Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Zwangspaus fir dat britescht Parlament
Neiegkeeten WTF

https://moien.lu/copenhagen-speed-dating/

Den neie britesche Premierminister Boris Johnson huet sech virgeholl Groussbritannien

dating aries man forum
Neiegkeeten WTF

What the Fakt – Alles agepaakt beim Christo?

Duerch seng speziell Verhüllungskonscht ass de bulgaresche Kënschtler Christo bekannt

London preziséiert d‘Konsequenze vun engem Brexit ouni Accord
Neiegkeeten WTF

London preziséiert d‘Konsequenze vun engem Brexit ouni Accord

De britesche Ministère dee sech ëm den Austrëtt aus der

surprise

Den LCGB fuerdert vun der Regierung méi politesch Verantwortung

Den LCGB fuerdert vun der Regierung méi politesch Verantwortung

Um Neijoerschpatt vun der chrëschtlecher Gewerkschaft zu Schëffleng, huet den LCGB-President Patrick Dury op en Neits déi gewerkschaftlech Revendicatioune virgeluecht. Et misst onbedéngt eng méi sozial Politik fir d‘Salariéeën aus dem Privatsecteur gemaach ginn.

D‘Gewerkschaft huet dann och entspriechend Zweiwel, op een e gudde Start an dat neit Joer geholl huet. D‘Niewewierkunge vun der aktueller Regierungspolitik op d‘Salariat wiere negativ. Et gëtt also héich Zäit, esou de Patrick Dury, datt d‘Volleksvertrieder Verantwortung iwwerhuelen, an den Ongerechtegkeeten en Enn bereeden. Och de „soziale Gruef“ géif ëmmer méi déif ginn, an hei misst stënterlech eng ënnerholl ginn.

A bei de Fuerderung vum LCGB fënnt een dann och „al Bekannter“ erëm: Zäitspuerkonte missten e verbréift Recht fir all Salarié ginn. Hei hätt een no zwee Joer Verhandlungen eenzeg an eleng en Accord fir d‘Staatsbeamten hikritt. Elo wier den Aarbechtsminister um Zuch a misst Handelen.

Ganz a guer net averstanen ass de Patrick Dury, mat der hallefhäerzeger Léisung, déi vum Sozialminister mam Accord vum OGBL an der UEL (Patronatsverband), beim Problem vun den 52 Woche Krankmeldung virgeluecht ginn ass. Et wier eemol ze komplizéiert an och juristesch zweiwelhaft. Déi proposéiert Léisung géif de Salariéeën aus dem Privatsecteur, déi eng schwéier Krankheet hätten, keng reell Garantie ginn.

Liberaliséiert Aarbechtszäiten

Haperen deet et och bei den Ëffnungszäite vun de Geschäfter. Fir den LCGB-President muss all Liberalisatioun vun den Ëffnungszäiten, vun enger Diskussioun begleet ginn, bei där d‘Attraktivitéit vun der Sonndes-, Feierdag- a Nuetsaarbecht am Mëttelpunkt steet. Mee natierlech sollen och an dësem Kontext Themen ugeschwat ginn. Mam „PAN-Gesetz“, wou de Reflexioune vun der Gewerkschaft Rechnung gedroe ginn ass, hätt den Aarbechtsministère et fäerdeg bruecht, d‘Organisatioun vun der Aarbechtszäit méi komplizéiert ze maachen. Innovativ Fuerderunge vum LCGB hätt een einfach ignoréiert.

Mat der Steierreform sinn se beim LCGB och zolidd onzefridden. Déi géif eng eklatant Diskriminatioun schafen, besonnesch fir bestuete Frontalieren. Dowéinst fuerdert de Patrick Dury eng gerecht Besteierung vun alle Salariéeën. E Kouhandel wéi deen tëscht dem Finanzminister an dem OGBL kéint net toleréiert ginn.

Bei der Fleegeversécherung (Assurance Dépendance) stellt den LCGB-President fest, datt trotz engem finanziellen Iwwerschoss, d‘Versécherung eenzeg op budgetären Erspuernisser opgebaut ass. Dobäi wier et wichteg gewiescht eng Verbesserung vun de Prestatiounen, am Interessi vun de Beneficiairen erbäizeféieren. Esou gëtt et keng Garantien zum Erhale vun der Qualitéit vun de Soinen an den Aarbechtsplazen am Secteur.

D‘Fuerderung vum LCGB ass däitlech: eng méi gerecht a sozial Regierungspolitik muss Remedur bréngen. D‘Diskriminatioun vun de Salariéeën am Privatsecteur muss ophalen. Et wier un der Zäit der sozialer Ongerechtegkeet en Enn ze bereeden a Verantwortung ze iwwerhuelen. Den LCGB fuerdert och vun der Regierung eng kohärent a previsibel Politik z‘installéieren, fir den zukünftegen Erausfuerderunge vum Land an dem Salariat entgéintzetrieden.

Foto: Den LCGB-President Patrick Dury (l) mam CSV-Spëtzekandidat Claude Wiseler an dem CSV-Parteipresident Marc Spautz op der Neijoerschreceptioun vun der Gewerkschaft. © Jean-Paul Baudot/LCGB

Ähnlech Sujeten LCGB, OGBL, Patrick Dury, Revendicatiounen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel