Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Band Legacy of Atlas mellt sech zeréck mat „Veto“
Neiegkeeten

D’Band Legacy of Atlas mellt sech zeréck mat „Veto“

D’Lëtzebuerger Museker vu Legacy of Atlas sinn nees do! Wärend

USA: Wann d‘Natur d‘Soen huet
Neiegkeeten

USA: Wann d‘Natur d‘Soen huet

Et ass en Trappewitz vun der Geschicht an et sollt

Bookmundi: Wéi eng Vakanzelänner sinn am Séchersten?
Neiegkeeten

Bookmundi: Wéi eng Vakanzelänner sinn am Séchersten?

Mat der Schoulvakanz steet elo fir déi meescht Famillen eng

Beim Patrimoine geet et och ëm Traditioun

Eng nei Mark gouf gebuer: „Le Moulin“ - An op Miel oder Schmull, esoulaang wéi d‘Produkt vun der Klengbettener Mille kënnt, ass een op der gewonnener Säit

Beim Patrimoine geet et och ëm Traditioun

De Jean Muller steet fir déi eeleft Generatioun Mëller an och wann d‘Geschicht vun der Millen zu Klengbetten eppes méi „Jonk“ ass, esou huet dach alles 1704 ugefaangen. Dat ass ee laangen Dag an net ëmmer ass nëmme Lëtzebuerger Weess vum Jean a senge Virfahre verschafft ginn. An am Ufank gouf et jo emol nëmmen ëm d‘Miel. D‘Schmull gëtt et esou eréischt zanter 50 Joer…

Wärend een zum Miel net méi wierklech vill erziele muss, woubäi et jo schonn nach Differenze gëtt, esou ass dat bei der Schmull schonn eppes anescht. Mee eent nom aneren. D‘Millen zu Klengbetten beschäftegt 70 Mataarbechter, bezitt säi Weess an den Dinkel aus lokaler Produktioun, an huet sech virgeholl, mat der neier Mark um Lëtzebuerger Maart, de Konsument ze iwwerzeegen.

D‘Miel wéi d‘Schmull ginn elo ënnert der Bezeechnung „Le Moulin“ (D‘Millen) ugebueden an hei bitzt sech dem Client eppes neits: nieft dem Fait datt een elo Bio-Miel an Dinkel kritt, hunn déi ënnerschiddlech Zorten elo en Numm, un deem méi liicht ze erkennen ass, firwat et sech benotze léisst. D‘Nummere stinn och nach drop, an et huet zousätzlech Piktogrammer fir komplett ze sinn.

Op fir ze baken, Pizzasdeeg oder Nuddelen an der eegener Kichen hierzestellen, mam Miel an/oder der Schmull vu „Le Moulin“ ass een ëmmer op der Säit vun de Gewënner. Net nëmmen datt um Pak selwer dat meescht erkläert ass, et huet een d‘Garantie hei een absolutt Spëtzeprodukt an den Hänn ze halen. Jo et gëtt se nach déi Beruffer, wou d‘Passioun sech op de Konsument iwwerdroe léisst.

Moulin

De Jean Muller ass déi eeleft Generatioun vun enger Famill, déi ëmmer schonn innovativ war a Pionéiergeescht bewisen huet. Déi lescht Héichpunkte sinn d‘Kreatioun vun der Filière „Produits du Terroir“ mat der Landwirtschaftskummer, an elo dann d‘Mark „Le Moulin“ wou nieft dem Miel dann och déi éischt 100% Lëtzebuerger Nuddelen ugebuede ginn. © Martine de Lagardère / moien.lu

An elo dat bescht… Wie Schmull seet denkt automatesch un… richteg… Nuddelen! A jo et gëtt do eng Entreprise zu Esch-Uelzecht déi mécht och Nuddelen, mee net mat der Schmull vun der Millen zu Klengbetten. Am Géigesaz dozou, ginn d‘Nuddele vu „Le Moulin“ wuel zu 100% mat Schmull aus Lëtzebuerger Weess gemaach, mee an der „Grande Region“ hannert der Grenz hiergestallt.

Wa mir eis erlaben dovunner auszegoen, datt all gudde Lëtzebuerger d‘Miel vun der Millen zu Klengbetten scho kennt an esou keng Schwieregkeeten dierft hunn, sech mam neie Logo „Le Moulin“ ze identifizéieren, esou kéint et bei deem engen oder aneren Zweiwel ginn, op d‘Pasta vun de Klengbettener och dee richtegen Toun treffen, an italienesch Gefiller opkomme léist.

Moulin

D‘Redaktioun huet hei net op ongeféier gemaach an sech engem Test verflicht gefillt. Fënnef Leit am Alter vun 8 bis 64 Joer hunn déi nei Spaghetti vu „Le Moulin“ mat enger anerer geleefeger Mark misse vergläichen an de Fazit ass kloer: déi Klengbettener kréien den éischte Präis. Gutt den Houfert hat sech och eppes agelueden, mee wat wëllt der maachen, et gëtt kee faire Wettbewerb.

An engem zweete Selbstversuch – dës Kéier als kale Plat – huet eis Journalistin eng Nuddelszalot zesummegeschrauft. Déi schlecht Nouvelle fir unzefänken: „et war es entschidden net genuch!“. An déi gutt: et war esou lecker, d‘Schossel an d‘Telleren hunn net méi musse gespullt ginn. Wéi ee gesäit, wann ee e gutt Produkt an den Hänn huet, ass de Recht nach just e Fro vu Kënnen.

Ze fannen ass déi nei Mark „Le Moulin“ vun der Klengbettener Millen an all gutt Zortéiertem Supermarché. Et ass ee lokaalt Produkt fir d‘Groussregioun, et kritt een d‘Miel et zu 100% Bio, als Allrounder oder Spezialist. Nei sinn d‘Nuddelen, déi et an néng Variatioune gëtt. Mee passt op, et kann engem geschéien, datt een net méi dovunner ofloosse kann… nee seriö, mir mengen et eescht.

Foto: © Moulins de Kleinbettingen S.A.

Ähnlech Sujeten JeanMuller, Klengbettener Millen, Le Moulin, Miel, Moulins de Kleinbettingen, Nuddelen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel