Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Editorial: Tëscht Fake News a fräier Berichterstattung
Neiegkeeten

Editorial: Tëscht Fake News a fräier Berichterstattung

Mat der Desinformatioun – oder „Fake News“ – an de

Weess du, wéi een dës Wierder schreift? – 5
Neiegkeeten

Weess du, wéi een dës Wierder schreift? – 5

Eis schéi Sprooch richteg ze schreiwen ass net ëmmer esou

Eng Stad fir se alleguerten an de Mee a senge schéinste Faarwen
Neiegkeeten

Eng Stad fir se alleguerten an de Mee a senge schéinste Faarwen

Ënnert dem Slogan „Une ville pour tous“ huet de Schäffen

Landes- an Europakongress vun de Piraten

Politesch „Sensibilitéit“ tauscht ee President géint zwee Spriecher

Landes- an Europakongress vun de Piraten

Si gehéiert zu deene „klenge“ politesche Parteien, déi an der politescher Landschaft zu Lëtzebuerg um beschte Wee ass sech ze etabléieren. E Samschdeg huet d‘Piratepartei Lëtzebuerg op der Schéiss hire Landes- an Europakongress ofgehalen. Vill interessant Gäscht a Changementer waren ugesot.

D‘Piraten, déi mëttlerweil 3 Vertrieder an de Gemengen hunn, a mat 2 engagéierten Deputéierten um Krautmaart d‘Reie vun der Oppositioun gestäerkt hunn, gëtt et zanter 2009. Matbegrënner a bis leschte Samschdeg President vun de Piraten: de Sven Clement. Deen huet Vertrauen a seng Equipp a gesäit sech och net an der Roll vum „Chef of Liewenszäit“ firwat hie säi Mandat néier leet.

Piraten

Den Deputéierte Sven Clement, huet säi Mandat als Parteipresident néiergeluecht, fir sech op seng Aarbecht um Krautmaart konzentréieren ze kënnen. Hie steet och net als Kandidat fir e Mandat zu Stroossbuerg zur Verfügung. © Martine de Lagardère/moien.lu

Interessant dann d‘Entscheedung vun der Partei, vum Posten als President Ofstand ze huelen. Dëst Mandat gëtt zukünfteg vun zwee Spriecher (paritéitesch) iwwerholl. Op dës Poste goufe gewielt: d‘Marie-Paule Dondelinger (51) an de Starsky Flor (37). D‘Parteileedung besteet aus engem Team vun néng Leit, an dës Ëmstellung ass keng Revolutioun, mee eng Verännerung vun der Kontinuitéit.

Datt et esouwäit konnt kommen, ass enger Statutenännerung geschëlt, an där festgehale gouf, datt d‘Mandat vum Deputéierten net mam Mandat als Parteipresident kompatibel ass. Dat mécht net nëmme Sënn, mee huet sech quasi „imposéiert“. Zudeem ass et weidere Schratt an den Ausbau vun de politeschen Ziler. Bei de Piraten dréint sech längst net méi alles ëm digital Fräiheet…

Aarbecht ass es genuch

De Sven Clement – dee vun de Militanten zum Éierevirsëtzenden ernannt ginn ass – huet ugefouert, datt tëscht dem Job an der Chamber an deem als Geschäftsmann, net genuch Zäit iwwreg bleift fir d‘Geschécker vun enger Partei a vollem Ëmfang ze leeden. Dësen „Change“ bréngt zudeem mat sech, datt d‘Parteispëtzt erneiert, an nei Gesiichter promouvéiert kënne ginn. Clever Entscheedung?

Piraten

Den Deputéierte Marc Goergen, war op d‘Aarbecht an der Chamber agaangen, wou sech béid Pirate mat pikante Froen un d‘Ministere wennen, an de Kommissiounen enger konstruktiver a gutt iwwerluechten Oppositiounspolitik higinn. © Martine de Lagardère/moien.lu

Bestëmmt, zumindest wann een der Argumentatioun vum Sven Clement follege kann. Hien ass och däitlech: „D‘Piratepartei war ni déi politesch Ambitioun vun engem eenzelen, mee ëmmer de Mouvement vun engem Kollektiv. Ugefaangen hat d‘Aventure sengerzäit am Bistro, wou mir eis zu eiser 13 Frënn a Kollege fir d‘Grënnung vun der Lëtzebuerger Piratepartei entscheet hunn“.

Zanterhier huet sech villes gedoen, an d‘Pirate konnten zumindest bei de „méi jonke Wieler“ hir Argumenter an hire Programm duerchsetzen, woubäi och soss, hiert politescht Engagement op vill Zousproch stéisst. Dës nach „jonk“ politesch Sensibilitéit kann sech op ronn 450 Membere freeën, an et kommen der all Dag bäi. D‘Pirate sinn dann och erhieflech méi wéi eng „digital Partei“.

Europa brauch d‘Piraten

De Kongress war wéinst den Europawahle vum 26. Mee gespléckt ginn, an eng Rei Gäscht aus dem Ausland haten d‘Aluedung ugeholl. Esou d‘Europadeputéiert Julia Reda, déi aktuell Eenzeg Piratin am Europaparlament (si ass beim Sträit ëm d‘Reform vun den Autorerechter opgefall) an d‘Marketa Gregorova, Coordinatrice vun den tschechesche Piraten a Presidentin vun den EU-Piraten (PPEU).

Piraten

D‘Julia Reda, Europadeputéiert vun de Piraten, war bis ewell déi eenzeg Stëmm vun de Piraten am Europaparlament. Well déi europäesch Piraten sech zesummegedoen hunn, an mat engem gemeinsame Programm an de Wahlkampf ginn, sollten si Chancen hu weider Mandater zougesprach ze kréien. © Martine de Lagardère/moien.lu

Bei de Pirate steet dann och – et ass een nu emol anescht an dat ass gutt esou – de „gemeinsame Wahlkampf“ fir d‘Europaparlament am Mëttelpunkt. Et géif net drëms goen sech mat nationale bis lokalen Themen ze profiléieren, mee eben déi europäesch Sujeten unzegoen, op déi d‘Bierger en Usproch hunn. Vun digitaler Fräiheet bis hin zum Respekt vun Natur an Ëmwelt, alles ass dran.

Dozou mengt den Deputéierte Sven Clement: „Fir eis ass Europa a senger aktueller Form net perfekt, mee et ass en erhalenswäerte Projet, och well e Mënsche matenaner verbënnt an de Garant fir iwwer 60 Joer Fridde war. D‘EU kann a muss besser ginn, besonnesch bei der Gestioun vu Krisen“. D‘Unioun ass déi eenzeg Méiglechkeet déi Europa huet, fir an der Welt gehéiert ze ginn.

Mam Programm nach net esou ganz fäerdeg

Wat d‘Ambitioune vun de Lëtzebuerger Pirate bei den Europawahle betrëfft, esou sinn se wuel couragéiert – mee soss kéint een et jo och si loossen – mee wierklech Chancen, zemools et nach kee Programm gëtt, deen Opschloss op Zilsetzung an politesch Orientéierung géif ginn, kann een hinnen nach net zougestoen. Op där aner Säit hu se bei de Chamberwahlen d‘Wieler iwwerzeegt.

 

Piraten

En eenheetlecht Stëmmverhalen, beweist den Zesummenhalt an der Partei. © Martine de Lagardère/moien.lu

Et dierft dann och de Programm, an déi Aart a Weis wéi dësen de Leit an d‘Käpp bruecht gëtt, sinn, deen iwwer Sig oder Néierlag entscheet. Wéinst hirer Entscheedung mat der ADR en „technesche Grupp“ ze bilden, deen hinnen eigentlech nëmme Virdeeler (méi Zäit, méi Leit a Geld) bruecht huet ass, mussen se sech onberechtegte Virwërf erwieren, an dat ass net gutt, fir de Wahlkampf.

Et besteet duerchaus d‘Gefor, datt d‘Bildung vum „technesche Grupp“ mat der ADR, Stëmme kaschte kann. Dat wier vum Wieler ze kuerz gegraff, well sech dëse bei där Entscheedung nees nationalen Themen zougewennt hätt, an den europäesche Projet aus den Ae verléiert. Wien mam aktuellen europäesche Projet onzefridden ass, muss „Europa“ wielen, fir dat et besser gëtt.

Keng „Déckkäpp“ op der Lëscht

D‘Piraten hu bewosst an aus Iwwerzeegung, nei an onverbrauchte Gesiichter fir d‘Europawahlen opgestallt (Marie-Paule Dondelinger, Starsky Flor, Chris Bernard, Christian Welter, Daniel Frères a Lucie Kunakowa) an de gemeinsame Programm vun den europäesche Piraten (PPEU) ugeholl. Do kommen elo nach e puer spezifesch Lëtzebuerger Themen derbäi, an da kann dee virgeluecht ginn.

Piraten

D‘Marie-Paule Dondelinger huet sech zesumme mam Starsky Flor iwwerzeegend fir d‘Mandat vun der Parteispriecherin qualifizéiert. Als iwwerzeegten Europäerin trëtt si och als Kandidatin fir d‘Europawahlen un. Si verwiert sech géint een op national Interessen ausgeluechte Programm, a mécht Campagne fir Europa, net dergéint. © Martine de Lagardère/moien.lu

Wéi bei deenen anere Parteien och, stinn d‘Kandidaten an fir den europäesche Projet. Si wëlle méi Transparenz an e méi soziaalt Europa, verlaange méi Biergerbedeelegung a méi Harmoniséierung. D‘Piraten si géint d‘Eestëmmegkeet déi vill gudden Iddie blockéiert huet, a gesinn net an, firwat d‘EU dräi Presidente brauch. Méi Muecht fir d‘EU-Parlament schéngt déi besser Alternativ ze sinn.

D‘Piraten awer befannen sech um richtege Wee, och wann et vläicht dës Kéier nach net duer geet. E Wiessel wier net vu Muttwëll, a wien dobaussen der Meenung ass, datt déi digital Revolutioun net dierf Konzerner a Lobbygruppen iwwerlooss ginn, et méi Humanitéit a Solidaritéit an Europa muss ginn, deen ass – egal a wéi engem EU-Land hie lieft – mat de Pirate sécherlech gutt bedéngt.

Foto: Déi zwee Deputéiert, Sven Clement (l) a Marc Goergen (r ) mat de sechs Kandidate fir d‘Europawahle vum 26. Mee. De ganze Programm sollt a kierzt virgestallt kënne ginn.© Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Europa, Europakongress, Europawahlen 2019, Julia Redsa, Landeskongress, Marc Goergen, Marketa Gregorova, Piraten, PPEU, PPLU, Sven Clement
Nächsten Artikel Virrechten Artikel