Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Stauséi-Gemeng huet en neie Schäffen!
International Neiegkeeten

D’Stauséi-Gemeng huet en neie Schäffen!

No der ministerieller Veruerdnung vum 30. Juni 2020 ass de

EU a Mercosur-Länner eenege sech op Handelsvertrag
International Neiegkeeten

EU a Mercosur-Länner eenege sech op Handelsvertrag

D’Verhandlungen zum Ofkommes tëschent der EU an de Mercosur-Länner, dat

TDF: Italien am Gléck, de Froome a Giel
International Neiegkeeten

TDF: Italien am Gléck, de Froome a Giel

Mat der Arrivée vun der 5. Etapp huet sech d‘Hierarchie

Laache géint d’Angscht: Wéi dëse syresche Papp säi Meedche berouegt

Laache géint d’Angscht: Wéi dëse syresche Papp säi Meedche berouegt

Wärend dobaussen d’Bommen explodéieren, setzt ee Papp mat sengem Meedche bannen a laacht aus vollem Häerzen. Gelaacht gëtt géint d’Angscht virum Krich, géint déi iwwerflësseg Aggressiounen an fir eng glécklech Kandheet, esou wäit dat mat alldeegleche Loftugrëff méiglech ass.

„Ass dat ee Fliger oder eng Bomm?“, freet den Abdullah säi klengt Meedchen. D’Salwa tippt op eng Bomm, a wa se aschléit, da gëtt gelaacht. Mat dësem einfache Spill erhofft de virsuergleche Papp säi Léifst virun engem Krichstrauma ze schützen, et ze berouegen, wann Angscht d’Iwwerhand hëlt.

D’Famill vum Abdullah wunnt am emkämpfte Gebitt Idlib, no un der tierkesch Grenz. Loftugrëff an Explosioune gehéieren zum trauregen Alldag. Déi bescht Medezin fir d’Séil ass wuel bekanntlech nach ëmmer d’Laachen, an dat behäerzegt dësen opmierksame Papp. „Et gouf vill bombardéiert. D’Kanner leiden opgrond vun de Bommenuschléi ënnert psychesche Problemer an Nervenzesummebréch“, erkläert hien.

D’Iddi koum him iwwregens beim islameschen Afferfest, och Eid ul-Adha genannt. Wärend zum Fest Knupperten a Rakéite gezünt gi sinn, ass fir d’Salwa d’Geknupps an Tréinen ausgaangen. De Papp ass mam Meedchen op d’Terrasse gaangen, huet et an den Aarm geholl an ëm erkläert, datt ee keng Angscht sollt hunn, mee vu Freed Laache misst.

Méi wéi 3 Millioune Mënsche liewen an der syrescher Provënz Idlib. De Vereenten Natiounen no sinn säit Dezember ëm 900.000 Mënschen deplacéiert ginn.

Ähnlech Sujeten Abdullah, Bommen, Eid ul-Adha, Idlib, Krich, Laachen géint d'Angscht, Syrien, Trauma
Nächsten Artikel Virrechten Artikel