Search

You may also like

De Claude Meisch erkläert NEET de Krich
Neiegkeeten

De Claude Meisch erkläert NEET de Krich

Den Educatiounsminister Claude Meisch (DP) huet den Dënschden d’Resultater vun

Formatiounszentere fir d‘Chauffeuren si mindestens bis den 19. Abrëll zou
Neiegkeeten

Formatiounszentere fir d‘Chauffeuren si mindestens bis den 19. Abrëll zou

Fir all Risk vu Verbreedung vum Coronavirus Covid19 ze vermeiden,

Brasilien betrëtt eng nei Ära
Neiegkeeten

Brasilien betrëtt eng nei Ära

Wa sech Rio de Janeiro zum Joreswiessel vu senger entspaanter

Labour Day zu Lëtzebuerg: „E gudden Dag fir e Bléck an d‘Zukunft“

Labour Day zu Lëtzebuerg: „E gudden Dag fir e Bléck an d‘Zukunft“

Den amerikanesche „Labour Day“ – datt ass eppes wéi eisen 1. Mee – ass den Dag wou sech d‘Vertrieder vu Politik an Zivilgesellschaft um Kierfecht zu Hamm Rendez-vous ginn, fir den amerikaneschen Zaldoten ze gedenken, déi hiert Liewe fir eis Fräiheet geaffert hunn.

Elo sinn awer zu Lëtzebuerg de 14. Oktober Chamberwahlen, an esou hunn den OGBL an de Landesverband (FNCTTFEL) d‘Geleeënheet genotzt, fir de Parteie matzedeelen, datt e sech virgeholl huet, déi verschidde Wahlprogrammer ganz genee ze analyséieren. Verständlech, ëmmerhi mussen d‘Gewerkschaften no de Walen, mat de Parteie vun der Koalitioun verhandelen.

Richteg ass, datt keng vu béide Gewerkschafte bis ewell eng „Empfeelung“ vir d‘Chamberwahlen zum Ausdrock bruecht huet. Fir de Nico Wennmacher (FNCTTFEL) steet awer fest, datt all Partei déi net gewëllt ass sech fir eng 10% Erhéijung vum Mindestloun asetzt, och net vu Wuesstem schwätze sollt. Den André Roeltgen (OGBL) huet seng Fuerderungen nees op den Dësch geluecht.

Den OGBL-President, hält u senge Revendicatioune fest an ass gewëllt, sech deene Parteien an de Wee ze stellen, déi dës net eescht huelen. Empfeelungen erhalen esou (nëmmen) déi Parteien, déi sech net eleng fir eng Erhéijung vum Mindestloun, mee generell fir besser Salairen asetzen, sozial Ongerechtegkeeten ofbauen, um Pensiounssystem festhalen an d‘Privatiséierung begrenzen.

Gefuerdert ginn zudeem „reell“ Zukunftsperspektiven, och a besonnesch am Verbond mat den Erausfuerderungen déi den digitalen Zäitalter mat sech bréngt. Et misst e Wuesstem an d‘Ae gefaasst ginn, deen d‘Imperative vun enger nohalteger Entwécklung respektéiert. Dofir wäerte vill Investissementer noutwenneg sinn, wëll de Klimawandel och en Impakt op d‘Liewensqualitéit huet.

mam Laure Schlesser

Related topics Chamberwahlen 2018, FNCTTFEL, Labour Day, OGBL
Next post Previous post