Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eng Motioun fir den Dateschutz!
Neiegkeeten

Eng Motioun fir den Dateschutz!

De Volet „Tracing-App“ op fräiwëlleg oder gezwongen, ass – dat

Kontrollen um Weekend – Vun den Dräi Eechelen bis bei de Stauséi
Neiegkeeten

Kontrollen um Weekend – Vun den Dräi Eechelen bis bei de Stauséi

Och um Weekend waren eis Dammen an Häre vun der

dislike
Normal ass dat net
Neiegkeeten

Normal ass dat net

D’Lëtzebuerger Wahlkampf-Saison geet dëst Joer iergendwéi méi fréi lass. Grond ass dem

Véier indiskutabel Konditioune fir d‘Gesondheet vun de Salariéeën ze schützen

Véier indiskutabel Konditioune fir d‘Gesondheet vun de Salariéeën ze schützen

No enger ganze Rëtsch u Videokonferenzen tëscht dem Aarbechtsminister Dan Kersch (LSAP), dem Verband vun de Lëtzebuerger Entrepreneuren (UEL) an de Gewerkschaften, am Bezuch op eng successiv Reprise vun den Aktivitéiten an de verschiddene Wirtschaftsberäicher, muss den LCGB nach emol op déi primordial Importenz vun enger Transitioun vum Confinement zu enger Gestioun an enger effektiver pandemescher Kontroll hiweisen, séi sozial an ekonomesch nohalteg muss sinn.

D‘Strategie déi d‘Regierung auswielt, muss sech als koherent erweisen an de Schutz vun alle Bierger sécherstellen. Dat bei gläichzäiteger Ënnerstëtzung vum Salariat an der Ekonomie, no Beendegung vun der sanitärer Kris. Fir eng gutt iwwerluechten a progressiv Reprise, wëll d‘Gewerkschaft LCGB nach emol op déi véier indiskutabel Konditioune fir de Schutz vum Lëtzebuerger Salariat hiweisen:

  1. ee groussherzoglecht Reglement unhuelen, an deem all d‘Reegelen a Moossnamen opgelëscht sinn, déi sech op d‘Schutzmoossname wéi och d‘Preventioun vun der Gesondheet vum Salariat bezéien, wéi och d‘Iwwerwaachung vum Anhale vun dësem Reglement muss séchergestallt sinn;
  2. et esou ariichten, datt jiddereen zum Test op de Coronavirus Covid19 gezwonge gëtt iert en nees op seng Aarbechtsplaz zréckgeet;
  3. déi strikt Uwennung vum Réckzuchsrecht fir den Ensembel vun de Salariéeën déi iergendenger Form vu Risiko a Relatioun mat hirer Gesondheet a Sécherheet ausgesat sinn (Aarbechtsrecht Artikel L.312-4 § 4);
  4. eng gréisser Abannung vun de Sozialpartner an d‘Virbereedung vun der Neistart-Phas.

Matgedeelt vum LCGB, fräi aus dem franséischen Iwwersat vum Laure Schlesser.

Illustratioun: © Jose Antonio Gellago Vazquez / unsplash

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, Exit-Strategie, LCGB, Reprise, Salariat, Schutz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel