Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

cool
De Welt-Populatiounsdag, erkläert
Cool Neiegkeeten

De Welt-Populatiounsdag, erkläert

D’Weltbevëlkerung klëmmt a klëmmt. Nach ni hunn esou vill Leit

angrycryingdislike
Editorial: De Populismus huet de Bundestag am Grëff
Cool Neiegkeeten

Editorial: De Populismus huet de Bundestag am Grëff

Si gesinn sech als „d‘Alternativ fir Däitschland“ a sinn dach

crying
Venezuela: Den Trump verschäerft den Toun
Cool Neiegkeeten

Venezuela: Den Trump verschäerft den Toun

Eng militäresch Optioun géint de Venezuela gëtt vum amerikanesche President

cool

D‘Landwirtschaft net de falschen Hänn iwwerloossen

D‘Landwirtschaft net de falschen Hänn iwwerloossen

D‘Plattform „meng Landwirtschaft“ huet um Dënschdeg seng Fuerderunge fir d‘Chamberwahle vum Oktober presentéiert. Hinne stéisst batter erop, datt trotz Milliarden un EU-Subventiounen, vill landwirtschaftlech Betriber keng Zukunftsperspektiven hunn. D‘Geld muss besser verdeelt ginn!

Hei gëtt dann och bedauert, datt et ëmmer manner Betriber an Akerland gëtt, datt zudeem och kaum nach ze finanzéieren ass. Schold ass net zur Lescht déi weltmaartorientéiert Ausriichtung mat niddrege Präisser an déi substantiell Ëmweltbelaaschtung.

Déi an der Plattform „meng Landwirtschaft“ zesummegeschloss Organisatiounen hunn et dann och déck um Häerze leien an deklaréieren: „E Weider bis ewell ass keng Optioun! Well mir soss d‘Landwirtschaft subventionéiert an den Ofgrond féieren“.

Fir der Politik am Wahlkampf op d‘Spréng ze hëllefen, a mat der Hoffnung datt déi zukünfteg Regierung sech behäerzt a couragéiert fir d‘Landwirtschaft, an esou indirekt fir de Bierger an d‘Ëmwelt, sollt asetzen, si sechs Fuerderungen ausgeschafft ginn.

Paradigmewiessel bei der Verdeelung vun ëffentlechem Geld

Statt ëmmer méi grouss Betriber, mat enger eesäiteger, industriell orientéierter Produktioun, ze subventionéieren, muss den Akzent op diversifizéiert landwirtschaftlech Betriber mat enger iwwersiichtlecher Gréisst geluecht ginn.

D‘Subventioune sollen degressiv gestaffelt ginn, an sech an éischter Linn un der Unzuel vun de Beschäftegten an enger ëmweltgerechter Produktioun orientéieren. Net d‘Fläch oder déi geleeschten Investitioun soll d‘Grondlag vun der Berechnung sinn.

Landwirtschaft

© meng-landwirtschaft.lu

Zudeem soll e ganzheetlechen Nohaltegkeetsbewäertungssystem agefouert ginn, woumatter sech unhand vun objektive Critèren eenzel Betriber evaluéiere loossen. An dësem Sënn sollen och d‘Subventiounen (national an EU) un ekologesch Critère gebonne ginn.

Fir d‘Zukunft ganz wichteg: d‘Fërderung vum Beruff „Landwirt“. Hei gëtt eng besser Ausbildung gefuerdert, an och den Zougang zu gëeegenten Ubauflächen, muss séchergestallt ginn. Woubäi et „meng Landwirtschaft“ gäre géif gesinn, wann hei d‘Biolandwirtschaft besser berécksiichtegt wier.

Biolandwirtschaft fërderen

Et gëtt vill gutt Argumenter déi fir de Wiessel zur Biolandwirtschaft plaidéieren. Se schount Ressourcen, belaascht d‘Ëmwelt net esou staark, verbessert d‘Akommesperspektive vum Betrib a gëtt vun der Gesellschaft am allgemenge gutt opgeholl, wann net esouguer verlaangt.

Dat sech Lëtzebuerg mat 4,1% Biolandwirtschaftsflächen zefridde gëtt, domatter géintiwwer den dräi Nopeschlänner op der leschter Plaz läit, ass onverständlech. Et géif genuch EU-Geld an bewäerte Fërderungsmodeller déi deem ganz einfach kéinten entgéintwierken.

Et wier also wichteg, datt déi national Agrarpolitik a Fërdermechanissem och déi ekologesch Parameter berécksiichtegen. „meng Landwirtschaft“ fuerdert vun de politesche Verantwortlechen, d‘Biolandwirtschaft zu Lëtzebuerg bis 2015 op 20% ze hiewen.

Fir datt dat geléngt, muss d‘Aus- a Weiderbildung an der Biolandwirtschaft eescht geholl ginn. D‘Regierung misst dofir mat der Bauereverbänn eng kontinuéierlech Analys vun der Situatioun duerchféieren, an dofir suergen, datt der Biolandwirtschaft mat Oppenheet an Dialog begéint gëtt.

Ressourceverdréiglech Landwirtschaft

Eng nohalteg Landwirtschaft bedeit fir Liewensmëttelversuergung e grousst Mooss un Autonomie. Wat hei verbraucht gëtt, sollt méiglechst lokal, oder zumindest an der Groussregioun produzéiert ginn. Eng direkt Bezéiung tëscht Produzent a Konsument, verbessert zudeem d‘Vertrauen.

Déi regional Bioliewensmëttelproduktioun, hir Wäertschëpfung a Vermaartung misst d‘Prioritéit vun der nationaler Agrarpolitik sinn. Néideg ass e Konzept, mat deem eng Standuertugepassten naturschounend, wéi eng déieregerecht a sozial verdréiglech Produktioun méiglech gemaach gëtt.

En Ëmdenken, vun enger reng Exportorientéierter Mëllech- a Fleeschproduktioun, zu enger gudder Planzeproduktioun, géif derzou bäidroen, datt d‘Landwirtschaft eng besser Ressourcenautonomie erlaangt. Méi Wäert soll och op lokal Somzorten an Déiererasse geluecht ginn.

An am Kader vum rezente Gesetz zum ëffentleche Beschafungswiesen, wier et dann och richteg, wann ee sech beispillsweis bei Grousskichen och un den neien Ëmwelt- an Nohaltegkeetscritère géif orientéieren. Dat kéim net nëmmen der Landwirtschaft zerguttst, mee ganz besonnesch och der Gesondheet vun de Mënschen.

Klimagerecht soll d‘Landwirtschaft sinn

Esou wéi aktuell an der Landwirtschaft geschafft gëtt, dréit si zum Klimawandel bäi, an dat misst net sinn. Dobäi ass d‘Landwirtschaft Täter an Affer an engem. Hei gëtt vu „meng Landwirtschaft“ gefuerdert, datt d‘Eewäissproduktioun am Sënn vun der Kreeslafwirtschaft muss ausgebaut ginn.

Praktiken aus der Biolandwirtschaft bidden hei Léisungen un. Den Eewäissverbrauch, dee virun allem duerch Importer ofgedeckt gëtt, sollt duerch eng méi kleng Mëllech- a Fleeschproduktioun, bis 2025 ëm mindestens 30% reduzéiert ginn.

Iwwerhaapt sollt e sech net vun Importer, wéi beispillsweis de Fuddermëttel ofhängeg maachen. En optimale Verbrauch vun de Ressourcen, an net de Mëssbrauch sinn Tromp. An dësem Kontext sollt sech déi nei Regierung och domatter befaassen, wéi ee mam Asaz vun Agrar-Kraaftstoff zukünfteg wëll ëmgoen. Heifir brauch et méi streng Nohaltegkeetscirtèren.

Raum fir eng zukunftsfäeg Entwécklung

Et ass dann och net, well d‘Landwirtschaft zu Lëtzebuerg bei der Wirtschaftsleeschtung nëmmen eng bäigeuerdnet Roll spillt, esou sollt een net vergiessen, datt d‘Landwirtschaft als Liewensmëttelproduzent och eng Gesellschaftlech Funktioun erfëllt.

Et wier awer net „d‘Traditioun“ déi d‘Zukunft vun der Landwirtschaft kéint retten. Dofir gëtt gefuerdert, datt de Beruff vum Landwirt opgewäert gëtt, an eng ëmweltfrëndlech Landwirtschaft erméiglecht muss ginn. Et bréicht dofir eng oppe Plattform an Finanzéierungsméiglechkeete fir ökologesch a sozioekonomesch Projeten.

D‘Ëmstellung vun traditionellen (oder konventionellen) Betriber muss gefërdert ginn. D‘Subventionéierung fir Biolandwirtschaft an deene Betriber déi sech ëmstelle wëllen, soll unhand der Unzuel vun de Beschäftegte berechent ginn.

Iwwert den Tellerrand erauskucken

„meng Landwirtschaft“ stellt fest, datt a villen Entwécklungslänner de groussen Deel vun der Populatioun um Land lieft. Dovunner begéinen déi meescht enger Aarmutsituatioun, wat säitens der Entwécklungspolitik misst berécksiichtegt ginn. Och muss bedauert ginn, datt et aktuell keng Kohärenz tëscht Kooperatioun- a Landwirtschaftspolitik gëtt.

Dofir ass et noutwenneg, datt déi Lëtzebuerger Regierung sech bei der Kooperatioun- a Landwirtschaftspolitik nei Prioritéite setzt. Si muss sech dann och bei hire Partner fir eng Neiorientéierung asetzen. Gefuerdert gëtt, datt mindestens 10% vun der Entwécklungshëllef an d‘Landwirtschaft fléissen.

Landwirtschaft

© meng-landwirtschaft.lu

Hei gëtt nieft dem Hiwäis op Biolandwirtschaft och grousse Wäert drop geluecht, datt d‘Fraen hei berécksiichtegt musse ginn, hire Rôle voll muss unerkannt ginn. Et soll dann och d‘Wäertschëpfung duerch déi lokal Weiderveraarbechtung vun den Agrar-Rohstoffer ënnerstëtzt ginn.

Stoppe misst een den Export vu Liewensmëttel an landwirtschaftleche Produkter, déi ënnert dem Hierstellungspräis ugebuede ginn. Hei ginn eng gerecht Reguléierung an Kontrollmechanisme gefuerdert. Wiesentlech wier et dach, datt de Landwirt fair Präisser fir hir Wueren ugebuede kritt.

An dësem Kontext dann och d‘Fuerderung, sech op all Niveau fir eng nei ausgeluechten EU-Handelspolitik anzesetzen. D‘Regierung soll also d‘Ratifizéierung vun de sougenannten EPAen (Wirtschaftspartnerofkommen) zréckweisen. Hei wier et gescheit sech fir eng Politik anzesetzen, déi den Ausbau an d‘Schafe vun Aarbechtsplazen erméiglecht.

Zu gudder Lescht, soll et e Gesetz ginn, mat deem zu Lëtzebuerg den Investissementsfonge verbuede gëtt, Finanzspekulatioun mat Agrar-Rohstoffer ze bedreiwen.

Ähnlech Sujeten Chamberwahlen 2018, Fuerderungskatalog, Meng Landwirtschaft
Nächsten Artikel Virrechten Artikel