Search

You may also like

De Biergerdialog zur Reorganisatioun vum RGTR-Reseau
Meenung Neiegkeeten

De Biergerdialog zur Reorganisatioun vum RGTR-Reseau

De ländlechen ëffentleche Verkéier (RGTR) gëtt bekanntlech net nëmme vum

Houston: Trauerfeier mat Symbolkraaft
Meenung Neiegkeeten

Houston: Trauerfeier mat Symbolkraaft

E Méindeg gouf de Sarg mam Läichnam vum George Floyd,

Nom Tanktourismus… den Tubaktourismus
Meenung Neiegkeeten

Nom Tanktourismus… den Tubaktourismus

Wärend sech Energie- Finanz- an Aarbechtsminister drop ageschwuer hunn, de

Ried vum LCGB-Nationalpresident Patrick Dury zum 1. Mee

Ried vum LCGB-Nationalpresident Patrick Dury zum 1. Mee

Well et opgrond de Restriktiounen, ervirgeruff duerch d‘Covid19-Pandemie dëst Joer leider keng gréisser 1. Mee Feiere ka ginn, huet d‘Redaktioun decidéiert aus Respekt virun de Salariéeën an de Membere vun der Gewerkschaft LCGB entscheet, d‘Ried vum Gewerkschaftspresident a senger integraler Fassung ze verëffentlechen.

Erlaabt eis nach emol drop hinzeweisen, datt et scho virun dëser Kris wichteg war, sech als Salariat ënner engem „Präbbeli“ ze versammelen. Datt dat, mat deem wat eis nach bevirsteet, nach eppes méi wichteg ginn ass, sollt jiddereen, deen sech nach net enger Gewerkschaft ugeschloss huet, zum Nodenke bréngen. Am „Ree sangen“ ass kee Schutz…

Léif Kolleeginnen a Kolleegen,

Ech begréissen Iech all haut ganz häerzlech op dësem ganz speziellen 1.Mee. Een éischte Mee, deen natierlech markéiert ass duerch déi aktuell sanitär Kris. Eng Kris, déi an der Suite vun der Coronavirus-Pandemie d’Liewen doheem an der Famill, d’Manéier wéi mir schaffen a schlussendlech de Fonctionnement vun eiser ganzer Gesellschaft extrem markéiert an impaktéiert huet.

D’Regierung huet decidéiert, den Etat d’Urgence auszeruffen, an eng ganz Rei vu Mesuren op de Wee bruecht, fir ze probéieren, dës Kris an de Grëff ze kréien. Fir den LCGB goufen et vun Ufank un zwou Prioritéiten, no deene mir eisen Engagement, eis Schaffensaart a -weis, an eis komplett Aarbecht ausgeriicht hunn.

Dat ass zu alleréischt de Schutz vun der Gesondheet vun all de Salariéen an hire Familljen, an awer och d’Ofsécherung vun den Existenze vun de Salariéen, well dës sanitär Kris eng schwéier ekonomesch a sozial Kris no sech wäert zéien.

Kolleeginnen a Kolleegen,

Fir et direkt kloer ze soen, d’Previsioune sinn net gutt. De Coronavirus huet weltwäit fir déi schlëmmste Kris zanter dem 2. Weltkrich gesuergt. Déi éischt Schrëtt vum Deconfinement, déi d’Regierung elo op de Wee bruecht huet, stinn sécherlech ënnert dem Virbehalt, datt net eng zweet Well vun Infektiounen nokënnt, déi alleguerten d’Efforte vun de leschte Wochen erëm kéint op Null bréngen.

Dës sanitär Kris kann réischt op en Enn kommen, wann mir entweder en Impfstoff oder e wierksaamt Medikament zur Behandlung zur Verfügung hunn. Bis dohin, musse mir alleguerten déi Mesuren, déi d’Inspection Sanitaire festgeluecht huet, respektéiere, fir an der gréisstméiglecher Sécherheet kënnen ze schaffen, ze leieren an ze liewen.

Fir d’Sécherheet fir all eenzele Salarié kënnen ze garantéieren, huet den LCGB eng Rei vun Fuerderungen un d’Regierung an d’Patronat gestallt:

  • Kloer a verständlech Reegele, wat d’Schaffen ënner Pandemie-Konditiounen ugeet;

  • D’Material fir de Gesondheetsschutz, ewéi Masken, Händschen an Desinfektiounsmëttel, zur Verfügung ze stellen;

  • D’strikt Iwwerwaache vun den nei definéierten Reegelen.

D’Regierung an d’Patronat sinn eise Fuerderungen zum groussen Deel nokomm, an deementspriechend ass en spezielle Reglement Grand-Ducal zesummen ausgeschafft ginn, wou och notamment d’Informatioun an d’Formatioun vun de Salariéen, wat d’Verhalensreegelen an dëser Situatioun ugeet, virgesinn ass, grad esou ewéi en Droit de Retrait fir de Salarié, sollten déi spezifesch Gesondheetsreegelen net kënnen agehale ginn. D.h. wann déi néideg Protektiounsmesuren aus iergendengem Grond net agehale kënne ginn, kann kee Salarié hei am Land gezwonge ginn ze schaffen.

Den LCGB huet dës Fuerderungen opgestallt an den entspriechende Reglement Grand Ducal ganz aktiv mat ausgehandelt, well, Kolleeginnen a Kolleegen, mat der Gesondheet vun de Salariéen däerf elo an dëser wichteger Phase vum Deconfinement NET gespillt ginn. Den LCGB fuerdert weider vun der Regierung dat alleguerten d’Salariéë, wann se erëm ufänke mat schaffen, onbedéngt getest misste ginn.

Kolleeginnen a Kolleegen,

Dës sanitär Kris ze meeschteren, geet awer net duer, well se wäert eng ganz schwéier wirtschaftlech Krise no sech zéien. Schonn Enn Mäerz ass de Chômage hei am Land substanziell geklomm. Et bleift ze fäerten, dat eng ganz Réi vun Faillitten vun Betriber virun der Dier stinn, an déi international Auswierkungen vun der Krise zeechnen sech och schonns um Horizont of.

Dës Entwécklunge stellen eng weider existenziell Bedrohung fir d’Salariéen an hir Familljen duer. Fir den LCGB ass eppes kloer, d’sanitär Kris an déi wirtschaftlech Kris an der Suite vun der Pandemie, duerfen op kee Fall zu enger sozialer Kris féieren. Den LCGB huet dofir eng Rei vu Fuerderungen opgestallt, fir d’Auswierkunge vun dëser weltwäiter Wirtschaftskris op d’Salariéë kënnen opzefänken.

Den LCGB fuerdert vun eiser Regierung, de Chômage partiel als Anti-Kriseninstrument weiderzëentwéckelen an ze verbesseren. De Chômage partiel muss, souwäit et iergendwéi méiglech ass, verhënneren, datt Betriber Leit entloossen, a muss dofir de Betriber och wärend enger längerer Phase nom Enn vun der sanitärer Kris zur Verfügung stoen.

Fir awer och déi sozial Auswierkunge vu genee dësem Chômage partiel an de Grëff ze kréien, muss doriwwer eraus d’Indemnitéit op 90% vum Salaire ajustéiert ginn, mat engem Plaffong, dee 5x dem soziale Mindestloun entsprécht.

Fir den LCGB mussen och d’Rechter vun de Salariéen am Fall vun engem Sozialplang oder enger Faillitte gestäerkt ginn, fir d’Auswierkungen op den eenzele Salarié besser ofzefiederen.

Besonnesch am Fall vun enger Faillite, mussen déi betraffe Salariéen direkt vun der Indemnitéit de Chômage kënne profitéieren. Fir d’Auswierkunge vum Chômage opzefänken, fuerdert den LCGB d’Regierung op, fir d’Iwwerleeungen ëm eng national Cellule de Reklassement erëm ze relancéieren. Duerch esou eng Struktur, solle Leit, déi duerch d’Suite vun dëser Kris hir Plaz verléieren, an der Aarbecht gehale ginn, an an aner Betriber kenne weidervermëttelt ginn.

Esou kënne Salariéë virun de sozialen Auswierkunge vum Chômage a besonnesch dem Laangzäitchômage protegéiert ginn, an d’main-d’oeuvre kann séier vum Beräich, wou momentan manner Besoin besteet, op déi Beräicher ëmgeleet ginn, déi kuerzfristeg een méi héije Besoin ausweisen. Doriwwer eraus, muss iwwerluecht ginn, op net Travaux d’utilité publique lancéiert ginn, fir de „sureffectif“ deen insgesamt kéint entstoen, ze geréiren.

Den LCGB fuerdert do dernieft, dat no der sanitärer Kris, déi 78 Woche Limitt bei Krankmeldungen ni méi zum Droen däerf kommen. Et ass onbegräiflech, firwat een elo sou eng Krise gebraucht huet, fir dem responsabele Minister virun Aen ze feieren, datt esou eng Limitt ëmmer erëm Situatiounen schaaft, wou schwéier krank Leit ëm hir finanziell Existenz musse fäerten. D’Verhale vun de Responsabelen an dësem Dossier ass einfach zynesch an duerch näischt ze rechtfäerdegen.

De soziale Mindestloun muss weider ajustéiert an adaptéiert ginn, fir datt endlech alleguerten d’Salariéen e Revenu hunn, deen däitlech iwwert der Aarmutsgrenz läit. Déi aktuell sanitär Kris huet och gewisen, wéi wichteg Digitalisatioun ass, well grad d’Digitalisatioun et erlaabt huet, duerch Télétravail a Videokonferenzen eis Ekonomie deelweis um Lafen ze halen.

Den LCGB fuerdert dofir den Aarbechtsminister an de Finanzminister op, den néidege legale Kader ze schafen, fir dat digital Outile weider ausgebaut kënne ginn, notamment fir alleguerte d’Frontaliere missten déi steierlech Mesurë kënne weidergefouert ginn, fir dat den Télétravail als real Alternativ kann dauerhaft bestoe bleiwen.

Den LCGB fuerdert d’Patronat op, de Sozialdialog ze stäerken an duerch eng adaptéiert a progressiv Kollektivvertragspolitik d’Aarbechtsplazen ofzesécheren, d’Kafkraaft ze stäerken an de Gesondheetsschutz weiderzëentwéckelen. Den LCGB warnt d’Patronat ausdrécklech, net vun der Krise wëllen ze profitéieren andeems elo probéiert gëtt, d’60 Stonnewoch duerchzedrécken oder Acquisen vun de Salariéen, ewéi de Congé Collectif am Bau, a Fro ze stellen.

Kolleeginnen a Kolleegen,

All Kris stellt fir eis all eng enorm Erausfuerderung duer, an dës sanitär Kris an hier sozioekonomesch Auswierkunge ganz besonnesch. All Kris kann awer och zu enger Chance ginn, andeems nei Outilen, nei Mesuren am Interêt vun de Salariéë kënnen op de Wee bruecht ginn, déi net nëmmen d’Kris an hier Auswierkungen hëllefen ze bewältege mee déi aktiv, d’zukünfteg Funktionéieren vun eiser Gesellschaft an eiser Aarbechtswelt kënne verbesseren.

Den LCGB wäert sech voll a ganz op dësem Wee engagéieren. Mir brauchen elo déi richteg Decisiounen an Weichestellungen. Den LCGB refuséiert dat dës Krise sech um Réck vun de Salariéen ofspillt, andeems elo d’Leit ëm hier Existenz musse fäerten an effektiv hir Plaze riskéieren ze verléieren a muer och nach d’Sozialprestatiounen zeréckgefuer an d’Steieren eropgesat ginn.

Den LCGB fuerdert e solidareschen Effort an eiser ganzer Gesellschaft! Mir brauche méi sozial Gerechtegkeet, fir gestäerkt aus dëser Kris erauszekommen.

Kolleeginnen a Kolleegen,

Den LCGB huet sech an dëser sanitärer Kris och missten adaptéieren. Hautzedaags maache mir Videokonferenze mat iech, mir sinn ëmmer fir iech do, wann och fir de Moment éischter virtuell ewéi physesch.

Am Numm vum LCGB ënnersträichen ech haut der ganzer gewerkschaftlecher Organisatioun hiert Engagement, dass mir all, ob an der Zentral oder bei iech am Betrib, fir iech do sinn an eis voll a ganz an den Interêt vun eise Memberen an allen Salariéen vun der Privatwirtschaft stellen.

Ech wëll dofir alleguerten eisen Delegéierten, Memberen, Militanten an Mataarbechter Merci soe fir hir Solidaritéit an Ënnerstëtzung.

Iech all Merci fir ären Engagement.

Dofir gëllt:

  • Bleift gesond.
  • Vive den 1. Mee
  • Vive den LCGB

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu (archiv)

Related topics 1. Mee, Gewerkschaften, LCGB, Patrick Dury
Next post Previous post