Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Word In Progress: Den 12. November am Bistro Ratelach
Fail Neiegkeeten Sport

Word In Progress: Den 12. November am Bistro Ratelach

Inspiréiert un de Paräisser Soiréeë Work in Progress ass de

Härebierg: Zaldote gi vereedegt, Zaldote gi geéiert
Fail Neiegkeeten Sport

Härebierg: Zaldote gi vereedegt, Zaldote gi geéiert

E Freideg goufen um Härebierg 33 nei Zaldoten, déi hir

Budapest: Cargolux als beschte Loftfrachtgesellschaft ausgezeechent
Fail Neiegkeeten Sport

Budapest: Cargolux als beschte Loftfrachtgesellschaft ausgezeechent

Virun ee puer Deeg ass d‘Cargolux vun den Autoritéite vum

dislike

TDF: Éischt Victoire fir Démare, läscht Etapp fir Sagan

Den éischte Skandal ass perfekt

TDF: Éischt Victoire fir Démare, läscht Etapp fir Sagan

Keen Tour de France ouni Skandal. Dem Fransous Arnaud Démare seng éischt Etappevictoire geréit an de Schied vum Neie „Bad Boy“ Peter Sagan. Deem säi ruppegt Verhale beim Sprint op de leschte Meter virun der Arrivée huet zum Ausschloss gefouert.

Dobäi hat den Dag mam Depart zu Munneref a Präsenz vum Groussherzog Henri an dem Premierminister Xavier Bettel eigentlech gutt Ugefaangen. Dausende Leit haten hei Faarf bekannt a sech bei flottem Summerwieder de „Village“ an d’Coureure vu ganz no ugekuckt. Alles war gutt gelaunt an och de Buergermeeschter Lex Delles huet mat Begeeschterung festgestallt, datt ee Volleksfest schonn um hallwer néng moies ka lass goen.

Et waren och vill Gäscht aus dem Ausland ugereest, déi sech dëse Spektakel net wollten entgoe loossen. Esouguer de „Maillot Jaune“ Geraint Thomas, war vum freedegen Dreiwe ganz ageholl. Den eenzege Lëtzebuerger vum Tour, de Ben Gastauer, war och sichtlech ergraff. Et wier eng ganz besonnesch Erfarung gewiescht duerch d’Heemechtsduerf ze fueren, sot hien um Mikro vun RTL.

De Schëfflenger Bouf hat et dann och richteg ageschat, dat direkt vum Depart eng Echappéë déi véiert Etapp den Dag sollt bestëmmen. Virum Start huet de Ben Gastauer dann och nach gemengt, datt et een u sech rouegen Dag misst sinn. Souzesoen eng Tëschenetapp iert et an déi éischt Bierger geet. Eng Etapp awer och déi laut dem Ben fir d’Sprinter predestinéiert wier. Och hie konnt sech zu deem Ament net virstellen, datt et zu Vittel op der Arrivée zum Eclat kéint kommen.

Den onerwaarten Donnerschlag

Mat der Echappéë vum Guillaume Van Keirsbulck (Wanty Group Gobert) deen Zäitweis méi wéi zéng Minutten Avance op de Peloton hat, huet d’Etapp Munneref – Vittel säi Laf geholl. Zréckbehale kann een awer just déi läscht 500 Meter, déi um Enn fir de Peter Sagan zum Ausschloss gefouert hunn.

Alles huet mat enger éischter Chute, ronn 1.300 Meter virun der Arrivée ugefaangen an déi och de Coureur mam gielen Trikot verwéckelt war. De Geraint Thomas konnt deen awer retten. Hie konnt sech schnell nees op de Vëlo setzen a mat engem Equipier ouni Zäitverloscht an d’Zil fueren.

Keng Minutt méi spéit, dann eng zweet Chute. Déi war, esou huet d’Jury et no enger längerer Diskussioun entscheet, vum Slowak regelrecht provozéiert ginn. Op de leschte Meter huet dem Peter Sagan säin zolitte Coup mam Ielebou dofir gesuergt, datt direkt dräi Kontrahenten zu Buedem gaange sinn. De Mark „Cav“ Cavendisch (Dimension Data) sollt et esou schwéier treffen, datt och fir hien den Tour mat der véierter Etapp op en Enn geet.

No der medezinescher Ënnersichung war der Verdikt: Schëller gebrach. Domadder ass de „Manx Express“ gestoppt. Fir de Brit eng verdäiwelt Saison, huet hien dach bis ewell just am Februar eng Victoire fir sech konnte verbuchen. Wéinst engem Virus war hie scho länger ausgefall a konnt eréischt Mëtt Juni nees an d’Competitioun aklammen.

Onsportlecht Verhalen

Nodeems de Peter Sagan kuerz no der Arrivée op déi 115- Plaz am Klassement zeréckgesat ginn ass an och nach eng Zäitstrof vun 30 Sekonne kasséiert huet, hunn sech d’Evenementer iwwerschloen. Nach op der Arrivée hat sech den André Greipel (Lotto-Soudal) fierchterlech opgereegt: „En Typ kënnt mam Trikot vum Weltmeeschter a mengt hie kéint sech alles erlaben“. Eppes méi spéit a sécherlech berouegt, huet de Gréipel dunn awer gemengt dat d’Entscheedung vun der Jury ze haart wier.

D’Jury, ënnert der Presidence vum Belsch Philippe Marien, hat dann och gutt zwou Stonnen no der Arrivée de Peter Sagan vum Tour ausgeschloss. De Slowak hätt aner Coureuren a Gefor bruecht, heescht et am Verdikt. D’Rock-Star vum Peloton, deen och scho fréier vir „Gespréich“ gesuergt huet dierf sech d’Arrivée op de Champs Elysées elo also op der Tëlee ukucken.

Verständlech allerdéngs och de Protest vum Sagan an sengem Team, dat an engem Communiqué géint den Ausschloss protestéiert. Fir déi däitsch Equippe, déi grouss Hoffnungen op de Slowak gesat huet, ass et ee Fait de Course: „De Peter ass beim Sprint op senger Linn bliwwen“, a fuerdert, datt de Coureur seng zweet Plaz zougestane kritt.

De Peter Sagan seet zum Virfall: „Ech wousst net, datt de Mark Cavendish hannert mir war (…) De Mark ass wierklech schnell vun hanne komm an ech hu just net méi d’Zäit gehat lénks eriwwer ze zéien. Hien ass op mech duer komm an op der Barrière gelant.“ An de Weltmeeschter weider: „Wéi mer gesot ginn ass, datt de Mark gefall wier, sinn ech direkt no him kucke gaange fir gewuer ze ginn, wéi him geet.“

Fir den Arnaud Démare, deem et seng éischt Etappevictoire bei der drëtter Undeelnam um Tour de France ass, war et ee Virfall deen en sech gären erspuert hätt. Seng sportlech Leeschtung geréit esou an den Hannergrond. De Lëtzebuerger Ben Gastauer konnt allerdéngs och op dëser Etapp nees ee puer Plaze gutt maachen an hei am Land sollte mer gespaant sinn, wou hien sech wäert positionéiere wann d’Coureuren iwwert d’Arrivée op der „La Planche de Filles“ gefuer sinn.

Klassement (Etappe)

1. Arnaud Démare (FDJ)

2. Alexander Kristoff (Katusha-Alpecin)

3. André Greipel (Lotto-Soudal)

84. Ben Gastauer (AG2R)

Klassement (General – Eenzel)

1. Geraint Thomas (Team Sky) gielenTrikot

2. Chris Froome (Team Sky)

3. Michael Matthews (Team Sunweb)

4. Edvald Boasson Hagen (Dimension Data)

5. Pierre-Roger Latour (AG2R) wäissen Trikot

6. Philippe Gilbert (Quick-Step)

7. Michal Kwiatkowski (Team Sky)

8. Tim Wellens (Lotto-Soudal)

9. Arnaud Démare (FDJ Cycling) gréngen Trikot

10. Nikias Arndt (Sunweb)

93. Ben Gastauer (Ag2R)

172. Nathan Brown (Cannondale-Drapac Pro Cycling) Bierg-Trikot

Klassement (General – Equippen)

1. Team Sky

2. Quick-Step

3. Movistar

mat AFP

Fotoen: De Peter Sagan mam ausgefouerenen Ielebou dréckt de Mark Cavendish an d’Barrièren (© Jeff Pachoud/AFP)

Ähnlech Sujeten Lëtzebuerg, Sport, Tour de France
Nächsten Artikel Virrechten Artikel