Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den LCGB stäerkt seng Majoritéit am Transportsecteur
sites to hook up in nigeria

Den LCGB stäerkt seng Majoritéit am Transportsecteur

Nodeems d‘Sozialwahle vum 12 Mäerz an enger Firma hu misse

fortnite matchmaking disabled march 16
sites to hook up in nigeria

100 free dating site ukraine

No deeglaangem Hin an Hier, huet den Donald Trump en

Friddens- a Solidaritéitsplattform: Klimaschutz braucht Ofrëschtung!
sites to hook up in nigeria

Friddens- a Solidaritéitsplattform: Klimaschutz braucht Ofrëschtung!

D’Friddens- a Solidaritéitsplattform Lëtzebuerg rifft de 27. September um 15:00

De Landesverband vereenegt sech mam OGBL

D‘Fiançaille sinn offizialiséiert, d‘Hochzäit ass fir Juli 2020 virgesinn

De Landesverband vereenegt sech mam OGBL

De Verband vun den Eisebunner, Aarbechter aus dem Transport, Fonctionnaire an Employéeën; kuerz FNCTTFEL oder am Volleksmond de „Landesverband“ genannt, huet 2019 säin 100 järegt bestoe gefeiert. Elo ass et leider richteg, datt d‘FNCTTFEL awer och un Afloss verluer huet an et Zäit gouf, sech nei ze positionnéieren an opzestellen.

Eng „Unioun“ mat der éischter Gewerkschaft am Land ass déi logesch Konsequenz. Schonn zanter 2011 huet de Landesverband mam OGBL e Kooperatiounsaccord, firwat um Méindegowend den Delegéierten net schwéier gefall ass, dem Zesummeschloss zouzestëmmen. Um aussergewéinleche Kongress ass mat 76% vun de Delegéiertestëmmen entscheet ginn, datt d‘Zesummenaarbecht mam OGBL konsolidéiert an intensivéiert soll ginn.

Dat heescht elo, datt de Landesverband an der Iwwergangsphas an der OGBL-Struktur integréiert soll ginn, iert et dann am Juli 2020 zur Schafung vun engem neien Departement kënnt. Et heescht datt dësen den Numm „Rail-FNCTTFEL-Landesverband“ erhale soll. An dësem Departement sollen dann zukünfteg all d‘Salariée vun der Eisebunn, Luxtram oder all aner Eisebunnsstruktur eng nei Heemecht fannen. Esou zumindest de Plang…

Fir den aktuelle Landesverbandpresident Georges Merenz ass et eng logesch Entscheedung déi sech op déi bestoend Zesummenaarbecht bezitt, och wann ee sech net ëmmer an alle Punkten eens war. „Haut sinn d‘Programmer vum Landesverband an dem OGBL enk verbonnen“, huet dozou den historesche President vum Landesverband, Nico Wennmacher gemengt.

Wouhinner mat „deenen aneren“?

Elo huet de Landesverband natierlech net nëmmen d‘Eisebunner gewerkschaftlech vertrueden. A senge Reie gouf et Beschäftegter vum ëffentlechen Déngscht, déi vun den existente Sektiounen an der OGBL-Struktur opgefaange ginn. Weider heescht et datt d‘Autobuschauffere vum AVL (Stad Lëtzebuerg) an dem TICE (Südgemengen) hir Autonomie behale sollen. Fir déi Beschäftegt bei de Rettungsdéngschter soll den Departement „OGBL-FNCTTFEL-CDGIS“ gegrënnt ginn.

Interessant am Kontext vun der „Assimilatioun“: d‘Kooperativ „Casino Syndical“ – dat ass de Veräin dee sech ëm de Patrimoine vum FNCTTFEL këmmert – ass vun dësem Zesummeschloss net betraff, bleift also autonom. Dat selwecht gëllt fir de Versécherungsveräin. D‘Kotisatioune vun de Membere ginn no der „Hochzäit“ also eréischt ab Juli un den OGBL iwwer. Als Géigeleeschtung assuréiert den OGBL finanziell de Fonctionnement vun der neier Sektioun.

Et ass dat allerdéngs e „Bestietnes op Bewährung“ firwat d‘Unioun an engem éischten Entworf just bis 2024 Bestand soll hunn. 2022 soll et dofir emol en éischten Tëschebilan ginn an de Fall gesat dee wier iwwerzeegend, da steet enger familiärer Ubannung näischt méi am Wee. Woubäi alles esouwäit fortgeschratt ass, datt et schonn en zolitte Skandal bréicht, fir dëser Unioun am leschten Ament nach d‘Réng ze entzéien.

Randnotiz

Mat dësem Schratt deen de Landesverband elo getätegt huet, geet den OGBL onbeiirt sengem Zil „Eenheetsgewerkschaft“ entgéint. Si sinn iwwerzeegt, datt eng Gewerkschaft am Land duer geet fir d‘Interesse vum Salariat ze vertrieden. Beim ordinäre Kongress vum OGBL Enn der Woch dierften dann och d‘Membere vun der Gewerkschaft dëser „Hochzäit“ zoustëmmen.

Ob elo awer eng Eenheetsgewerkschaft tatsächlech am Sënn vum Salariat ass, dat muss dierfen a Fro gestallt ginn. Zum engen dierft et der quadratur vum Krees gläich kommen, déi chrëschtlech orientéiert Gewerkschaft LCGB an den OGBL anzebannen, an och aner méi sektoriell definéiert Gewerkschafte wéi d‘ALEBA oder den NGL, wäerten sech schwéier doen.

Mee och de Salarié sollt sech iwwerleeën, datt wann et nëmmen nach eng Gewerkschaft gëtt, seng Stëmm bei de Sozialwahlen net méi de Wäert vun haut wäert hunn. Eenheetsgewerkschaft kléngt net nëmme wéi Eenheetspartei, et ass zimlech genee datselwecht an eppes guddes ass dobäi nach ni erauskomm. A Gewerkschafte brauchen och esou eppes wéi Demokratie, an zwar net nëmmen dem Uschäin no. Dat kann eng Eenheetsgewerkschaft net garantéieren…

Illustratioun: Gerd Altmann / Pixabay

Ähnlech Sujeten Eenheetsgewerkschaft, FNCTTFEL, Landesverband, OGBL, Zesummeschloss
Nächsten Artikel Virrechten Artikel