Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Loscht op Kino?
International Meenung Neiegkeeten

Loscht op Kino?

Wann d‘Wieder iwwert de Weekend eigentlech de Bedreiwer vun de

Ellergronn: Et soll een d‘Eise schmidden esou laang wei et gliddeg ass
International Meenung Neiegkeeten

Ellergronn: Et soll een d‘Eise schmidden esou laang wei et gliddeg ass

Loscht eppes iwwert de Beruff vum Schmadd ze léieren? Eventuell

Andalusien: déi Rietsextrem erueweren d‘Regionalparlament
International Meenung Neiegkeeten

Andalusien: déi Rietsextrem erueweren d‘Regionalparlament

Eng kleng rietsextrem Partei, d‘VOX, huet e Sonndeg seng Entrée

Labour vollzitt den ideologesche Wiessel (kommentéiert)

Labour vollzitt den ideologesche Wiessel (kommentéiert)

Den eppes „stramm lénke Kurs“ vum Jeremy Corbyn, huet de britesche Sozialisten net gutt gedoen. Op National- oder Europawahlen, dem konsequent populisteschen a verlugenen Discours vun den Tories, UKIP, an sonstege „Brexiteers“ konnt Labour näischt aneres entgéint setze wéi Fakten a vernënfteg Argumenter. Et ass net méi dat wat d‘Mënschen héiere wëllen, déi d‘Zäite sinn dout…

Wann elo eigentlech schon d‘Wahlnéierlag bei den EU-Wahle Grond genuch gewiescht wier, sech zréckzezéien, esou huet den Jeremy Corbyn, no de méi oder wéineger selwer gefuerderten Neiwahlen, bei deenen d‘Muecht vum Boris „King of the World“ Johnson vun de Wieler maximal bestätegt, et dann agesinn a seng Presidence zur Verfügung gestallt. Elo huet d‘Basis entscheet.

Labour

Den neie Chef vu Labour ass de „sozial-liberal“ ausgeriichte Keir Starmer. De 57 järegen Affekot, dee mat 56,2% vun de Stëmmen, wéi hie selwer seet „de Privileg vu mengem Liewen“ zougestane krut huet de lénke Fligel vun der Partei op d‘Plaz gesat. Säi Job wier et elo, der Aarbechter-Partei nees Selbstvertrauen an Hoffnung ze ginn. Aarbechter allerdéngs gëtt et och bei Labour keng méi…

Et ass e bëssi esou wéi mat der LSAP zu Lëtzebuerg, wou den Aarbechter „an der Partei“ och nach just als „Bezeechnung“ matgedroe gëtt. Zur Verantwortung gereecht et dëse vläicht nach um Niveau vun de Sektiounen, un der Spëtzt huet sech bei de Sozialisten eng intellektuell Elite breet gemaach déi, déi beschtefalls nach dann an de Schweess geroden, wa se vum Fitness-Coach gestriizt ginn.

Wann et richteg ass, datt dem Jeremy Corbyn a sengem „Fligel“ Antisemitismus virgeworf gouf, da gëtt aus gudde Grënn gären de politeschen Hannergrond verschwigen. D‘Mënsche liewen haut an hiren eegene Welten an datt et do schonn en ënnerscheet gëtt op e Kritik un der israelescher Politik a Regierung üübt, oder op ee Judden net leide kann, iwwerfuerdert déi allermeeschten.

LabourFir de Covid19-geschiedegte Premierminister Boris Johnson, dee seng Leit zu Vernonft a Verstand am Kampf géint de Coronavirus opgeruff hat, selwer infizéiert ass an mat senger Politik zumindest mat um Dout vun dausende Mënsche Schold huet, ass de Keir Starmer eng onerwaarte Kaddo. Gutt, si wäerten sech wuel an der Ëffentlechkeet streiden, mee et gëtt sech net méi ofgegrenzt.

Datt de Keir Starmer als Brexit-Expert am Team Corbyn sech zu Europa bekannt huet, gehéiert elo der Vergaangenheet hunn. Zudeem gëtt et aktuell e gréissere Problem, deen de Boris Johnson esou ouni d‘Zesummenaarbecht mat der Oppositioun net ze léisen amstand ass. Mat deem „Neien“ sollt zumindest eng temporär Kooperatioun méiglech sinn. Eng éischt Entrevue ass scho virgesinn…

vum Sarah Kleeblatt, EIC IM-Lon

Ähnlech Sujeten Boris Johnson, Groussbritannien, Keir Starmer, Labour, Sozialisten
Nächsten Artikel Virrechten Artikel