LCGB: Fusioun Telindus-Tango
Nodeems de Grupp Proximus ugekënnegt huet zolidd Personal a senge belschen Entitéiten ofzebauen, huet den LCGB sech mat der Lëtzebuerger Direktioun a Verbindung gesat. Heibäi ass et drëms gaangen d‘Absichte vum Grupp zu Lëtzebuerg ze klären.
Wéi den LCGB et a sengem Communiqué duerstellt, huet d‘Direktioun d‘Objektiver vum Grupp Proximus bestätegt, seng digital Transformatioun ze beschleunegen, fir um belsche Maart kompetitiv ze bleiwen an esou seng Zukunft ze sécheren.
D‘Direktioun huet awer verséchert, datt déi Lëtzebuerger Societéit net vun dësem Plang betraff ass, well d‘Profiller an d‘Kompetenze vun de Salariéeën hei am Land voll a Ganz den Ufuerderunge vum Marché entspriechen. Vun Entloossungen zu Lëtzebuerg wier deemno net rieds.
D‘Gebuert vun der Gesellschaft „Proximus Lëtzebuerg S.A.“ ass entstanen duerch d‘Fusioun tëscht den Entreprisen Telindus an Tango zum 1. Januar vun dësem Joer. Den LCGB confirméiert an dësem Kontext, datt all d‘Salariéeën ënnert de bestoende Kollektivvertrag vun Telindus falen.
No enger Rei Reuniounen, déi all an engem rouegen a konstruktive Klima stattfonnt hunn, ass et dem LCGB gelongen, déi sozial Errongenschafte fir den Ensembel vun de ronn 650 Mataarbechter ze sécheren. Et géif een awer déi weider Entwécklungen am A behalen