Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

EU-Sommet: Europaminister bereeden sech zu Lëtzebuerg vir
https://moien.lu/100-questions-dating/

EU-Sommet: Europaminister bereeden sech zu Lëtzebuerg vir

Um Dënschdeg hunn sech zu Lëtzebuerg d‘EU-Europaminister zesummefonnt, fir sech

sinaloa dating site
https://moien.lu/100-questions-dating/

https://moien.lu/dating-portal-leipzig/

De Kommandant vun der amerikanescher Küstewaach, Paul Zukunft, huet haut

DP Nationalkongress: „Mir sinn iwwerzeegt, déi bescht Iddie fir eist Land ze hunn!“
https://moien.lu/100-questions-dating/

DP Nationalkongress: „Mir sinn iwwerzeegt, déi bescht Iddie fir eist Land ze hunn!“

Sonndeg de Mueren 10:00 Auer: Den Auditoire am Tramsschapp um

LCGB 1. Mee-Feier: d‘Aarbecht vu muer gestalten!

LCGB 1. Mee-Feier: d‘Aarbecht vu muer gestalten!

Réimech den éischte Mee 10.00 Auer: um Parvis vun der Schwämm fänkt et un „gréng“ vu Leit ze ginn. De Grond vir déi sëlleche Leit sech hei ze versammele war liicht verständlech, den LCGB hat zur Éischt Mee-Feier agelueden, si hu kengem misse fléiwen.

Besonnesch erfreelech fir déi chrëschtlech Gewerkschaft, nieft vill politescher Prominenz huet et och net u jonke Mënsche gefeelt. An den 1. Mee vum LCGB, dee wuel nach ëmmer an éischter Linn d‘Zil huet, d‘Revendicatioune vu senge Memberen um Dag vun der Aarbecht ze betounen, ass och e Fest mat convivialem Charakter.

Wichteg heibäi ass a bleift de Ried vum Gewerkschaftspresident. Si definéiert – besonnesch am Virfeld vun de Chamberwahlen – d‘Strategien an d‘Fuerderungen. An esou dierf een op dëser Plaz och betounen, datt de Patrick Dury kaum e gliddegt ausgelooss huet.

Den Zesummenhalt stäerken

Wann den éischte Mee den Dag vun de Gewerkschaften ass, esou wier et och den Dag vun de schaffende Leit an hire Familljen, esou d‘Aleedung vum LCGB-President. Hien huet an engem vollen Zelt all senge Memberen an hire Familljen däitlech gemaach, datt den LCGB vu senger Missioun iwwerzeegt ass, an eenzeg den Interêt vun de Salariéeë virun Aen huet.

LCGB

Virun der Ried vum LCGB-President ass et emol e Käffchen zur Stäerkung ginn. © Martine de Lagardère/moien.lu

An d‘Gewerkschaft fuerdert dann och déi politesch verantwortlech zu Lëtzebuerg, mee och an Europa op, alles ze ënnerhuelen, fir datt d‘Stierwen duerch Krich, Folter oder der dorausser entstanener Misär ganz séier op en Enn kënnt.

Et misst sech der Ongerechtegkeet an dem Wahnsinn an de Wee stellen. An d‘Europäer wieren net schlecht beroden, virun der eegener Hausdier domatter unzefänken. Et gëllt deemno sech de Spigel virun d‘Gesiicht ze halen an ze iwwerleeë wat all eenzele kann dozou bäidroen. Eise Fridden an d‘Sécherheet, kann net duerch Friemenhaass, Intoleranz an Ofschottung geséchert ginn.

Géint Populismus a Nationalismus

Wien sech duerch de Populismus a Nationalismus blende léisst, muss wësse wéi eng Konsequenzen dat kann hunn. Hie bedauert dann och, datt grad hei zu Lëtzebuerg vill Leit sech vun dësen Ängschte leede loossen.

„D‘Froe ronderëm eis Identitéit, ronderëm d‘Lëtzebuerger Sprooch, weise kloer drop hin, datt vill Leit och hei am Land veronséchert sinn“, esou de Patrick Dury. Et misst ee sech dann awer bewosst sinn, datt d‘Hallschent vun den Awunner haut net déi Lëtzebuerger Nationalitéit hunn, an zudeem 50% vun de Salariéeën aus der Grenzregioun op Lëtzebuerg schaffe kommen.

An esou ass et nieft der Méisproochegkeet, och dës Kombinatioun vun enger oppener Gesellschaft an oppener Aarbechtswelt, déi eist Land staark gemaach huet. Lëtzebuerg hätt sech ouni Immigratioun an Integratioun ni esou gutt entwéckelt, wéi mir dat haut kennen. De Räichtum vun deem mir zieren, ass och vun de Grenzgänger erschafft ginn.

Mat engem staarke Leitmotiv an d‘Sozialwahlen 2019

„Haut ass muer, d‘Aarbecht vu muer gestalten“ ass dann och Leitmotiv vum LCGB fir d‘Sozialwahle vu 2019. Wann an eiser Aarbechtswelt vun engem Ëmbroch an enger drëtter industrieller Revolutioun rieds ass, esou misst sech och mat de sozialen Aspekter vun dëser Revolutioun beschäftegt ginn.

LCGB

Et muss ee sech trotz 1. Mee selwer net ze eescht huelen. Mee wann den Interêt vum Salariat um Spill steet, dann ass et Schluss mat Lëschteg. © Martine de Lagardère/moien.lu

Hie wëll dann och wësse wat et bedeit, wa scho muer Betriber nëmmen nach Virtuell existéieren ? Wéi een de Mëssbrauch vun den Donnéeën, déi schonn haut masseg gesammelt ginn, ka verhënneren? A wéi mir, als Gesellschaft, mat deene Méiglechkeete wëllen ëmgoen, déi eng total Kontroll vum Mënsch erméiglechen?

Et ass dann och grad am Kontext vun der Digitalisatioun, wou den LCGB sech operluecht huet, d‘Bäibehale vun onbefristeten Aarbechtsverträg als Reegel am Land ze institutionaliséieren. Dozou gehéiert och déi obligatoresch Sozialversécherung.

Eng gutt Fortbildung muss garantéiert bleiwen

„Haut ass muer bedeit fir den LCGB och d‘Fuerderung no méi an enger besserer Fortbildung“, esou den LCGB-President, deen zousätzlech fir all Salarié en Urecht op Weiderbildung fuerdert. Dat bréngt mat sech, datt een och d‘Finanzéierung vun dëser Weiderbildung op nei Féiss muss stellen. „D‘Patronat muss obligéiert ginn, an hiert Personal ze investéieren“.

An esou soll dann och net nëmmen am Kontext vun der Digitalisatioun, d‘Ofsécherung vun den Existenze vun de Salariéeën an hire Familljen, am Bezuch op de Risk seng Aarbecht ze verléieren, garantéiert ginn.

Et wier wuel richteg, datt d‘Konjunktur gutt ass, mee de Patrick Dury weist drop hin, datt „de Chômagetaux par Rapport zur Entwécklung vun den Aarbechtsplazen nach ëmmer vill ze héich ass“. Mat Suerg betruecht den LCGB-President dann och d‘Entwécklung vum Laangzäit-Chômage, dee rasant géif zouhuelen.

D‘Politik um Holzwee

Laangzäit-Chômeuren a Salariéeën iwwer 45 Joer, zesumme mat deene Jonken, déi keng oder nëmmen eng schlecht Formatioun hunn, géifen e strukturelle Problem duerstellen. A fir de Patrick Dury ass et esouwuel onverständlech wéi inakzeptabel, datt den Aarbechtsminister Mesure wéi „d‘aide au réemploi“ verschlechtert oder „d‘préretraite-solidarité“ ofgeschaaft huet.

An esou ass dann awer och fir den LCGB ëmmer nach besser d‘Aarbecht, amplaz de Chômage oder den RMG ze finanzéieren. Hei fuerdert d‘Gewerkschaft dann och mat Nodrock „fir all Salarié e Recht op Aarbecht!“.

LCGB

Wou vill geschwat gëtt, ginn d‘Leit duuschtereg, an déi heiten Equipe huet uecht gedoen, datt och fir jidderee gesuergt war. © Martine de Lagardère/moien.lu

Et géif wuel och eng ganz Rei gutt Usätz, déi dann awer ze zaghaft a bescheiden ugepaakt ginn. Eng miessbar Wierkung géif esou net, an beim LCGB hat ee sech vum Aarbechtsminister méi Courage an Engagement erwaart. An et ass dann och net nëmme beim Aarbechtsminister wou et klemmt, well dem Sozialminister feelt et anscheinend och un Duerchsetzungsverméigen.

En Reform vun der Reform

De LCGB trëtt kloer fir e staarkt Sozialmodell an, a verlaangt dofir d‘Reform vun der Reform am Beräich vun der Fleegeversécherung. Hei wieren onverständlech „Mesure“ geholl ginn, déi d‘Problemer vun de Betraffenen net léist, mee zolidd verstäerkt.

„De Minister vun der Securité Sociale ass sech dann och net ze schued, fir hei d‘Ëffentlechkeet unzeléien, oder ass einfach nëmme feig a wëll net zouginn, datt hien als sozialistesche Minister hei am Fong eng asozial Politik an dëser Reform vun der Fleegeversécherung ëmgesat huet!“, iergert sech de Patrick Dury, dee hei vill Applaus am Zelt kritt huet.

Dofir stellt den LCGB dann och d‘Ofsécherung vun de Salariéeën an hirer Existenz am Krankheetsfall op d‘Prioritéitelëscht. Zanter méi wéi 4 Joer hätt een „Léisungen a Solutioune fir déi betraffe Leit agefuerdert“. An awer ginn dës Mënschen och weiderhin „gedirängelt, gepisakt a regelrecht schikanéiert“. Domatter kann a wäert sech d‘Gewerkschaft net offannen.

„Et geet elo déck duer!“

„Dem Original am Sozialen“, ewéi sech dem Minister seng Partei gären nennt, wieren d‘Leit schäissegal, oder firwat ass et grad de Sozialminister, dee géint den Interêt vun de kranke Leit agéiert? An dem LCGB geet et elo déck duer!

D‘Gewerkschaft fuerdert dann och net manner méi eng strikt Gläichbehandlung vum Secteur Public an dem ëffentlechen Déngscht. Gefuerdert gëtt och d‘Ofschafe vun der 52/78 Woche-Reegel an d‘Aféiere vum Prinzip, datt d‘Leit esoulaang krank gemellt sinn, bis se nees gesond sinn an nees schaffe kënnen. Wann et net méi geet, muss deene betraffenen eng Invaliderent zougestane ginn.

LCGB

Den Departement „ëffentlechen Déngscht“ vum LCGB. Si setze ganz besonnesch fir eng Gläichstellung vum „Secteur Public“ an dem „Privatsecteur“ an. © Martine de Lagardère/moien.lu

An dësem Kontext, esou d‘Ukënnegung vum Patrick Dury, soll et de 25. Juni zu enger entspriechender Manifestatioun um Rousegäertchen, direkt virum Ministère kommen. Et misst een de Minister esoulaang mat sengen Akte konfrontéieren, bis eng akzeptabel Léisung fonnt gëtt.

Aarbecht a Famill muss zesummegoen

D‘Gewerkschaft stellt an hirer Aarbecht de schaffende Mënsch an de Mëttelpunkt. Et gëtt sech agesat fir Deelzäit-Aarbecht mam enger Garantie nees Vollzäit ze schaffen, wann d‘Situatioun oder de Besoin sech verännert. Zudeem gëtt eng Reform vun de Reklassementsprozedure gefuerdert.

An ënnert dem Leitmotiv „Haut ass Muer“ setzt sech den LCGB mat all senge Memberen, fir eng strikt Gläichbehandlung tëscht dem „Public an dem Privé“ an. D‘Gläichbehandlung vun alle Salariéeën, op Resident oder och net, ass eng Verflichtung déi den LCGB sech operluecht huet. Hei wäert een dann och keng Rou ginn, bis och déi leschten Ongerechtegkeet aus der Welt ass.

Dofir verlaangt den LCGB-President och d‘Aféierung vum generaliséierten Tiers-Payant. Vun der Familljeministesch gëtt d‘Upassung vum Kannergeld un d‘Lounentwécklung verlaangt. A Vum Patronat gëtt net manner gefuerdert, wéi sech zum Lëtzebuerger Sozialmodell ze bekennen.

Foto: Den LCGB-President Patrick Dury huet et „lafe“ gelooss, an de Fanger a vill Wonner geluecht. Fir hien ass „Haut scho Muer“ an op Patronat oder Regierung, se si gewarnt, datt ee vu Gewerkschaftssäit net méi gewëllt ass sech op der Nues ronderëm danzen ze loossen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten 1. Mee, LCGB, Patrick Dury
Nächsten Artikel Virrechten Artikel