Search

You may also like

D‘KPL Fuerdert 100 statt 80 Prozent fir d‘Kuerzaarbechter
Neiegkeeten

D‘KPL Fuerdert 100 statt 80 Prozent fir d‘Kuerzaarbechter

Ugesiichts den Erausfuerderunge vun der Coronavirus-Pandemie ass d‘Solidaritéit déi sech

SUDCAL notz d‘Hëtzt vun ArcelorMittal fir de Quartier Belval ze alimentéieren
Neiegkeeten

SUDCAL notz d‘Hëtzt vun ArcelorMittal fir de Quartier Belval ze alimentéieren

Well et sënnvoll ass, déi iwwerschësseg Hëtzt ze notzen, déi

Design City LX Festival
Neiegkeeten

Design City LX Festival

Leschte Freideg huet de Schäfferot vun der Stad Lëtzebuerg, vertrueden

Zouversiichtlech an déi lescht Chambersessioun

Zouversiichtlech an déi lescht Chambersessioun

Mat der „journée parlementaire“ ass déi politesch Rentrée vun der Chamber an den do vertruede Fraktioune gemengt. Eng Geleeënheet seng Iddien an Bestriewungen zum Enn vun enger Legislaturperiod op den Dësch ze leeën.

D‘Viviane Loschetter huet et dann och direkt emol kloer ausgedréckt: „Et ass déi läscht Linn droite virun de Parlamentswahlen“. Et geet der Fraktioun vun déi gréng dann allerdéngs net drëm no vir ze stiermen. Nee, et soll sech virgeholl gi sinn deem ganzen ouni Opreegung mee mat vill Verstand ze begéinen.

Wichteg schéngt et der Fraktioun dann am „Wahljoer“ eng kloer Positioun anzehuelen. En Zil dat ze erreechen, iwwert d‘Erausfuerderung vu wichtege gesellschaftlech relevanten Debaten an der Chamber féiere soll. Et gëllt d‘Weiche fir déi nächst Dekaden ze stellen, drop hinzeweisen, datt een an engem Zäitfënster ass, ass de Spillraum begrenzt.

A mat fënnef Punkten, déi enk matenee verknäppt sinn huet sech d‘Fraktioun vun déi gréng virgeholl Akzenter ze setzen. Landesplanung, Energie, Digitaliséierung, Gesellschaftsreform an Europa, wäerten esou déi grouss Achse sinn, ëm déi sech déi politesch Chambersessioun 2017/18 wäert dréinen.

Näischt leie loossen, alles mathuelen

Mam Gesetz zur Landesplanung, dat nach gestëmmt muss a wäert ginn, gëtt e grousse Schratt an déi richteg Richtung ënnerholl. Och déi zweet Phas vum Tram a weider Investitiounen an d‘Eisebunn stinn un. Esou wéi d‘Viviane Loschetter et gesäit, ass hei och wann déi Ziler erreecht sinn, nach ëmmer vill Retard opzehuelen.

Erwaart geet dann och, datt d‘Naturschutzgesetz endlech aus dem Staatsrot zréck kënnt. Eent vun deene Gesetzer déi der Fraktioun vun déi gréng immens wichteg ass. Ëmmerhi geet et net ëm d‘Erhale, mee ganz kloer ëm d‘Verbesserung vun der Liewensqualitéit. Mee d‘Naturschutzgesetz eleng kann d‘Liewensqualitéit net verbesseren, wann d‘Fro zum „Wuesstem“ net och beäntwert gëtt.

An hei wëllen déi gréng den Debat an der Chamber, op der Strooss an bei Tableronde. 4% wirtschaftleche Wuesstem wier net duerchzehalen. Et wier an deem Kontext wichteg eng makroekonomesch Analys ze maachen, nach kéint e sech de Luxus gënnen Afloss ze huelen. Mam aktuelle Rhythmus kéinte mer schonn iwwermuer um Enn ukomm sinn.

Gutt iwwerluecht a net kuerzfristeg agéiert

Déi gréng stinn dann och zu engem intelligenten Asaz vun all den digitale Méiglechkeeten. Hei hätt Lëtzebuerg e grousst Potenzial dat et ze notze gëllt. Digitaliséierung ka bei der noutwenneger Energiewenn eng bedeitend Roll spillen. Et hätt ee sech mat den Accorden ëmmerhi verflicht an et wier een och um gudde Wee dat ganzt konsequent ëmzesetzen.

Et also d‘Fro vun der Effizienz an der Nohaltegkeet, mee natierlech och d‘Bestriewe laangfristeg ganz op Biolandwirtschaft ëmzesuedelen. An deem Sënn wäert sech d‘Fraktioun vun déi gréng och fir en definitive Verbuet vum Glyphosat asetzen.

Fir all déi, wou sech der drëtter industrieller Revolutioun net wëlle verschléissen, deene soll un d‘Häerz geluecht ginn, datt d‘Regierung eng ganz Rei Foren mat villen Acteuren aus Politik zivil Gesellschaft an „einfache“ Bierger virgesinn huet. Et wier esou e wichtege Prozess, datt deen sech ouni d‘Bedeelegung vun de Leit net ëmsetze léisst. Hei mussen dann och d‘Conclusioune mat an d‘Chamber geholl ginn. Déi gréng hunn sech schonn emol virgeholl d‘Virschléi, Proposen a machbar Iddie mat an de Chamber-Wahlprogramm ze huelen.

Vu Reformen an hire Gesetzer

D‘Gesellschaft bréicht Reformen, wichteg, grouss Reformen. Eng ganz Rëtsch nei Projete leie beim Staatsrot an all déi Gesetzer si geduecht de Verännerunge Rechnung ze droen. Esou zum Beispill d‘Gesetzer zu der Filiatioun an der „autorité parentale“. Mee och dat neit Scheedungsgesetz muss komme fir den Ufuerderungen, déi d‘Gesellschaft vun haut huet, gerecht ze ginn.

Gesellschaftlech relevant och dat neit Gesetz fir de Strofvollzuch. Et mécht kee Sënn an et huet och ni säin Zweck erfëllt, leit einfach anzespären, fir se no der Prisongsstrof nees einfach op d‘Strooss ze setzen. Preventioun fänkt och bei deem un, deen zu enger Prisongsstrof veruerteelt ginn ass, an deem d‘Méiglechkeet an d‘Aussiicht op eng Zukunft gebuede muss ginn.

D‘Reform vum Gesetz zum Jugendschutz wier esou iwwerfälleg, déi hätt scho misse virun 20 Joer net op der Dagesuerdnung stoen, mee ëmgesat solle ginn. Da sinn do déi ganz genderpolitesch Aspekter déi mussen ugepaakt ginn. D‘Konventioun vun Istanbul, d‘Affer-Ambulanz, de Mënschenhandel grad ewéi d‘Inter- an Transexualitéit.

Fir en Europa vun de Bierger

Als Fraktioun hunn sech déi gréng dann also emol virgeholl „ze begleeden an ze observéieren“. Gemengt sinn d‘Ëmsetzung vun der vun der Trennung vu Kierch a Staat, d‘Aféiere vun der gratis Kannerbetreiung an op d‘Steierreform hält wat versprach ginn ass. Et misst och hei zu Conclusioune kommen, a falls noutwenneg, Amendementer ginn, verbessert ginn. Och hei dierft ee villes nees am Wahlprogramm erëmfannen.

Gewënscht gëtt sech dann nach en Debat zu Europa. Och hei ass d‘Zäitfënster enk an et muss Faarf bekannt ginn. Déi gréng stinn dann och zu méi „EU“ mee et muss dem Bierger erkläert, méi no bruecht ginn. E staarkt Europa ass gutt fir jiddereen, beim Klimaschutz grad ewéi bei Froen zu der Migratioun. Sech méi op kooperativem Niveau mat „Drëttlänner“ verflichten an e méi soziaalt Europa schéngt hei d‘Zil ze sinn.

An dësem Kontext dann nach eng kuerz Stellungnam zu de Virfäll beim Referendum a Katalounien. Déi gréng sinn net fir d‘Onofhängegkeet wéi et d‘Katalane fuerderen a verdeedegen déi aktuell Verfassung vu Spuenien. D‘Gewalt, besonnesch wann de Staat se esou ausüübt, muss awer veruerteelt ginn. Esou beweist d‘EU net den Zesummenhalt deen sech déi gréng erhoffen. Eng Mediatioun wier dann och ugesicht der aktueller Situatioun sécher ubruecht.

Foto: Fraktioun vun déi gréng an der Chamber (v.l.n.r.) Claude Adam, Gérard Anzia, Viviane Loschetter, Josée Lorsché, Henri Kox, Roberto Traversini. © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Chamber, déi gréng, Fraktioun, Viviane Loschetter
Next post Previous post