Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Military Challenge 2019 – Mat Geschéck a Konditioun ëm de Stauséi
https://moien.lu/tryst-hookup/

Military Challenge 2019 – Mat Geschéck a Konditioun ëm de Stauséi

Bei der 8. Editioun vum Military Challenge sinn um haitege

hook up breaker
https://moien.lu/tryst-hookup/

how to find out if your boyfriend is on dating apps

Et ass wuel ee vun de gemitterlechste kuriéise Feierdeeg: de

De Comité géint HIV presentéiert de Rapport vun 2017
https://moien.lu/tryst-hookup/

De Comité géint HIV presentéiert de Rapport vun 2017

D’Joer 2017 war räich un Aktivitéite fir den Iwwerwaachungscomité vum

Den LCGB hätt gäre vum Finanzminister e puer Erklärungen

Den LCGB hätt gäre vum Finanzminister e puer Erklärungen

An dësem Fréijoer, ginn eng gréisser Unzuel vu bestuete Steierzueler déi net am Land wunnen, genéidegt hir éischt gemeinsam Steiererklärung fir d‘Akommes zu Lëtzebuerg ze deklaréieren. Während sech déi bestuete Frontaliere mat den administrativen Demarchen emol familiariséiere mussen, sinn se zousätzlech enger weiderer Onsécherheet ausgesat. Wéi en Impakt huet déi nei fiskal Konventioun tëscht Lëtzebuerg a Frankräich op hir Steierlaascht?

Den 20. Mäerz 2018, hu Lëtzebuerg a Frankräich eng nei fiskal Konventioun ënnerschriwwen, déi drop aus ass, eng duebel Besteierung ze verhënneren, an der Steierhannerzéiung, am Kontext vun der Besteierung vum Akommes an dem Räichtum, e Reedel virzeleeën. Déi verschidden Aussoe vu Steierexperten an de Medien, bereeden de franséische Frontaliere méi Suerge wei Freed, egal op se nach schaffen oder schonn eng Pensioun vu Lëtzebuerg bezéien. Si fäerten datt mam Akraafttriede vun der Konventioun, hir Steierlaascht an d‘Luucht geet.

Getrei sengem Positionnement vun de leschte Joren, deen zum Zil huet eng strikt Steiergläichheet tëscht de Steierzueler am Inland an de Frontalieren erbäizeféieren, huet sech den LCGB seng eegen Analys vun der Konventioun erlaabt. Hei, am Artikel 22, ass tatsächlech virgesinn, datt de Salaire dee schonn zu Lëtzebuerg besteiert gëtt, och am Frankräich besteiert gëtt. Datt allerdéngs ënnert der Deductioun vum Steierkredit, deen der Zomm entsprécht, déi der franséischer Steier geschëlt wier, fir e gläiche Salaire am Frankräich. Esou wéi dat vum LCGB verstane gëtt, sollt dës Moossnam verhënneren, datt sech d‘Steierlaascht am Frankräich erhéicht.

Vir elo all Interpretatioun vum Ausmooss vun dëser Dispositioun ze verhënneren, imposéiert sech eng séier Klärung, am Bezuch op déi praktesch Uwennung fir déi franséisch Frontalieren, déi enger besteierter Aktivitéit zu Lëtzebuerg noginn, oder eng Pensioun aus Lëtzebuerg erhalen. Zu dësem Zweck huet den LCGB den 19. Februar beim Finanzminister Pierre Gramegna (DP) eng dréngend Entrevue ugefrot.

Bei dëser Entrevue huet den LCGB och wëlles, verschidde Froen unzeschwätzen, déi sech op d‘Formulairen zur Steiererklärung fir 2018 bezéien. Esou imposéiert d‘Gesetz dat strikt Anhale vum Delai (31. Mäerz 2019) fir d‘Demande vum Changement vum Steier-Regime (gemeinsam oder individuell Besteierung) fir d‘Besteierung vun 2018. Dësen Delai ass fir vill Frontalieren esou net ze halen. D‘Obtentioun vun alle gefuerderten Dokumenter déi der Steiererklärung unzespéngele sinn, ass zäitlech net ze bewältegen. Dat ass beispillsweis de Fall fir déi belsch Frontalieren, déi hir Dokumenter zur Justifikatioun vun der Deklaratioun eréischt am Mee-Juni 2019 erhalen.

An dësem Kontext organiséiert den LCGB Informatiounsowenter zur Steiererklärung iwwert d‘Akommes vu Lëtzebuerg:

Am Frankräich:

4 mars 2019 à 19h00 Thionville – Espace multifonctionnel de Veymerange // Adresse: 14, route du Buchel F-57100 Thionville

6 mars 2019 à 19h00 Villers-la-Montagne – Salle polyvalente // Adresse: 36, rue Gaston Dupuis F-54960 Villers-la-Montagne

An der Belsch:

25 février 2019 à 19h00 Bastogne – Ecole du Feu // Adresse: 14, rue du Fortin B-6600 Bastogne

27 février 2019 à 19h00 Arlon –Hôtel Van der Valk // Adresse: 596, route de Longwy B-6700 Arlon

matgedeelt vum LCGB, aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

Ähnlech Sujeten Finanzminister, Frontalieren, LCGB, Pierre Gramegna, Steiererklärung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel