Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

10. Editioun vum „Intra Urban Dance Festival“
Neiegkeeten

10. Editioun vum „Intra Urban Dance Festival“

E Samschdeg de 15. Juni fënnt um Knuedler, déi 10.

Deconfinement: Wéi eng Moossnamen fir Kanner mat spezifesche Besoinen?
Neiegkeeten

Deconfinement: Wéi eng Moossnamen fir Kanner mat spezifesche Besoinen?

D’APCCA (Association du Personnel des Centres de Compétences et de

Iran: De President Rohani kuckt schwieregen Zäiten entgéint
Neiegkeeten

Iran: De President Rohani kuckt schwieregen Zäiten entgéint

Fënnef Joer nodeems den iranesche President Hassan Rohani un d‘Muecht

LCGB – Diskussioune gi virun am Iwwerwachungsschutz

LCGB – Diskussioune gi virun am Iwwerwachungsschutz

No 10 Méint u Verhandlunge kann den LCGB endlech bestätegen, datt Diskussioune vun der Erneierung vum sektorielle Kollektivvertrag vum Iwwerwachungsschutz, trotz Schwieregkeeten, viru ginn.

D’Majoritéit vum Syndikat vun der LCGB an dësem Secteur huet konkret Propositiounen ofginn, ëmmer am Interêt vum Salarié, och wann d’Patrone gewësse Konditioune vum 13. Mount am Zesummenhang mat de Krankschreiwungen an eng desolat Erhéijung vum Salaire froen, sou wéi d’Nofro vun iwwerméisseger Flexibilitéit.

Nom stännegen Engagement vum LCGB no engem gerechte Kollektivvertrag am strikten Interêt vum Salarié huet d’Patronat schlussendlech folgend Verbesserunge virgeschloe:

  • Eng Erhéijung vum Salaire
  • Eng Erhéijung vun der Primm beim Bestiednis a PACS
  • Eng méi héich Primm fir Hondsféirer
  • Eng Erhéijung vun der Primm vum Geldtransport

Den LCGB begréisst déi konkret a schrëftlech Propositiounen, déi, no der leschter Reunioun um 01. Oktober 2018, vun der Säit vum Patronat ervir ginn.

Matgedeelt vum LCGB
Iwwersat vum Shari Pleimelding

Ähnlech Sujeten Kollektivvertrag, LCGB, Sécherheet, Verhandlung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel