What the Fakt – De Papp vum Max a Moritz verléisst eis fir ëmmer
De Wilhelm Busch, däitsche Moler, Lyriker an Auteur ass och
Ob Aluedung vun der schwedescher Ministesch fir baussenzeg Ugeleeënheeten, Ann
Wärend gëschter an der Stad Lëtzebuerg d’Terrassen nees opgemaach gi
Nodeems dem Elter Eric virun dräi Wochen d’Iddi fir dëse Projet komm ass, goufen onzieleg Stonnen a vill Häerzblutt an d’Realisatioun investéiert. Beréiert vun der uerger Situatioun huet hien seng Passioun fir d’Kreatioun vu Musek, Melodien an Effekter genotzt a sech mat de richtege Leit a Verbindung gesat, fir a kierzester Zäit net nëmmen d’Konzept ze erstellen an ee Lidd ze schafen, mee och de passende Video ze entwéckelen. Dat fäerdegt Wierk, dat direkt 4 Sproochen (Lëtzebuergesch, Italienesch, Englesch a Franséisch) opweist, kann elo op YouTube bestaunt ginn:
Vir unzefänke sollt ee betounen, datt wärend dem ganze Projet d’Reegele vum Confinement berécksiichtegt gi sinn. Ëmsou méi bemierkenswäert ass et also, datt an dëser kuerzer Zäitspan esou ee Bijou erauskomm ass. Ma, dat Ganzt war vum Plangen, iwwert d’Leedung, bis hin zu leschten Upassungen eng enorm Aarbecht, wéi den Elter Eric zougëtt.
Déi passend Museker hu misse fonnt an iwwert Video-Konferenzen dirigéiert ginn. Nodeems déi 4 Sänger – d’Sophie Guzzo, de Luc Reuter, de Baba Pintsch an den Thierry Mersch – den Text geschriwwen, opgeholl a schliisslech hiert Arsenal u Material erageschéckt haten, ass et un d’Veraarbechtung gaangen.
„Den Zoufall wollt et, datt dës véier Sänger direkt interesséiert waren. Hir verschidden Stëmmen a Gesangsstiler hunn eng perfekt Basis fir dëse Projet gebueden. Net nëmmen d’Kommunikatioun, mee och d’Opnamen iwwert de Smartphone waren eng interessant Erausfuerderung“, sou den Eric.
Alles gëtt gutt / YouTube
Fir d’Wierk nach méi verständlech an ofgerënnt ze gestalten, ass, zesumme mam Vito Labalestra, och Vitùc genannt, de passende Video zesummegestallt ginn. Och heivir sinn nees zuelräich Persounen an Entreprisen kontaktéiert an dirigéiert ginn, fir esou dat gëeegent Material vereenen ze kënnen.
Ma, wärend dem ganze Schafungsprozess si Frëndschaften entstanen, déi aktuell just iwwert Videokonferenzen gefeiert, hoffentlech awer deemnächst och a Realitéit genoss kënne ginn.
Wou déi eng als Geste vun der Unerkennung Owes klappen oder anerer eng Käerz ufänken, do seet dës kreativ an talentéiert Ekipp iwwert d’Musek Merci. D’Lidd soll Freed an Hoffnung vermëttelen, ma gläichzäiteg fir d’Solidaritéit an dëse schwéieren Zäite stoen. Mat duerchduechten Textpassagen a Videoausschnëtter riicht ee sech dobäi net nëmmen un d’Lëtzebuerger Gesellschaft, mee un déi ganz Welt.
D’Ekipp bedankt sech bei der Police Grand-Ducale, dem Lëtzebuerger Rout Kräiz, ATW Ambulance, Fazzini Luciano Snc, Luxambulance Sàrl, dem Corps Grand-Ducal d’Incendie et de Secours (CGDIS), der Cargolux, Au Pain de Mary, dem Cabinet Médicale Limpertsberg, der Luxembourg Air Rescue Asbl, der Lëtzebuerger Arméi, der Administration des Douanes et Accises, Les Jardins D’Alyséa, Beim Goldknapp, ISS Luxembourg, Auchan Luxembourg, der Apdikt vu Gaasperech an der Gesondheetsdirektioun. Eng ganz Rëtsch u Mercie gëtt nach um Enn vum Video verdeelt.
D’Entreprisen, Associatiounen a Privatpersounen hu selwer fir d’Opname gesuergt / YouTube
Dir wëllt méi zu der talentéierter Ekipp gewuer ginn, ma da kritt Dir hei méi:
Schonn als klengt Kand war den Elter Eric begeeschtert vu Musek an huet fréi un diverse Projeten deelgeholl. No 4 Joer an der Lëtzebuerger Arméi an engem erfollegräiche Studium un der UBI Lëtzebuerg huet hie sech selbststänneg gemaach an entwéckelt Melodien a Soundeffekter fir d’Publikatiounen vun Entreprisen.
A kierzester Zäit huet den Eric Elter ee granidose Projet op d’Been gestallt / YouTube
Donieft hu mir de Vito Labalestra, besser bekannt ënnert sengem Kënschtlernumm Vitùc. Schonn zënter iwwer 40 Joer ass hien an der Cinematographie, wéi och an der Fotografie aktiv. Zuelräich fiktional Kuerzfilmer, Museksvideoen, Documentairen – dorënner och divers Wierker fir humanitär Associatiounen – an experimentell Filmer ginn op seng Kaap.
Komme mir zur Musek, wou als éischt de Luc Reuter virgestallt gëtt. Nieft senger Passioun fir Autoen a Motorrieder lieft de 27 Järegen d’Leidenschaft fir d’Musek vollkommen aus. Fir de Luc bedeit d’Participatioun um Projet ‘Alles gëtt gutt / Tout ira bien’, bei deem hie Lëtzebuergesch séngt, ee grousse Schrëtt no vir. Mat räichlech Motivatioun iwwerleet hien elo sech professionellt Equipement zouzeleeën, YouTube-Videoen mat Coveren ze erstellen an eege Lidder ze schreiwen.
De Luc Reuter séngt op Lëtzebuergesch beim Projet “Alles gëtt gutt / Tout ira bien” / YouTube
D’Sängerin Sophie Guzzo iwwerhëlt den italienesche Part. Schonn a ganz jonke Joren stoung si als Dänzerin, spéider och als Sängerin op der Bühn. No der Arrivée zu Lëtzebuerg huet d’Sophie sech dem Jazz zougedréit a schonn an diverse Gruppe matgewierkt, heirënner beispillsweis de Quintett Fujazzi an d’Märeler Big Band. Mat senger Stëmm a Feigefill wëll déi 36 Joer jonk Artistin beréieren, dat duerch Kollaboratiounen an de verschiddenste Projeten.
D’Sophie Guzzo iwwerhëlt den italienesche Part / YouTube
Den Thierry Mersch huet richteg eng Opweises: Net nëmmen huet hien 3 Solo-Alben an zuelräich Singelen erausbruecht, konnt mat „Don’t dream it, do it!“ an Top 10 vun de Lëtzebuerger iTunes-Charts klammen a sech bei Wierker wéi „Love@Music“ oder„Jesus Christ Superstar“ beweisen. De Museker duerft och Lëtzebuerg bei de „World Championships of Performing Arts“ zu Hollywood vertrieden, masseg Präisser gewannen an um Radio, am Kino an um Fernseh matwierken. Hie schafft als Schoulmeeschter, ass awer och als Model aktiv.
Den Thierry Mersch huet de franséischen Deel iwwerholl / YouTube
Zu gudder Lescht drëpst de Claude ‘Baba’ Pintsch eran. Zënter 1998 ass hie Leadsänger a Gittarist bei der Lëtzebuerger Band MSB – The Michael Shepherd Band. Nieft der Famill schléit dem Baba säin Häerz fir d’Rock-Musek.
Fir den engleschen Deel suergt de Claude Baba Pintsch / YouTube
All Biller sinn Screenshots aus dem YouTube-Video vun ‘Alles gëtt gutt / Tout ira bien’.