Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Se sinn nach do!
dating booking ticket Sport

from dating to relationship

Eigentlech wollte mir de Moien erwächen an de Feierdag notze

https://moien.lu/dodger-and-jesse-dating/
dating booking ticket Sport

Bettel/Medvedev: Den Dialog vun der Frëndschaft

Et war den éischte Besuch vun engem russesche Premier zu

Tacheles: d’CGFP iwwert de Koalitiounsaccord
dating booking ticket Sport

Tacheles: d’CGFP iwwert de Koalitiounsaccord

D’Wierfele sinn also gefall: Lëtzebuerg huet gewielt, a säit wéinegen

Lacrosse: Blacksmiths setzen sech mat 11:5 géint Griffins duerch

D'Lëtzebuerger komme gutt aus der Wanterpaus

Lacrosse: Blacksmiths setzen sech mat 11:5 géint Griffins duerch

Leschte Weekend op Buergsonndeg hunn déi Lëtzebuerger Blacksmiths sech mat 11:5 zu Léck géint d’Griffins duerchgesat. De Start an d’Réckronn ass soumat positiv verlaf a mat dräi Victoiren aus fënnef Matcher peilt een déi iewescht Hallschent vun der Tabell un. Dobäi haten d’Lëtzebuerger eng Rei nei Spiller op hirer Säit ze verzeechnen.

Mat midde Been an dräi kuerzfristegen Ausfäll sinn d’Blacksmiths d’Rees bis op Léck ugetrueden. Et war en intensiven Trainingsofschloss vun der Wanterpaus mat engem Trainingscamp de ganze Samschden. Ma véier Spiller konnten direkt hiren éischte Match absolvéieren: de Zac Mathews, Stuart Kenny, Clayton Reed a Patrick Matos. Den Trainer Henning Schmidt weist sech erfreet iwwer déi nei Memberen an der Equipe: „Mir si frou, datt si bei eis sinn. Et mécht richteg Spaass, si ze trainéieren a mat hinnen ze spillen.“ Et wier schéin ze gesinn, datt mam Patrick Matos e weidere Spiller an d’Equipe koum, deen dëse Sport am Lycée Guillaume Kroll kennegeléiert huet, an deem de Veräin zanter engem Joer Nowuessaarbecht leescht, esou den Henning Schmidt weider.

Griffins mat limitéiertem Kader – Blacksmiths schéckt Spiller eriwwer

Trotz den Ausfäll vum Mëttelfeld-Motor Oliver Griebel (Hand gebrach) souwéi Alessandro Salvia a Kim Giovagnoli haten d’Blacksmiths en zolitte Kader opweises. Dëst war fir d’Griffins – mat nëmmen 8 Leit ugereest – net de Fall. Zur Erënnerung: am Lacrosse sti pro Equipe normalerweis 10 Spiller um Terrain. Soumat si vu Lëtzebuerger Säit Spiller bei de Géigner eriwwer gaangen, fir datt béid Equippe mat 10 Leit spille konnten.

De Match war duerch Physis a Vitess gepräägt, ma den Darius „Scusi“ Seuchter huet no enger knapper Minutt den 1:0 fir d’Blacksmiths markéiert. En dominanten Optrëtt vum Zac Mathews bei de Face-Offs an een op en Neits gutt opgeluechte Golkipp Konstantin Brillen (insgesamt 17 Schëss ofgewiert) hunn ënner anerem dofir gesuergt, datt et no enger gudder halwer Stonn 8:0 stoung. Och de Patrick Barbier huet a sengem éischte Match no sengem eejäregen Intermezzo a Japan gewisen, wéi wichteg hie fir d’Offensiv ass an zwee Goler bäigesteiert.

No där Phas hunn d’Griffins sech e wéineg erkritt an hu gewisen, wat si an der Hironn ausgezeechent huet: e staarkt Offensiv-Spill. Mat 9:4 fir d’Blacksmiths ass et dunn an dee leschte Véierel gaangen. An dësem hu béid Equippen op engem Bullisfeld e Gang zeréckgeschalt. De Schlusspunkt huet den Andrew Robillard mat sengem drëtte Gol dëse Match gesat a fir d’Endresultat 11:5 gesuergt. D’Revanche war soumat gegléckt. An der Hironn hunn d’Blacksmiths sech nach misste mat 8:12 geschloe ginn.

Fir d’Blacksmiths geet et den 29. Mäerz zu Antwerpen géint d’Armadillos weider.

Blacksmiths

Esou ka Fair Play ausgesinn: Fir datt de Géigner net an Ënnerzuel spille muss, si Spiller vun de Blacksmiths bis eriwwer gaangen. © Lëtzebuerg Lacrosse

Tournoi zu Kaiserslautern fir d’Nationalequipe

Virdrun hëlt d’Nationalequipe nach un enger Rei Testmatcher zu Kaiserslautern deel. De Weekend vum 20. bis den 22. Mäerz spillt déi Lëtzebuerger Delegatioun am Kader vun der EM-Virbereedung dëse Summer a Polen géint Holland, Belsch an Däitschland. Laut dem Trainer Schmidt wier dëst eng gutt Geleeënheet ze kucken, wou d’Equipe drun ass.

D’Europameeschterschaft ass vum 23. Juli bis den 1. August 2020. Lëtzebuerg trëfft an der Grupp H op Holland a Schweden.

Lacrosse

D’Europameeschterschaft vum Lacrosse fënnt vum 23. Juli bis den 1. August 2020 zu Breslau statt

De Fokus vum Luxembourg Lacrosse Club läit och dës Saison nach ëmmer am Rekrutement vun neie Spiller, der Fërderung vum Sport an dem Opbau vun enger Fraen- a Jugendekipp. Zesumme mam Martina McPherson, Coach vun der Fraen- a Jugendekipp, sou wéi dem Henning Schmidt, Coach vun der Männer- a Jugendekipp hofft een op weider grouss Erfolleger an eng opreegend Zäit fir déi verschidden Teams.

Trainéiert gëtt iwwregens 4 Mol an der Woch:

  • Méindes um 19:30 ass Fraentraining zu Weimerskirch
  • Donneschdes um 19:30 Auer ass Männertraining zu Weimerskirch
  • Freides um 18:30 Auer gëtt zu Zéisseng d’Jugendekipp trainéiert (Umeldung ënnert schmidt@lacrosse.lu)
  • Freides um 19:30 Auer fënnt den Training fir Männer a Fraen zu Zéisseng statt

Weider Informatiounen ginn et ënnert www.lacrosse.lu.

Opmaacherfoto: iewescht Rei v.l.n.r.: Zac Mathews, Richie Jegen, Andrew Robillard, Cory Forbes, Hugo Coelho, Konstantin Brillen, Patrick Matos, Stuart Kenny. Ënnescht Rei v.l.n.r.: Joshua Spautz, Pit Bingen, Johannes Kirch, Yves Audrimont, Clayton Reed, Patrick Barbier, Nirav Haria, Darius Seuchter. © Lëtzebuerg Lacrosse

Ähnlech Sujeten Blacksmiths, Henning Schmidt, Lacrosse, Lëtzebuerg Lacrosse, Lycée Guillaume Kroll
Nächsten Artikel Virrechten Artikel