Search

You may also like

Virtuelle Kongress vun déi gréng: Elo iwwerhëlt d‘Jugend
Kultur Neiegkeeten

Virtuelle Kongress vun déi gréng: Elo iwwerhëlt d‘Jugend

Déi sanitär Kris ass nach net ganz iwwerwonnen, firwat déi

Schueberfouer 2019: Vun der Alpina Bahn bis zum Lämmy
Kultur Neiegkeeten

Schueberfouer 2019: Vun der Alpina Bahn bis zum Lämmy

E Freideg geet se nees lass: eng weider Editioun vun

natur&ëmwelt: Video Projet „E staarkt Benevolat am Naturschutz“
Kultur Neiegkeeten

natur&ëmwelt: Video Projet „E staarkt Benevolat am Naturschutz“

„E staarkt Benevolat am Naturschutz“ ass ee vum Ministère fir

Le Petit Chef: Ee virtuellt a kulinarescht Erliefnis waart op Iech!

Le Petit Chef: Ee virtuellt a kulinarescht Erliefnis waart op Iech!

Bei ELCH Restaurant spillt een net nëmme beim Iessen äre mat Kontraster: Nodeems si 2013 mam Sultan Kösen de gréisste Mann vun der Welt agelueden hunn, kënnt dëst Joer mat Le Petit Chef ee ganz besonnescht Erliefnis op Lëtzebuerg. Vum 18. Februar bis den 31. Mee 2020 gi Kino, Theater a kulinaresch Kreatiounen zu Lëtzebuerg vereent!

Eng belsch Entreprise huet sech d’Technologie ausgeduecht, bei deem den Dësch duerch innovativ 3D Projektioune gedeckt gëtt. Eng ganz Geschicht gëtt unhand vu verschiddenen Animatioune presentéiert, wouduerch den Iessdësch quasi zur Theaterbühn gëtt: Läffelsgeschir, Telleren an aner Utensilien verwandelen sech zur Hannergrondkuliss vum kulinaresche Spektakel.

Le Petit Chef

Säit senger Kreatioun am Joer 2010 ass Le Petit Chef zu enger viraler Sensatioun am gastronomesche Beräich ginn a faszinéiert zënterhier déi ganz Welt. Elo ass et um Murat Mutlu, Besëtzer vum ELCH Restaurant, fir „dee klenge Kach“ am „klenge Land“ ze begréissen: „Ech liewen a schaffe säit méi, wéi 25 Joer eran dësem wonnerbare Land. Ech sinn eng frëndlech Persoun, déi ëmmer gären ongewéinlech Projete mécht an opreegend Iddien an Aktioun bréngt.“

Immens houfreg weist hie sech, dëse Spektakel op Lëtzebuerg bréngen ze kënnen. De Murat Mutlu ass sech sécher, datt all eenzele Gaascht dës eemolegt Erliefnis am franséische Restaurant genéisse wäert. „Mir plangen eng weider grouss Iwwerraschung an der leschter Woch vum Le Petit Chef, wou mir eis erhoffen, datt et eng viral Sensatioun zu Lëtzebuerg gëtt“, sou de Besëtzer vum ELCH Restaurant.

Eng faszinéierend kulinaresch Rees!

D’Show vun 2 Stonne presentéiert ee Menü vu 6 Gäng. Fir de Präis vun 99 € kann een dobäi net nëmmen d’Projektioune bewonneren, mee och nach vu engem räichhaltegen a realen Iesse profitéieren. Le Petit Chef ass vum 18. Februar bis den 31. Mee 2020 am Elch Restaurant zu Besuch (vun Dënschdes bis Freides si Mëttes an Owes Sessiounen).

Fir Är Reservatioun, besicht www.elch.lu oder kontaktéiert de Restaurant per Mail (lpc@elch.lu).

Related topics ELCH Restaurant, Gastronomie, Iessen, Kach, Kulinarik, Le Petit Chef, Murat Mutlu, Projektioun, Reservatioun, Show, Skullmapping
Next post Previous post