Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Editorial: Boergeld oder net Boergeld; dat ass d‘Fro
International Neiegkeeten

Editorial: Boergeld oder net Boergeld; dat ass d‘Fro

Datt déi vun der Wirtschaft geleete Politik och a Krisenzäiten

+30°C ab elo?
International Neiegkeeten

+30°C ab elo?

Wann de Mee nach verhältnesméisseg kill bliwwen ass, esou soll

Diplomiwwerreechung am INL: Si sinn der Lëtzebuerger Sprooch mächteg
International Neiegkeeten

Diplomiwwerreechung am INL: Si sinn der Lëtzebuerger Sprooch mächteg

2019/2020 huet den Institut national des langues (INL) scho fir

Law & Order: Dem US-President seng Policereform (Analys)

Law & Order: Dem US-President seng Policereform (Analys)

Den US-President Donald Trump, deen sech bis ewell wéineg fir Deseskalatioun agesat huet an och soss éischter duerch eng aggressiv Haltung, wärend senger auslafender Mandatsperiod, opgefall ass, huet erkannt, dann hien eppes muss maachen, fir seng Chancen op en zweet Mandat ze verbesseren.

Esou ass dann elo derzou komm, datt de Milliardär no vill Kritik agelenkt huet. Gëschter huet hien den Dekret zu enger (begrenzter) Policereform ënnerzeechent. Eigentlech ass et méi ee Pak u Moossnamen „zur Upassung vun ëmstriddene Police-Praktiken“. Esou solle Verdächteger nëmmen nach vu Polizisten an de Wiergegrëff geholl ginn, wann d‘Situatioun „liewensbedreelech“ ass.

Zudeem sollen d‘Daten zu Polizisten déi negativ opfalen, den zoustännege Verwaltunge besser zougänglech gemaach ginn. Hien huet awer och däitlech gemaach, datt eng Kierzung vun de Police-Budgete genau esou ausgeschloss ass, wéi den Ëmbau“ vum Policeapparat. „D‘Amerikaner wëlle ‚Law & Order‘, si verlaangen ‚Law & Order‘“ esou den Donald Trump zu senger Entscheedung.

Am um Site vum Wäissen Haus verëffentlechten „executive Order“, setzt den US-President wuel eng Rei Fuerderunge vun de Biergerrechtsbeweegungen ëm, mee de grousse Worf ass et net. Hei gëtt de strikte Minimum hallefhäerzeg agebaut. D‘Virschléi si vun enger Kommissioun ausgeschafft ginn, an där ausschliisslech Vertrieder vun der Strofverfolgungsverwaltung siegéiert hunn.

Dogéint huet elo déi schwaarz Biergerrechtsbeweegung NAACP geklot. Op där anerer Säit huet d‘Gewerkschaft vun der Police „Fraternal Order of Police“ dem Donald Trump vollst Vertraue fir dës „Reform“ ausgeschwat. Dës Gewerkschaft steet allerdéngs am Verdacht delinquent Polizisten ze schützen. Zu Minneapolis wëll d‘Stadverwaltung och net mat dëser Gewerkschaft verhandelen.

Esou gëtt dat näischt

Sech hei mam Dekret an de Wënsch vum President ausenaner ze setzen, ass besonnesch da vu groussem Interessi, wann ee sech ee Bléck op dat vergënnt, wat d‘Trump-Administratioun net mécht. An dësem spannungsgeluedene Kontext, soll et beispillsweis net zu Enquête géint Police-Departementer kommen, an deenen et iwwerduerchschnëttlech zu Problemer mat de Gewalt kënnt.

Deen an der Mandatszäit vum Barack Obama agefouerten a systematesche Monitoring ass fale gelooss ginn a soll och net méi opgeholl ginn. Ënnert dem éischte schwaarze President an der Geschicht vun de Vereenegte Staaten, hu Geriichter a 14 Police-Departementer Reformen ëmgesat. De Justizministère ënnert dem Donald Trump, huet dat fale gelooss an d‘Ermëttlungen agestallt.

Esou dierft verständlech sinn, firwat d‘Biergerrechtsbeweegunge mat dësem Dekret net averstane sinn. Dëse Wësch ass erwisenermoosse keng Äntwert op déi ëmfaassend Fuerderunge, déi vun de „Minoritéite“ gefuerdert ginn. Dat ass dann nees dem Fait geschëlt, datt de Gros vun de Bierger an den USA eigentlech gäre „Rou an Uerdnung“ hätten, och wann si dat den Ament net oppe Soen.

An den USA ass dann och net mat Policereformen an engem neie President no de Walen am Hiecht gedoen. An de Vereenegte Staaten ass, dorunner dierft et kaum nach Zweiwel ginn, elo d‘Stonn komm, wou eng grouss gesellschaftlech Reform misst ugeduecht ginn, an méiglecherweis wier et och un der Zäit vum Zweeparteiesystem ofzekommen. Gutt et ass net virstellbar datt dat geschitt…

mat indymedia/nyc

Foto: © White House

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Law & Order, Policereform, US-Wahlkampf 2020, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel