Search

You may also like

déi Lénk: Humanitär amplaz militäresch EU-Baussegrenzen!
International Neiegkeeten

déi Lénk: Humanitär amplaz militäresch EU-Baussegrenzen!

déi Lénk veruerteelen d’Gewalt géint d’Flüchtlingen un der griichesch-tierkescher Grenz

Editorial: Se sinn nach do!
International Neiegkeeten

Editorial: Se sinn nach do!

Eigentlech wollte mir de Moien erwächen an de Feierdag notze

Vulkan Whakaari ausgebrach
International Neiegkeeten

Vulkan Whakaari ausgebrach

De Vulkan Whakaari op der Insel White Island war zanter

Am Land wou d‘Faschiste regierungsfäeg sinn

Landtagswahlen Thüringen: Alternativ fir Däitschland verduebelt seng Mandater (mat Analys)

Am Land wou d‘Faschiste regierungsfäeg sinn

Geréit d‘Demokratie am Oste vun Däitschland a Schiflag? Dank der historescher Victoire vun „die Linke“ net wierklech, woubäi et déi eenzeg demokratesch Partei ass, déi der faschistesch gepräägter AfD vum Björn Höcke de Bass hale konnt. Kloer Koalitiounsoptioune gëtt et op den éischte Bléck net, well och wa se gewollt wier, eng Majoritéit hätt eng AfD/CDU-Koalitioun zum Gléck net.

Kloer ass dogéint d‘Victoire vun „die Linke“ déi mat 31% fir d‘éischt stäerkste Kraaft an engem Bundesland gëtt. Grad esou däitlech de gesellschaftleche Rietsruck, ugesiichts den exzellenten 23,4% fir d‘Alternativ fir Däitschland (AfD) an dësem Bundesland, wou déi konservativ Wieler net vun der CDU (21,8%) iwwerzeegt goufen. Hei zeechent sech schonn eng Minoritéitsregierung of.

ThüringenEng Ausso déi sech un de Resultater vum politesche „Rescht“ festmaache léist: d‘Sozialisten (SPD) mussen 8,2% als „gutt Resultat“ verklären, déi Liberal (FDP) an d‘Ekologisten (die Grüne) hunn et grad esou iwwer 5% gepackt. Rechneresch heescht dat, datt net emol eng Koalitioun zu véier, eng Majoritéit am Landtag hikritt. Zudeem misst dës Koalitioun vun der CDU „toleréiert“ ginn.

Komplizéiert ass en Understatement

Déi bestoend Dräierkoalitioun „déi Linke-SPD-die Grüne“ léist sech net weiderféieren. D‘SPD fält vun 12,4% (2014) op 8,2% of an déi „die Grüne“ kann sech net verbesseren, villméi och si verléiert Terrain, mee eppes manner. Si haten 2014 och just 5,7% vu de Stëmme kritt an dinn sech am Oste souwisou schwéier d‘Leit vun hirer Politik ze iwwerzeegen. Domatter gëtt et awer komplizéiert…

ThüringenEng Regierungsbildung léisst elo awer ouni, entweder „die Linke“ oder der AfD net op d‘Been stellen. Fir die Linke geet et egal wéi net op, net emol wann déi Liberal iwwert hire Schied géife sprangen an enger Koalitioun zoustëmme kéinten. Eng Koalitioun déi Linke mat der CDU ass awer och ondenkbar, firwat de Regierungsoptrag fir déi Linke zum chinesesche Puzzel verkënnt.

Unhand der Sëtzverdeelung ass awer – wann och eigentlech auszeschléissen – eng Koalitioun tëscht AfD an CDU nëmme méiglech, wann nach en Drëtten sech der ongläicher Koppel géif uschléissen. Do kéim awer wierklech nëmmen nach d‘FDP a Fro an do muss een elo net wierklech fäerten, datt déi matmaachen. Och fir CDU-SPD-Grüne-FDP geet et mandatsméisseg net duer fir eng Koalitioun

Et muss awer elo weidergoen

Dat den Thüringer Ministerpresident Bodo Ramelow (déi Linke) en däitleche Regierungsoptrag huet, dat behaapten esou gesi just déi blank Zuelen an hie selwer esou. Et ass richteg, datt déi Linke ee Sonndeg en historescht Resultat erziilt hunn, hir Koalitiounspartner awer kee politeschen Notzen aus de leschte fënnef Joer mat an Walen huele konnten. Eigentlech ass d‘Koalitioun ofgewielt ginn.

ThüringenFir d‘Männerpartei CDU sinn d‘Wahlen an Thüringen gefillt e „Schlag matten an d‘Gesiicht“. Esou huet de Ministerpresident vu Sachsen-Anhalt, Reiner Haseloff, d‘Wahlen als batter Néierlag missen unerkennen. Hei wier déi demokratesch „Mëtt“ ofgewielt ginn, seet dee Mann, dee wéi vill anerer an der CDU, mat hirer Politik der AfD d‘Wieler jo eigentlech um Plateau zerwéiert huet.

An de Faschist Björn Höcke? Ma dee kann sech freeën. Eigentlech e „Wessi“ am ostdäitsche Jargon huet hie mat einfach verständleche Spréch, nach méi Ligen a virun allem vill Haass, d‘AfD zu enger Regierungspartei gemaach. Hie sot viru sengen Unhänger: „D‘Thüringer hunn haut d‘Wenn 2.0 gewielt. (…) Mir wëllen eng nei Vital Demokratie an Thüringen an an Däitschland“. Abee jo…

Wann dat politescht System u seng Grenze stéisst

No Brandenburg a Sachsen, huet déi sech ideologesch nationalsozialistesch ausgeriichte Partei, Alternativ fir Däitschland (AfD) och an Thüringen zur „Vollekspartei“ eropgeschafft. Si konnten e Sonndeg hiert Resultat méi wéi verduebelen. Eng Victoire déi dem – geriichtlech bestätegten – Faschist Björn Höcke muss zougestane ginn. Hien ass nu emol d‘Idol vum rietse Fligel an der AfD.

ThüringenEt ass hien, deen et ronn bruecht huet, an engem Bundesland mat engem „Auslännerundeel“ vu grad emol 3,8 %, de Mënschen an de Kapp ze setzen, datt all d‘Auslänner eng immens Gefor vun Iwwerfriemung mat sech bréngen. Gutt bei enger Populatioun wou all fënneften eng gefestegt rietsextrem Astellung huet, gi Schlagwierder wéi „Bevëlkerungsaustausch“ an „Islamiséierung“ gären opgeholl. An am Oste vun Däitschland treffen esou Parollen op fruchtbare Buedem.

Dat eleng erkläert awer net, firwat nëmmen nach 40% vun der Bevëlkerung d‘Demokratie fir déi beschte Staatsform halen. Richteg ass dogéint, datt d‘Leit sech hei net méi u Parteie „bannen“ an eng grouss Skepsis géintiwwer de staatlechen Institutioune besteet. Zudeem „flücht“ d‘Jugend aus Thüringen, wat zu enger Bevëlkerungsstruktur féiert, déi der AfD entgéint kënnt.

mat indymedia/ber

Related topics Alternativ fir Däitschland, die Linke, Landtagswahlen, Minoritéitsregierung, Thüringen
Next post Previous post