Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Héichwaasser zu Lëtzebuerg
Neiegkeeten

Héichwaasser zu Lëtzebuerg

Lëtzebuerg versigelt bestänneg seng Flächen, an e bëssi Klimawandel huet

USA: Wéi d‘Russen d‘Demokraten ausspionéiert hunn
Neiegkeeten

USA: Wéi d‘Russen d‘Demokraten ausspionéiert hunn

An de leschte Méint vun der Campagne zur Presidentschaft an

Aus dem Escher Gemengerot: „En ambitiéise Budget 2019“
Neiegkeeten

Aus dem Escher Gemengerot: „En ambitiéise Budget 2019“

Déi nach jonk Koalitioun zu Esch-Uelzecht setzt sech laangfristeg Ziler.

LCGB: Gratuitéit jo, mee e puer Froe bleiwe bestoen

LCGB: Gratuitéit jo, mee e puer Froe bleiwe bestoen

Den LCGB, Majoritéitsgewerkschaft um nationalen Niveau am Transportsecteur, begréisst d’Ëmsetzung vun der Gratuitéit vum ëffentlechen Transport. Dës Moossnam huet Lëtzebuerg weltwäit als visionäert an innovatiivt Land bekannt gemaach a stäerkt déi ekologesch Efforte vun haut.

Den LCGB erënnert trotzdeem drun, datt net all Salariéen, déi an der Regioun wunnen, den gëeegenten Zougang zu dësen Transportmëttel hunn fir d’Notzung u Gefierer an d’CO2-Emissioun ze reduzéieren. An dann, wann d’Regierung wierklech wëll, datt ee Maximum vu Bierger den ëffentlechen Transport, amplaz vum privaten Auto, notze soll, musse substantiell Efforte gemaach ginn, fir esou ee besseren ëffentlechen Transport um Niveau vun den Infrastrukturen an der Offer, a Saache Pünktlechkeet a Sécherheet, ze garantéieren.

Schätzt een, datt d’Gratuitéit d’Unzuel un Notzer vum ëffentlechen Transport och steigert, stellt den LCGB sech Froen zum Impakt um Niveau vun den Aarbechtsplazen. Zum enge misst d’Entwécklung vun de Reseaue begleet gi vun der Kreatioun vu weideren Aarbechtsplazen, fir esou de richtege Fonctionnement an d’Sécherheet vun den Netzwierker ze garantéieren. Zum Anere misst een mat engem besseren Encadrement an enger ugepasster Formation Continue d’Salariéë begleeden, wëll eng zukünfteg Extensioun vun de Reseaue mat enger méi digitaliséierter an autonomer Mobilitéit anhir geet. An dësem Kontext freet den LCGB reegelméisseg Analysen zu de Konsequenze vun der Gratuitéit vum ëffentlechen Transport a Saache Personal, Sécherheet an Infrastruktur.

Donieft stellt den LCGB sech och Froen zum Finanzement vun der sougenannter „gratis“ Moossnam. Och wann et fir déi Reesend gratis ass, muss eng Rechnung vu geschaten 41 Milliounen € Fraise bezuelt ginn . Den LCGB warnt d’Regierung virdrun, dëse Montant net iwwert déi nächst Steierreform ze decken. D’Regierung soll net d’Salariéë bestrofen, déi weiderhi vum individuellen Transport ofhängeg sinn, andeems beispillsweis d’Fraise vum Deplacement ofschaaft a sech enger Steierpolitik widdersat gëtt, déi sech drop reduzéiert d’Energiepräisser duerch eng weider Tax klammen ze loossen.

Zu gudder Lescht erënnert den LCGB, am Kontext vun de Grenzgänger, drun, datt d’Entschlossenheet vun enger performanter an ofwiesslungsräicher Politik fir grenziwwerschreidend Mobilitéit, sech als immens wichteg erausstellt. Den LCGB fuerdert esou eng ofgestëmmt Politik mat den Autoritéite vun ugrenzende Länner, fir esou d’Offer a Saache grenziwwerschreidenden ëffentlechen Transport am Groussherzogtum ze verbesseren. Dës weidere verlaangt den LCGB eng Ausbreedung vun der Gratuitéit op den Ensembel vun den Trajeten (Aller-Retour) op d’Aarbecht vun de Grenzgänger. Et wier entscheedend d’Infrastrukturen u Park & Riden an der Grenzregioun auszeweise fir esou d’Frontalieren unzereegen, den ëffentlechen Transport ze notzen an den Trafic ze entlaaschten.

Matgedeelt vum LCGB – Iwwersat vum Shari Pleimelding/moien.lu
Opmaacherbild: © Shari Pleimelding/moien.lu

Ähnlech Sujeten Frontalieren, Gratis Ëffentlechen Transport, Gratuitéit, Grenzgänger, LCGB, Offer, Trafic, Verkéier
Nächsten Artikel Virrechten Artikel