Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

E Liewen no „Porn Queen“? Méiglech, a sënnvoll
Meenung Neiegkeeten Stories

E Liewen no „Porn Queen“? Méiglech, a sënnvoll

Datt et no „Porn Queen” nach ee Liewe gëtt beweisen

De Kosovo feiert den 10. Jubiläum vu senger Onofhängegkeetserklärung
Meenung Neiegkeeten Stories

De Kosovo feiert den 10. Jubiläum vu senger Onofhängegkeetserklärung

Am Kosovo ginn um haidege Sonndeg d‘Zeremonië weidergefouert, mat deenen

What the Fakt – 30. Doudesdag vum Salvador Dali
Meenung Neiegkeeten Stories

What the Fakt – 30. Doudesdag vum Salvador Dali

Mir all kennen den exzentresche Kënschtler duerch seng schmëlzend Aueren,

Dee leschte bäissen d‘Hënn (kommentéiert)

Programméierte Sozialkonflikt an der Bistumszeitung fuerdert eng Reaktioun vum LCGB eraus

Dee leschte bäissen d‘Hënn (kommentéiert)

Et war eigentlech vu virera kloer, dat d‘Reprise vum Grupp Saint-Paul duerch Mediahuis net géif ouni Sozialofbau an Aarbechtsplazverloschter verlafen. Déi éischt déi et getraff hat, waren d‘Leit déi zanter Joren dofir Suerg gedroen haten, datt d‘Mataarbechter vum Grupp an engem propperen Ëmfeld schaffe kënnen. Bei hirem Protestpiquet, war den LCGB net mat um Start…

Si wäerten hir Grënn gehat hunn, an esou war beim Protestpiquet virum Lëtzebuerger Wort, wou elo sollen 80 Mataarbechter an eng ongewëss Zukunft geschéckt ginn, och keen OGBL-Fändel als Zeeche vun der Solidaritéit ze gesinn. Ganz interessant a besonnesch opschlossräich: och de sougenannte Beruffsverband ALJP, huet sech zu de Virgäng am Grupp Saint-Paul net geäussert.

An esou sinn déi vum Sozialplang betraffe Mataarbechter op sech selwer gestallt. Gutt den LCGB huet elo ee Protestpiquet organiséiert, woubäi et hei kloer hir Flicht gewiescht wier, schonn Enn Abrëll, also direkt no der Iwwernam Verantwortung ze iwwerhuelen a vum neie Besëtzer Garantien ze fuerderen, wat d‘Zukunft vun de bis dohinner bestoende Mataarbechter betraff huet.

Mee nee, et ass jo net well eng kleng Online-Zeitung den Däiwel un d‘Mauer moolt, datt een sech dëser defätistescher Duerstellung muss unhuelen an esoulaang wéi d‘Direktioun verséchert, datt et gutt leeft, muss jo och net intervenéiert ginn. Dobäi hätt spéitstens Ufank Juli, no der Entrevue vun der Personaldelegatioun mam Francis Lommel an dem Céline Conter, d‘Klack misse lauden.

De Bistum wäscht seng Hänn an Onschold

Un der presenter Situatioun ass den Haaptschëllegen den Bistum, deen awer ass fein eraus, well dank vill Verschachtelunge kann dësen de schwaarze Péiter un den fréiere Besëtzer Lafayette SA weiderreechen, déi zanter 1848 als Handlaanger vum Bistum an der Verantwortung waren. Et dierf och drop higewise ginn, datt wéi d‘Iwwernam stattfonnt huet, d‘Pandemie voll amgaange war.

Wéi gesot, wann den LCGB eis Aktualitéit verfollegt hätt, dann hätten si net eréischt „kierzlech“ missen an Erfarung bréngen, datt d‘Iwwernam zwangsméisseg eng Restrukturatioun mat sech bréngt. An natierlech war vu virera kloer, datt Mediahuis eng ganz Rei Aarbechte géif auslageren (outsourcen), firwat ee sech eeschthaft Froen als Saint-Paul Mataarbechter hätt stelle mussen.

De LCGB-Gewerkschaftsvertrieder huet dann och gëschter, zwar déi richteg Froe gestallt, mee ganz entschidde vill ze spéit. Elo um 8. Oktober ee Skandal ze denoncéieren, festzestellen datt et och ëm d‘Iwwerliewe vum Lëtzebuerger Wort geet, ass schonn eppes grenzwäerteg. Natierlech ass et gutt a richteg datt de LCGB – nom Motto „léiwer spéit wéi ni“ – elo op d‘Tromm schléit, an awer…

„Eng Réi Servicer ginn outgesourct, ¼ vun der Redaktioun mat de Journalisten si fort, ¼ vun der Beleegschaft ass no de Pläng vun der Direktioun net méi do! Déi ganz Aarbecht bléift awer! D’Direktioun huet am September e ganz staarkt Stéck higeluecht: De 4. Sozialplang an 10 Joer! Kritt d’Direktioun eng Primm dofir?“, esou d‘Céline Conter un d‘Adress vun de Militanten.

Si haten „nogefrot“ kruten awer keng Äntwert

Datt et sécher richteg ass, datt d‘Gewerkschaft schonn Abrëll der Direktioun hir „Froen“ zu der Zukunft vum Lëtzebuerger Wort gestallt huet, ass dat eent. Datt si sech awer ganzer sechs Méint vertréischte loossen, dat anert. Et war, dat geet esou och aus der Ried ervir, jo gewosst, datt sech d‘Direktioun ni un eng Beschäftegungsgarantie gehalen huet. Wéi kann een do waarden?

De Protestpiquet virum Lëtzebuerger Wort hätt direkt no der Summervakanz misse stattfannen, fir eng Äntwert vun der Direktioun ze erzwéngen. A beim Skandal betreffend d‘Botzpersonal, hätt een och gutt gedoen, sech – wéi dat bei der EUROFOIL jo méiglech war – dem OGBL am Zeeche vun der Gewerkschaftlecher Solidaritéit unzeschléissen. All dës Chance goufe schänterlech verspillt.

An natierlech geet et hei ganz kloer ëm d‘Existenz vun der Zeitung. Wat d‘Projete vu Mediahuis ugeet, esou geet et emol primär drëms méiglechst vill Profit mam geréngsten Opwand ze erzilen, an datt dat ëmmer um Bockel vun de Lounofhängege stattfënnt, dierft jo zu de gewerkschaftleche Grondkenntnisser gehéieren. An natierlech gëtt vun der Belsch aus bestëmmt, wat gemaach gëtt.

Beim LCGB huet een trotz besserem Wëssen der Direktioun vertraut, wéi dës betount huet, datt et mat hir kee Sozialplang géif ginn. An elo eréischt weess den LCGB datt déi net d‘Wourecht gesot hunn? Hei weess een net wat eng gréisser Beleidegung fir déi vum Sozialplang betraffe Salariéen ass: déi bekannt a bewosst Lige vun der Direktioun oder d‘Liichtfankegkeet vun der Gewerkschaft.

Tuddelt dir… mir zortéieren

Interessant ass och de Fait, datt sech gëschter op den hellegen Trappe vum Wort iwwert eng Rei Saache geiergert gouf, vun deene gewosst ass, datt si zu de grondsätzleche Strategie vum Patronat gehéieren. Ee Kollektivvertrag ass jo nëmmen ee Stéck Pabeier, an deen ass bekanntlech gedëlleg, firwat et kee Grond gëtt, wann een de Sozialkonflikt programméiert, sech nach no dësem ze riichten.

A jo et war absolutt richteg d‘Initiativ ze ergräifen, an eng Entrevue mam Aarbechtsminister Dan Kersch ze organiséieren. An natierlech huet d‘Direktioun et net fir néideg fonnt dohinner ze kommen. Si stoungen zu kengem Ament ënner Drock, weder säitens der Personaldelegatioun, nach der Gewerkschaft. Hinnen Iwwerhieflechkeet virzewerfen ass dann och zimmlech gewot.

Et war d‘Gewerkschaft LCGB déi d‘Zigel schleefe gelooss huet. Elo mussen sech déi op hir eegen Interesse beschränkten Direkteren un dat halen, wat den neie Proprietär hinnen diktéiert. Et gi keng eegestänneg Decisioune méi geholl, vun deenen ass keen esou blöd seng Pai – grad an der aktueller konjunktureller Situatioun – fir Leit op d‘Spill ze setzen, déi hinnen ëmmer schonn egal waren.

Datt den Aarbechtsminister dëser Direktioun dann d‘Hand reeche wollt, wéi dat duergestallt gëtt, gehéiert zu senger Verantwortung. Datt d‘Direktioun déi ausgestreckten Hand zeréckgewisen huet, dierft dëser och diktéiert gi sinn. Déi ass nach just do, fir d‘Uerder vu Mediahuis ze exekutéieren, an dat och am volle Bewosstsinn, datt vill ënnert hinnen och keng al Schanke méi wäerte maachen.

Dat eegent Hiem ass engem ëmmer nach am nächsten

An da verwiesselt d‘Gewerkschaft eng Rei Saachen. Drop hinzeweisen, datt d‘Lëtzebuerger Wort joerzéngtelaang iwwert de „Lëtzebuerger Sozialdialog“ geschriwwen huet ass jo och richteg, mee et ass net well et an der Zeitung steet, datt déi wou se leeden, dëse „Modell“ och matdroen. Dat ass och esou eppes wat dem LCGB nom 4. Sozialplang hätt misse bewosst ginn.

Et ass jo och wouer datt den LCGB vill intervenéiert huet, seng Hëllef ugebueden huet a sech gefreet hätt an d‘Aarbechten agebonnen ze ginn. Mee wann s de dann awer ëmmer nees d‘Dier virun der Nues zougeschloe kriss, sollt een unhuelen datt et besser gewerkschaftlech Moossname gëtt, wéi just ze „bedaueren“. Wéi heescht et? „E gudden Iesel stéisst sech nëmmen eng Kéier“.

Aus der Ried ass weider ze enthuelen, datt de LCGB bei de Verhandlungen zum Sozialplang bereet war d‘Aarbechtsgarantie an „existenziell Garantie“ ëmzeformuléieren. Dat och well vill Leit mat grousser Anciennetéit betraff sinn. Mee genee dorëms geet et Mediahuis an der Direktioun jo am Grondsaz: déi „deier“ Leit musse goen. Loyalitéit ass kee wirtschaftlecht Argument, dat war et ni.

Esou ass dat, wann iwwerhaapt, nach just a klenge Strukturen de Fall an esouguer do gëtt ëmmer méi no strikt wirtschaftleche Standarden agéiert. Jidderee kann een ersetzen, a besonnesch wann een déi inhaltlech Linn „nei zortéiert“ sinn „al Huesen“ éischter behënnerlech. Déi hunn hir Gewunnechten, loossen sech net iwwer Nuecht nei formatéieren. Si si reegelrecht eng Gefor fir d‘Restrukturatioun.

Wann d‘Äntwert an der Fro abegraff ass

Interessant dann och folgende Statement: „Et ass en Affront géintiwwer de Mataarbechter, déi ee virun de Kapp stéisst an deenen hier Aarbecht vun der Direktioun komplett ignoréiert gëtt. De LCGB fuerdert de Respekt vun der Beschäftegungsgarantie! Wat mëscht d’Direktioun an Mediahuis, fir d’Ofsécherung vun den Aarbechtsplazen?“ Näischt, soss géif et kee Sozialplang!

Et hätt een an de leschte Méint vun der Direktioun eng transparent Analys vun der finanzieller Lag gefuerdert, wat natierlech refuséiert ginn ass. Do freet sech den LCGB: „Firwat eigentlecht? Wat huet d’Direktioun ze verstoppen?“ Ma alles! Wéi kann een och esou naiv sinn unzehuelen, datt wann de Sozialdialog verweigert gëtt, eng Entreprise seng Bicher géif oppen duerleeën?

A jo et ass krätzeg a schänterlech, datt d‘Direktioun – déi dat Spill jo ganz gutt kennt – bei de Verhandlungen zum Sozialplang, Konditiounen ubitt déi 25% ënnert dem Sozialplang vun 2012/13 leien. Et ass ee jo a Verhandlung an den Job vun de Mediahuis/Wort-Manager ass et och wierklech just datt hierzeginn, wat sech net verhënnere léisst. A jo fir de LCGB ass dat inakzeptabel.

D‘Hoffnung, respektiv d‘Fuerderung un de Bistum an déi fréier Proprietären sech anzesetzen ass net manner naiv. Déi hunn sech vun engem net profitabele Geschäft getrennt a si frou, net selwer mussen de Sozialplang ze verhandelen. An deen eenzege Courage deen d‘Direktioun opbrénge muss, ass all Dag „en passant“ den Affer vun dësem Sozialplang an d‘Aen ze kucken…

Foto: Protestpiquet um Parvis vum Lëtzebuerger Wort op der Cloche d‘Or. © LCGB

Ähnlech Sujeten Grupp Saint Paul, LCGB, Luxemburger Wort, Mediahuis, Sozialplang
Nächsten Artikel Virrechten Artikel