Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Brexit: Wéi en Deel vum „Nee“ ass onverständlech
https://moien.lu/itv-dating-show-apply/ Neiegkeeten

when did baekhyun and taeyeon start dating

Si wollt hiert Mandat géint de Brexit-Accord antauschen, an dat

what is the most expensive online dating website
https://moien.lu/itv-dating-show-apply/ Neiegkeeten

Wéinst dem Hurrikan Dorian rifft Florida den Noutstand aus

Et kënnt eppes op d‘Ostküst Florida duer: Den nationalen Hurrikanzenter

What the Fakt – d’Mauer fält, Däitschland ass nees vereent!
https://moien.lu/itv-dating-show-apply/ Neiegkeeten

What the Fakt – d’Mauer fält, Däitschland ass nees vereent!

28 Joer laang war Ost- a Westdäitschland duerch eng Mauer

Lämmy Fouer Spill – Ee Schof, dräi Glécksfeeën, 30 Gewënner

Lämmy Fouer Spill – Ee Schof, dräi Glécksfeeën, 30 Gewënner
© Martine de Lagardère/moien.lu

De Serge Wilmes© Martine de Lagardère/moien.lu
Lämmy Fouer Spill – Ee Schof, dräi Glécksfeeën, 30 Gewënner
© Martine de Lagardère/moien.lu
Lämmy Fouer Spill – Ee Schof, dräi Glécksfeeën, 30 Gewënner
De Patrick Goldschmidt© Martine de Lagardère/moien.lu
Lämmy Fouer Spill – Ee Schof, dräi Glécksfeeën, 30 Gewënner
De Maurice Bauer © Martine de Lagardère/moien.lu
Lämmy Fouer Spill – Ee Schof, dräi Glécksfeeën, 30 Gewënner
© Martine de Lagardère/moien.lu
Lämmy Fouer Spill – Ee Schof, dräi Glécksfeeën, 30 Gewënner
© Martine de Lagardère/moien.lu
Lämmy Fouer Spill – Ee Schof, dräi Glécksfeeën, 30 Gewënner
© Martine de Lagardère/moien.lu
Lämmy Fouer Spill – Ee Schof, dräi Glécksfeeën, 30 Gewënner
© Martine de Lagardère/moien.lu
Lämmy Fouer Spill – Ee Schof, dräi Glécksfeeën, 30 Gewënner
(v.l.n.r.) Lämmy, Serge Wilmes, Maurice Bauer © Martine de Lagardère/moien.lu
Lämmy Fouer Spill – Ee Schof, dräi Glécksfeeën, 30 Gewënner
© Martine de Lagardère/moien.lu

Stralend Gesiichter konnt ee gëschter virun der Entrée vun der Schueberfouer gesinn! De groussen Dag vun der Auslousung vum Lämmy Fouer Spill stoung nämlech un, woubäi eis männlech Glécksfeeë virun der grousser Erausfuerderung stoungen, déi glécklech Gewënner ze zéien.

Esou einfach ass ee wuel nach ni an den Europapark Rust komm. Wie sech an de leschten Deeg ee Lämmy-Petzi kaaft huet, an dobäi eppes fir de gudden Zweck gemaach huet, dee konnt direkt nach ee Lous entgéint huelen. Donieft huet awer och d’Maskottche selwer un ausgewielten Deeg de Visiteuren d’Chance op ee fantastesche Gewënn ginn.

Wéi de Charles Hary, President vun der Federatioun vun de Forainen erkläert huet, wier een immens zefridde mam Verlaf vun dëser Editioun vun der Schueberfouer. Natierlech hätt ee schonn an der Vergaangenheet Gewënnspiller organiséiert, mee nach ni hunn d’Präisser esou een Ausmooss ugeholl. Am Ganze konnten nämlech 30 Persounen – sou fern se gezu goufen an op der Plaz waren – vum Lämmy, bis zur grousser Rees an den Erliefnispark profitéieren.

D’Sekonne goufe gezielt a scho stoungen den Patrick Goldschmidt, Serge Wilmes a Maurice Bauer, allen dräi Schäffen a Glécksfeeë vun dësem Dag, op der Bühn fir ze zéien. A sou gouf an der gutt gefëllter Këscht mat de Louse gewullt, d’Gewënner noeneen opgeruff an de gléckleche Kandidaten hire Präis iwwerreecht.

Zemools d’Kanneraen hu geglënnert, wou si bis ee Lämmy-Petzi, een Liefkuch-Fouerhäerz oder och d’Tickete fir an den Europapark Rust tëscht hiren Hänn gehalen hunn. A wien net d’Chance hat, vun eise Glécksfeeën ouni Flilleke gezunn ze ginn, deen huet sech mat den 30 Gewënner gefreet an huet duerno den Tour laanscht d’Attraktiounen a Spiller gemaach.

Mir gratuléieren allen Ausgelousten a wënsche vill Freed mam Präis! Och mir verlousen nach bis zum Enn vun der Fouer, den 11. September, ënnert all eise Lieser 2 kuscheleg Gesellen. Kuckt laanscht op eiser Facebook-Säit a maacht mat!

Ähnlech Sujeten Charles Hary, Europapark Rust, Gewënner, Lämmy Fouer Spill, Maurice Bauer, Patrick Goldschmidt, Schueberfouer 2019, Serge Wilmes
Nächsten Artikel Virrechten Artikel