Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Keng Quotefraen an der Chamber!
International Neiegkeeten

Keng Quotefraen an der Chamber!

D’Wale vum 14. Oktober 2018 hu gewisen, datt d’Initiativ vu

Tëscht zolittem Biewen an liichtem Gerësels
International Neiegkeeten

Tëscht zolittem Biewen an liichtem Gerësels

Tëscht dem 23. a 26. Mee 2019 gëtt an Europa

Zu Hesper sinn se eppes Verwonnert
International Neiegkeeten

Zu Hesper sinn se eppes Verwonnert

De Kolléisch vum Buergermeeschter a Schäfferot vun der Gemeng Hesper

Landtagswahlen: Hessen huet entscheet

Knapp Majoritéit fir Schwaarz-Gréng

Landtagswahlen: Hessen huet entscheet

Schwaarz-Gréng kann no de Walen am Bundesland Hessen mat enger knapper Majoritéit vun engem Mandat weiderregéieren. Laut dem (nach net amtlech bestätegtem) Resultat, ass d‘CDU weiderhin, trotz engem erhiefleche Stëmmeverloscht, déi stäerkste Kraaft an Hessen. Den „die Grünen“ ass e Rekordresultat gelongen.

Domatter dierft de CDU-Spëtzekandidat Volker Bouffier viraussiichtlech Ministerpresident vun Hessen bleiwen. An dat obwuel d‘CDU e Verloscht vun 11,3 % (géintiwwer de Wahle vun 2013) verquësse muss, an elo nach just op 27% vun de Suffrage kënnt. Dat ass iwwregens dat schlechst Resultat vun der konservativer Partei zanter 1966.

HessenOp där aner Säit: d‘SPD. Och d‘Sozialiste mussen e Verloscht vun 10,9% géintiwwer 2013 verschaffen. Si kommen op 19,8 % a leie gläichop mat „die Grünen“, déi awer 94 Zweetstëmme méi hunn, wéi d‘SPD, an sech esou op déi 2. Plaz setzen. Fir den aktuelle Koalitiounspartner vun der CDU, e Rekordresultat, dat zugläich d‘Tendenz op Landesniveau bestätegt.

Debakel fir d‘Sozialisten

D‘SPD huet an Hessen eng ganz ferm béi d‘Läffele kritt, an dat denkbar schlechtst Resultat an Hessen erziilt. Hire Spëtzekandidat, den Thorsten Schäfer-Gümpel konnt no der Wahl nach just agestoen datt et „e schwéiere, batteren Owend“ ass, an datt „d‘SPD sech net géint den Trend op Bundesniveau ze wiere wousst“. Wëll heeschen, d‘Hessen-SPD ass fir „Berlin“ bestrooft ginn.

Esou gesäit et och d‘SPD-Parteicheffin Andrea Nahles, déi der Bundespolitik eng erhieflech Schold um Debakel an Hessen zouschreift. Dofir, datt grad Si sech esou vehement fir déi grouss Koalitioun (GroKo) agesat huet, hätt een hei eppes méi selbstkritesch Téin erwaart. Si awer huet gesot: „Den Zoustand vun der Regierung ass net Akzeptabel“ a fuerdert e verbindleche Fuerplang.

HessenDen Zoustand vun der GroKo ass och der CDU-Generalsekretärin, Annegret Kramp-Karrenbauer, ugesiichts de grousse Stëmmeverloschter en Dar am A. Als Konsequenz vum Wahlausgang misst sech eng nei „Aarbechtskultur an der grousser Koalitioun opdoen. Et muss Schluss mam Debat sinn, op mir zesumme regéieren oder net“. E Message deen net exklusiv u Berlin geriicht war.

De „siwenten Himmel“ ass gréng

Als grousse Gewënner ginn „die Grünen“ geféiert, déi mat hirem Rekordresultat vun 19,8% an engem Grapp voll Zweetstëmmen, sech als zweetstäerkste Partei an Hessen opgestallt hunn. Fir d‘Parteicheffin Annalena Baerbock, gëtt et dozou nëmmen ee Fazit: „Esou gréng war Hessen nach ni“. Esou setzen déi gréng an Hessen deen Trend fort, deen op Bundesniveau erkennbar ass.

Hire Spëtzekandidat, Tarek al-Wazir, datt d‘Resultat en Optrag u seng Partei ass, d‘Transitioune bei Energie, Landwirtschaft a Verkéier ëmzesetzen, an déi „oppen“ Gesellschaft ze verdeedegen. Zu enger Koalitioun mat der CDU wollt hien um Wahlowend näischt soen, woubäi et keng alternativ Optioune gëtt. Et besteet och keen Zweiwel drun, datt si Verantwortung iwwerhuele wëllen.

Bei den Demokraten (FDP) ass een och mam Ausgang vun de Walen zefridden. An Hessen konnt d‘FDP sech géintiwwer 2013 däitlech verbesseren, a kënnt op 7,5%. De Parteichef Christian Lindner gesäit am allgemeng Wahlresultat, e „Mësstrauensvott fir d‘GroKo“. D‘FDP wier, ënnert der Konditioun vun engem partnerschaftleche Verhältnes, als Koalitiounspartner „denkbar“.

Géigesätzlech Extremer

Wéi a ganz Däitschland, konnt déi homophob an auslännerfeindlech Alternativ fir Däitschland (AfD) och an Hessen aus dem „Sprong“ en zweestellegt Resultat (13,1%) fir sech verbuchen. Elo sinn d‘Populisten a Verfassungsgéigner an alle 16 Bundeslänner vertrueden. Den AfD-Parteichef Jörg Meuthen huet kee Grond zur Klo, seng Partei huet hir Ziler zweiwelsfräi erreecht.

Bei „die Linke“ war d‘Stëmmung, obwuel een op 6,3% liicht zougeluecht huet, net wierklech esou dat ee vun Euphorie schwätze kéint. Hir Spëtzekandidatin Janine Wissler, huet no der Wal awer bestätegt, datt et fir hir Partei e gutt Resultat ass, besonnesch ugesiichts engem westdäitsche Bundesland. Et hätt ee sech gären iwwert méi gefreet, mä d‘Politik vu Berlin wier dertëscht komm.

Elo muss een also nach just ofwaarden, wéi d‘Koalitiounsgespréicher lafen. Enger Schwaarz-Gréng Koalitioun steet eigentlech näischt am Wee, an si mussen net emol d‘FDP mat an d‘Boot huelen. Wéi een elo gedenkt am Landtag mam „bronge Mobb“ ëmzegoen, ass och nach net gewosst. Wat gewosst ass, d‘AfD huet sech 19 Mandater geséchert an dierft e Wuert matzeschwätzen hunn.

mat AFP

Foto: (v.l.n.r.) Thorsten Schäfer-Gümpel(SPD), Tarek al-Wazir (déi Grünen), Volker Bouffier (CDU). No de Walen si se zesummen an d‘ZDF-Talkshow gaangen, mee wierklech freeë konnten sech um Sonndegowend nëmmen déi gréng. © Oliver Dietze/pool/AFP

Ähnlech Sujeten AfD, CDU, die Grünen, die Linke, FDP, GroKo, Hessen, Landtagswahl, SPD
Nächsten Artikel Virrechten Artikel