Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’informatesch Weiderentwécklung mécht sech fir de SIGI bezuelt
Neiegkeeten

D’informatesch Weiderentwécklung mécht sech fir de SIGI bezuelt

Héich zefridde Gesiichter hat et leschte Freideg zu Contern ginn,

Den Trump an de Macron evoquéieren en neien Accord mam Iran
Neiegkeeten

Den Trump an de Macron evoquéieren en neien Accord mam Iran

Um Dënschdeg hunn den Donald Trump an den Emmanuel Macron

Verdeedegt de Wirtschaftsminister déi falsch Interessen?
Neiegkeeten

Verdeedegt de Wirtschaftsminister déi falsch Interessen?

Déi gréng Deputéiert a Conseillère am Beetebuerger Gemengerot, Josée Lorsché,

De LCGB fuerdert d‘Weiderféierung vun Tripartite-Accord fir déi Lëtzebuerger Siderurgie

De LCGB fuerdert d‘Weiderféierung vun Tripartite-Accord fir déi Lëtzebuerger Siderurgie

Ugesiichts der Ukënnegung vun ArcelorMittal Lëtzebuerg, sech engem Transformatiounsplang vun den nationale Standuerter unzehuelen, an dem weidere Fait, datt den Tripartite-Accord dësen 30. Juni ausleeft, huet den LCGB eng Reunioun vun der „Stoltripartite“ beim Wirtschafts- an dem Aarbechtsminister ugefrot.

Den 20. Mee haten d‘Gewerkschaften aus dem Tripartite-Accord, den Aarbechtsminister Dan Kersch (LSAP) a Vertrieder aus dem Wirtschafts- an Aarbechtsministère sech mat der Generaldirektioun vun ArcelorMittal zesummegesat. Bei dëser Geleeënheet huet ArcelorMittal iwwert d‘Situatioun vum Weltstolmaart mee och d‘Lag vun den europäeschen an dem nationale Maart geschwat. An dësem Kontext huet d‘Direktioun dann och hir Pläng fir d‘Standuerter zu Lëtzebuerg virgeluecht an dës motivéiert.

Fir den LCGB schéngt erwisen, och oder grad well d‘Direktioun vun ArcelorMittal dat anescht gesäit, datt d‘Entreprise sech gewëssen Turbulenzen um Welt- an Europamaart ze wieren huet, datt et do Entwécklunge gëtt, déi d‘Existenz vun de Lëtzebuerger Standuerter kënnen a Gefor bréngen. Als Beweis dofir, féiert den LCGB un, datt ArcelorMittal sech op dësem Dag d‘Déngschter vun engem Consultant geséchert huet, deen sech der Reorganisatioun unhuele soll. Fir den LCGB ass kloer, datt et hei ëm Aarbechtsplazofbau geet.

Wéineg Informatiounen

D‘Generaldirektioun vun ArcelorMittal wier awer elo net an der Lag d‘Konsequenze vun der geplangter Reorganisatioun ze bezifferen. Dat dréift der Gewerkschaft nach méi Suergefalen op d‘Stir. Zudeem gesäit et net duerno aus, wéi wann ArcelorMittal gewëllt wier d‘Stoltripartite iwwert den 1. Juli weiderzeféieren, well een natierlech „iwwerzeegt ass“ déi Reorganisatioun am strikte Respekt vum legale Kader hinzekréien. Op Drock vum LCGB ass ArcelorMittal dann awer bereet de sozialen Dialog mat alle Partner weiderzeféieren.

Säitens der Gewerkschaft ass un d‘Konditioune vum leschten Accord erënnert ginn, deen tatsächlech op säi klengste gemeinsamen Nenner zesummeschrauft ginn ass. ArcelorMittal huet sech deemools net méi an der Kris gesinn a war der Usiicht dëst soziaalt Instrument net méi ze brauchen. Esou ergëtt et sech, datt de Stolgigant sech geweigert huet dës sozial Instrumenter anzesetzen, déi derzou bäidroe wirtschaftlech Réckschléi ze verkraaften. Esou ass aus dem „Ersatzrad“ eng „Pannenhëllef“ gemaach ginn an dat deet wéi.

Positiounskämpf

De LCGB bleift stramm bei senger Positioun an weist drop hin, datt d‘Tripartite längst net méi nëmmen en Instrument fir de Krisefall ass, mee e ganz valabele Moyen ass d‘Entreprise ze begleeden an d‘Aarbechtsplazen ofzesécheren. D‘Regierung hirersäits stellt fest datt sech d‘Signataire strikt un hir Engagementer gehalen hunn. Si aktéiert d‘Positioun vun ArcelorMittal, déi wënscht nees no allgemengem Recht operationell ze sinn. Dat geet dem LCGB net wäit genuch, dee wëll nees en Accord.

An dësem Kontext huet de LCGB dann och en Appell un d‘Regierung geriicht, an dësem un de Stellewäert vun der Siderurgie am Land erënnert. Si wier emol de Wirtschaftsmotor vu Lëtzebuerg gewiescht an de Garant vum Wuelstand. An och wa schonn déi meescht Aarbechtsplazen an dësem Secteur verluer gaange sinn, esou ass d‘Zuel vun de Beschäftegte bei ArcelorMittal nach ëmmer héich, an déi Plaze misst een op schützen. Dofir muss bei esou engem Accord och den Investisseur Liberty House mat um Dësch sëtzen.

Foto: Jens Junge / Pixabay

Ähnlech Sujeten ArcelorMittal, LCGB, Liberty House, Siderurgie, Tripartite
Nächsten Artikel Virrechten Artikel