Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wann eis de Bësch verluer geet
International Neiegkeeten

Wann eis de Bësch verluer geet

No Schätzungen, déi um Méindeg vu Global Forest Watch (GFW)

Quadripartite: Vill Verbesserungen am Gesondheetssecteur
International Neiegkeeten

Quadripartite: Vill Verbesserungen am Gesondheetssecteur

Der Gesondheetskeess, an domatter der Gesondheet vum an am Land,

déi Lénk: D’Widderspréch vun de Gréngen bei der Ëmwelt
International Neiegkeeten

déi Lénk: D’Widderspréch vun de Gréngen bei der Ëmwelt

De Projet zum Reamenagement vum Boulevard Roosevelt, deen um 22.

LCGB: Protest géint ongerecht Behandlung vu Chauffeuren

LCGB: Protest géint ongerecht Behandlung vu Chauffeuren

Um 24. Januar 2020 huet ee vum LCGB organiséierte Protest virum Sëtz vun der Transportfirma Magetralux zu Eupen (Belsch) stattfonnt. Mat der Ënnerstëtzung vun der belscher Gewerkschaft CSC war et d’Zil, géint de grausame Comportement géigeniwwer senge Chauffeure virzegoen an all Aart vun Diskriminatioun een Enn ze setzen.

Eng Rei Mataarbechter, déi hir Lounréckstänn an Zesummenhang mat der Aarbechtszäit scho beim Geriicht gemellt hunn, sinn elo a Bedrängnis geroden: 3 Mataarbechter, déi sech geweigert hunn hir Plainte zeréckzezéie, goufe bedreet, ageschüchtert, erpresst a schlussendlech souguer entlooss.

Magetralux

© LCGB

Den LCGB fuerdert mat Nodrock, datt Magetralux déi gesetzlech Bestëmmungen a besonnesch och déi vum Branchenkollektivvertrag fir de Stroossentransport zu Lëtzebuerg respektéiert an anhält. D’Gewerkschaft, déi sech staark fir den Secteur vum Transport asetzt, fuerdert donieft, datt de Verband Groupement Transport de Kollektivvertrag kloer a prezis gestalt, stäerkt an nei verhandelt. Soumat soll kee Spillraum fir Interpretatiounen a Froe méi méiglech sinn.

Doriwwer hinaus stellt den LCGB fest, datt Magetralux vu Joer zu Joer besser Resultater erzilt. D’Gewerkschaft bedauert, datt de Gewënn awer nëmmen den Aktionäre virbehalen ass. Zu alem Iwwerfloss bezuelt d’Entreprise dann awer d’Paie vu sengen 111 Mataarbechter net konform aus. Et setzt ee sech och an Zukunft weiderhin dofir an, datt déi diskriminéiert Chauffeuren gerecht behandelt ginn.

Opmaacherfoto: © LCGB

Ähnlech Sujeten Chauffeur, CSC, Diskriminatioun, Kollektivvertrag, LCGB, Magetralux, Ongerechtegkeet, Paie, Protest, Salaire
Nächsten Artikel Virrechten Artikel