Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Firwat net méi fir Noriichte bezuelt gëtt (erkläert)
Neiegkeeten

Firwat net méi fir Noriichte bezuelt gëtt (erkläert)

Vill Mënschen hunn e gespléckte Verhältnis zu sougenannte Bezuelbarrièren am

De Sproochecafé – Eng Decouverte vun der linguistescher Diversitéit
Neiegkeeten

De Sproochecafé – Eng Decouverte vun der linguistescher Diversitéit

Ab Enn Februar 2020 gëtt am Drescherhaus zu Dummeldeng nees

Wann s du eis national Wanderweeër kenns, ass dëse Quiz kee Problem fir dech!
Neiegkeeten

Wann s du eis national Wanderweeër kenns, ass dëse Quiz kee Problem fir dech!

D’Wierder gëtt erëm besser, do froen sech der verschiddener, op

LAR bréicht Finanzmëttel fir Formatiounen

Material zur Brandbekämpfung huet een, just asetzen dierf een et net wëll d‘Leit d‘Lizenz net hunn

LAR bréicht Finanzmëttel fir Formatiounen

Wann ee Biller vu Bëschbränn am Ausland gesäit, kënnt et zuweile vir, datt een Helikopter am Asaz gesäit, déi beim Läschen aus der Loft eng Hand mat upaken. Reng technesch betruecht, wier esou eng Interventioun och bei eis méiglech, well den LAR (Luxembourg Air Rescue) verfüügt iwwert dat entspriechend Material. Firwat gëtt et dann net agesat?

Beim genannte Material handelt et sech ëm ee sougenannten „Bambi Bucket“, dat ass eng Aart Sak deen ënnert dem Helikopter befestegt gëtt a mat Läschmëttel ka fëllen. De Problem fir den LAR ass séier erkläert: fir esou Missiounen dierfen ze maachen, brauchen d‘Piloten entspriechend Lizenzen, an dat setzt viraus datt déi och déi dofir virgesinne Formatiounen absolvéieren. Dat huet e Präis…

An dëse Präis konnt den LAR bis 2018 aus eegener Kraaft stemmen, bis aus heiterem Himmel dës Käschte carrement „explodéiert“ sinn. Dat gëllt natierlech och fir d‘Rettung aus der Loft, wou et drëms geet Persounen aus soss kaum erreechbare Situatiounen ze biergen. Där gëtt et net wierklech oft bei eis, mee bis 6 Asätz am Joer wieren et scho gewiescht, iert d‘Problemer sech opgedoen hunn.

Zoustännegkeetsberäich: CGDIS

Wéi et säitens der LAR ugefouert gëtt, hätt d‘Entreprise – déi primär hire Geschäftsmodell op de Krankentransport mam Fliger opgebaut huet an d‘Helikopter bei Accidenter asetzt – dem CGDIS Ënnerlagen zu dëse „Käschte fir d‘Ausbildung“ schonn am September 2018 erageschéckt. Beim CGDIS wier dës Demande zur Finanzéierung wuel agaangen, wier allerdéngs zréckgewise ginn.

Et gutt Joer méi spéit heescht da säitens dem Inneministère – deen ass fir den CGDIS zoustänneg – dat weder si nach den CGDIS eng formell Ufro zur Finanzéierung vun de genannte Formatioune virgeluecht kritt hätten. Fir esou Aussoen huet een bei der LAR wéineg bis kee Versteesdemech, besonnesch, wann duerchblécke gelooss gëtt, datt d‘Police déi Missioune soll iwwerhuelen…

An net nëmmen d‘Police kéint dës Asätz kompetent iwwerhuelen, och d‘Arméi déi d‘lescht Joer zwee multifunktionell Helikopter bei Airbus bestallt huet, sollt duerchaus an der Lag sinn, sech bei de genannten Asätz anzebréngen. Dat verréngert wuel net d‘Käschte vun der Ausbildung, dréit dann awer derzou bäi, datt d‘Weeër méi kuerz ginn. An zwee Operateure (Police/Arméi) gi jo duer, oder?

Illustratioun: Esou gesäit sech en Asaz mam „Bambi Bucket“ aus dem Helikopter un. Hei ënnert engem „UH60 Black Hawk“ vun der Alaska Army National Guard. D‘Foto war bei engem Asaz zu Tok am Juni 2015 gemaach ginn © US Dpt.ofDefense

Ähnlech Sujeten Arméi, Bambi Bucket, CGDIS, Inneministère, LAR, Luxembourg Air Rescue, Policer
Nächsten Artikel Virrechten Artikel