De Präis vum Pëtrol fänkt nees un méi deier ze ginn
Um Dënschdeg huet de Pëtrolspräis nees ugezunn, wéi den amerikanesche
Um Dënschdeg huet de Pëtrolspräis nees ugezunn, wéi den amerikanesche
No der rezenter Ëmsetzung vun zwee Arrêten vum Verwaltungsgeriicht vum
De Superjhemp ass eise grousse Superheld an Ikon vum Grand-Duché.
Den LCGB appelléiert dofir un d’Regierung, hir Erklärung, datt de Kampf géint de Chômage iewescht Prioritéit huet, anzehalen an nach haut ze handelen, fir Léisunge fir muer ze fannen! Fir den LCGB ass et zwéngend noutwenneg, keng wäertvoll Zäit ze verschwenden a sech direkt der Realitéit ze stellen. D’Covid-19-Pandemie ass nach net ënnert Kontroll, an net nëmmen d’Wirtschaft an d’Beschäftegung mee och de Staatshaushalt an de Sozialversécherungssystem wäerten en héije Präis bezuelen.
D’Kris weist awer virun allem, wéi wichteg ee leeschtungsfäege Sozialsystem an eng solidaresch Gesellschaft ass. D’Existenz vun den Employéen, d’Kafkraaft n d’Beschäftegung mussen dofir schonn haut laangfristeg fir muer gestäerkt ginn. Fir d’Folgen vun dëser Kris ze begrenzen an eng Verschäerfung vun alle sozialen Ongerechtegkeeten ze vermeiden, fuerdert den LCGB d’Regierung op, zesumme mat de Sozialpartner solidaresch a konstruktiv Léisungen ze fannen.
Chômage: Och wann den LCGB d’Fortsetzung vun de generellen Uwendunge vun der Kuerzaarbecht fir all Wirtschaftssecteure bis Enn 2020 begréisst, fuerdert den LCGB eng allgemeng Verbesserung vum Aarbechtslosen- a Kuerzaarbechtergeld, op 90 % vum leschten Aarbechtsentgelts fir déi gesamt Entschiedegungsdauer mat enger Héchstgrenz, déi dem Spëtzebeitragsaz entsprécht (dat Fënneffacht vum soziale Mindestloun).
Kuerzaarbecht – Garantéiert Mindestentschiedegung: Den LCGB begréisst, datt bei der Kuerzaarbecht opgrond vu Covid19 d’Bezuele vun enger Mindestbruttoentschiedeung an Héicht vum onqualifizéierte soziale Mindestloun garantéiert ass. Fir den LCGB muss dës nei Mindestentschiedegungsgrenz net nëmme bis zum Joresenn verlängert, mee dauerhaft gesetzlech verankert ginn, fir datt si iwwert de Krisenzoustand hannenaus ugewannt ka ginn.
Soziale Mindestloun: Säit Joren setzt sech den LCGB fir eng däitlech Erhéijung vum soziale Mindestloun an, wëll déi Begënschtegt vu Mount zu Mount dorëm kämpfen, iwwert d’Ronnen ze kommen. Den LCGB fuerdert d’Regierung dofir op sou schnell wéi méiglech eng Hausse vum soziale Mindestloun ëmzesetzen.
Weider Punkten sinn ënnert anerem d’Entloossungen, d’60-Stonnewoch, Sozialpläng an Insolvenzen, de Kampf géint Laangzäitchômage oder och d’Sozialversécherungen an d’Steierpolitik. Den Detail fannt Dir HEI.
Matgedeelt vum LCGB