Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

USA verhänke Sanktioune géint d‘Gesiicht vum Regime
Neiegkeeten Sport

USA verhänke Sanktioune géint d‘Gesiicht vum Regime

Laut dem US-Ausseminister Mike Pompeo, ass den Dschawad Sarif d‘Gesicht

Wéi soll Bréissel mam BoJo sengem Virschlag ëmgoen?
Neiegkeeten Sport

Wéi soll Bréissel mam BoJo sengem Virschlag ëmgoen?

Fir den Ament ass just gewosst, datt dem Boris Johnson

Beaufort Knights: Net nëmmen eng weider Victoire gouf gefeiert!
Neiegkeeten Sport

Beaufort Knights: Net nëmmen eng weider Victoire gouf gefeiert!

No der phenomenaler 10-4 Victoire vun de Beaufort Knights géint

Lacrosse: Op d’Europameeschterschaft 2020 mat enger neier Cheftrainerin

Lacrosse: Op d’Europameeschterschaft 2020 mat enger neier Cheftrainerin

Voller Freed deelt d’Lëtzebuerger Lacrosse-Nationalekipp vun den Hären elo mat, datt si vum 23. Juli bis den 1. August 2020 zu Breslau (Polen) un der Europameeschterschaft deelhuele wäerten. Ënnert 29 Länner wäert soumat och de Groussherzogtum untrieden an ëm den Titel kämpfen.

Frësch mat dobäi ass déi nei Cheftrainerin Maiah Bartlett aus Frankfurt, déi d’Ekipp a säin zweet internationaalt Turnéier begleede wäert. Domadder trëtt si d’Nofolleg vum Cheftrainer Bruce Casagrande un, deen de klengen, mee wuessende Sport zu Lëtzebuerg immens gepräägt huet. Hien huet nämlech mat fir d’Aféierung vum Jugendlacrosse a verschiddene Schoule vum Land gesuergt. Dobäi kënnt, datt den Casagrande d’Nationalekipp zur erfollegräicher Participatioun um internationalen Turnéier zu Prag am Juli 2019 geleet huet. Hei konnten d’Lëtzebuerger sech iwwregens géint déi dësjäreg Organisateure vun der Europameeschterschaft duerchsetzen.

Lacrosse

Déi nei Cheftrainerin Maiah Bartlett© Shutterlax

Nieft dem Trainer huet sech awer och de Co-Trainer Peter Graham aus den USA dozou entscheet, fir aus perséinleche Grënn zeréckzetrieden. Hien hat déi éischt Lëtzebuerger Schoulekipp am Turnéier zu Machelen begleet, wou si d’Coupe an een neie Rekord mat Heem huelen duerften.

De Lëtzebuerger Lacrosse-President Pit Bingen erkläert: „ Villmools, villmools Merci un si zwee: Si sinn bei eis komm, wou mir Hëllef gebraucht hunn a si hunn dozou bäigedroen, d’Ekipp un eng Positioun ze bréngen, an där mir bereet sinn bei der EM deelzehuelen. Mir freeën eis elo drop, datt d’Trainerin Maiah déi nei Erausfuerderung unhëlt an d’Ekipp a senger bis ewell gréisster Erausfuerderung féiert.“

Lacrosse

D’Europameeschterschaft vum Lacrosse fënnt vum 23. Juli bis den 1. August 2020 zu Breslau statt

De Manager Henning Schmidt huet an dësem Kader ervir gehuewen, datt ee bis zum Juli nach ee gudde Strapp schaffe muss fir seng Ziler ze erreechen. De Bruce an de Peter haten ee groussen Afloss op d’Ekipp, dofir gi si weiderhin als Frënn vun der Ekipp a Fans bei all Spill gezielt.

An den nächste 7 Méint ass et elo um Maiah fir d’Ekipp ze fërderen, ze stäerken an ze ënnerstëtzen. Zënter 2017 ass si d’Cheftrainerin vun der Härenekipp vum SC Frankfurt 1880 Lacrosse a wäert dës Tâche och weiderhi parallel zur Aarbecht mat de Lëtzebuerger Spiller weiderféieren. De finale Kader gëtt am fréie Summer 2020 ausgewielt.

Sportbegeeschtert Persounen an interesséiert Spiller, déi Lacrosse léiere wëllen a vläicht souguer bei der Meeschterschaft matgoe wëllen, sollen sech beim Teammanager Henning Schmidt (schmidt@lacrosse.lu) mellen.

Opmaacherbild: D’Lëtzebuerger Nationalekipp vun den Hären mat der neier Cheftrainerin Maiah Bartlett © Shutterlax

Ähnlech Sujeten Beweegung, Blacksmiths, Breslau, Europameeschterschaft, Henning Schmidt, Lëtzebuerg Lacrosse, Maiah Bartlett, Pit Bingen, Polen, Training
Nächsten Artikel Virrechten Artikel