gespaant an hoffen, no der Pandemie endlech op e Concert vun der neier Band goen ze kënnen.

KWAÏDAN fannt Dir och op Facebook, Instagram a YouTube.

Ähnlech Sujeten Band, Claude Fridrici, Concert, KWAÏDAN, Maxime Dumont, Mother, Musék, Progressiv, Rock, Secret Paradise, Single, Vincent Cadorel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel