Search

You may also like

Krunnewaasser am Restaurant
Auto Money Neiegkeeten

Krunnewaasser am Restaurant

Virun déck engem Joer hat d‘Associatioun „Refill Lëtzebuerg“, vertrueden duerch

Gitt dem Virus keng Chance
Auto Money Neiegkeeten

Gitt dem Virus keng Chance

Um Donneschdeg hunn d‘Gesondheetsministesch an de Premierminister sech zur 2.

taxx.lu – Esou ass d’Steiererklärung easy gemaach
Auto Money Neiegkeeten

taxx.lu – Esou ass d’Steiererklärung easy gemaach

Esou einfach a schnell war d’Steiererklärung nach ni erleedegt. Mam

money

Laang Gesiichter an der Automobilsbranche

Laang Gesiichter an der Automobilsbranche

Obwuel et net un interessanten Offerte feelt, affichéiert de Lëtzebuerger Automobilsecteur fir den Oktober eng zolidd Baisse vun iwwer 18%. Géintiwwer dem September, wou d‘Venten nees gutt ugezunn haten (+23%) op en Neits ee Réckschlag fir eng Branche, an där am Land dausende Leit hiert Brout verdéngen.

2020 ass ee schlecht Joer fir Händler am Land an esou wéi et ausgesäit, kann een dat getréischt ofhaken. Leedeglech am Januar (viru Covid19), dunn am Juli (nom Etat de Kris) an am September hunn déi nei Immatrikulatiounen am grénge Beräich geleeën. Vergläicht een déi vun der SNCA zur Verfügung gestallten Zuelen, kann een de Verdross vun de Vendeuren zimmlech gutt verstoen.

Esou waren et 2019 op den éischten zéng Méint nach 47.929 Immatrikulatiounen, géintiwwer elo fir déi éischt zéng Méint vun 2020, et der grad emol 38.026 sinn. Datt entsprécht enger Baisse vu ronn 21% an et ass u sech esouguer relativ einfach sech ee Bild vum Verloscht ze maachen. Wa gewosst ass, datt de Lëtzebuerger am Schnëtt bis zu 30.000 Euro fir säin Auto bezilt, sinn et Milliounen.

Dat war net ëmmer esou. Lëtzebuerg huet och Jore mat iwwer 50.000 Immatrikulatioune/Joer kannt an et sollt een dovunner ausgoen, datt ee gudde Geschäftsmann Récklage fir déi moer Joer gemaach huet. Trotzdeem dierft et Marke ginn, déi hir Aktivitéiten iwwert d‘Concessionnaire méi effizient gestalte wëllen. Un de Virléifte vun de Clienten huet sech dogéint nach näischt verännert.

Et ginn ëmmer nach d‘Marke vum VAG-Konzern (VW, Audi, Skoda a Seat) bevirzucht, da komme Mercedes a BMW. Bei de Fransouse läit Renault viru Peugeot a Citroen. D‘Vente vun e-Autoe gëtt wuel besser, ass awer nach wäit vun deem ewech, wat sech d‘Politik vun dëser Mobilitéitsoffer erwaart. Zudeem besteet och eppes Onsécherheet, bezunn op d‘Accisenerhéijung an CO²-Steier.

Illustratioun: © Raban Haajk / unsplash

Related topics Auto, Automobilsbranche, Garagisten, Immatrikulatiounen, Kris
Next post Previous post