Den Iran huet kee Gespréichsbedarf mat den USA
Den iraneschen Ausseminister, Mohammad Javad Zarif, huet e Samschdeg eng
Den iraneschen Ausseminister, Mohammad Javad Zarif, huet e Samschdeg eng
Um Weekend vum 6. a 7. Oktober hunn déi weiblech Tattoo Artiste bei der Ladies Tattoo Convention mat hirem Talent iwwerzeegt a puer dausend Leit an Luxexpo – The Box gelackt. Bal 150 Kënschtler hunn mat verschiddene Stiler den Tattoo-Begeeschterte Faarw ënnert d’Haut bruecht.
Et war déi zweet Editioun vun der Convention, wou just weiblech Artisten tätowéieren duerften. Trotzdeem huet d’Event puer dausend Leit ugezunn, déi sech wollten tätowéiere loossen, generell un der Konschtform interesséiert sinn oder einfach just mol luusse komme wollten, wat et esou an dem Beräich gëtt.
Déi talentéiert Dammen hunn 30 verschidden Tattoo-Stiler presentéiert, dorënner ënnert anerem Watercolor, Neo-Traditional, Mandala, Black an d’ Grey oder den ëmmer méi populären Handpoke-Stil, wou d’Maschinn vun der Hand ersat gëtt an Tënt mat enger Nol un engem Still lues a lues ënnert d’Haut bruecht gëtt.
Wien op der Platz verschéinert gouf konnt uschléissend beim Tattoo-Contest matmaachen. Samschdes sinn d’Präisser an de Kategorie Best of Realism, Best of Color a Best of Saturday iwwerreecht ginn, wou jeeweils 25 Kandidaten hiert neit Konschtwierk engem Jury weise konnten. Bewäert goufen si vum Coco de Los Muertos (Cry Baby), dem Pömme (Funhouse an LX Tattoo), vum Lolie (Wonderland Tattoo) an dem Tiziana Cheri (Cut & Ink). Och Sonndes huet des kompetent Jury a fënnef Kategorien déi bescht Konschtwierker erausgesicht.
D’Ladies Tattoo Convention huet nieft den Tattooen och musikalescht Entertainment, verschiddene Verkafsstänn an Kënschtler offréiert, sech der Communautéit ze weisen. Dëse Programm huet dat Ganzt gutt ofgeronnt a kompletéiert.
Déi nächst Geleeënheet fir all Tattoo-Begeeschterten ass Ufank Mäerz 2019 am Casino 2000 bei der Graphic Tattoo Convention. Dir hutt also nach puer Méint Zäit fir nei Iddien ze sammele fir äert perséinlecht Konschtwierk!
Méi Informatiounen um Site: thestorm.lu