Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

AiLaike Handmade Iced Tea – Frësche Wand fir d’Geschmacksknospen!
how to calculate how long you've been dating someone WTF

best working dating app

Am Joer 2011 war et den Nils Beierlein aus Mainz,

online dating srbija
online dating is hard reddit
how to calculate how long you've been dating someone WTF

D‘Cargolux flitt elo emol d‘Woch op Tokyo

Haut huet d‘Cargolux seng nei Fluchverbindung Lëtzebuerg-Tokyo ageweit. Vun elo

D‘Solidaritéit zu Lëtzebuerg ass lueflech
how to calculate how long you've been dating someone WTF

D‘Solidaritéit zu Lëtzebuerg ass lueflech

D‘Erwaardunge vun der Käerjenger Gemeng goufen, esou déi allgemeng Ausso,

surprise

Fir eis engleschsproocheg Matbierger ass et schwéier, Lëtzebuergesch ze léieren. Den Online-Cours vu Learn Luxembourgish bitt eng Solutioun!

Si sinn elo offiziell zertifiéiert

Fir eis engleschsproocheg Matbierger ass et schwéier, Lëtzebuergesch ze léieren. Den Online-Cours vu Learn Luxembourgish bitt eng Solutioun!

Den Internet gëtt jo gären als e risege Schatz vu Wësse bezeechent. An tatsächlech fënnt een hei bal alles. Och wat Online Kuren ugeet, gëtt et mëttlerweil eng breet Offer: Op een elo Ukulele spille léieren oder e Bestseller schreiwe wëll, et kann ee bal alles online bäibruecht kréien. A mam Lëtzebuergeschen ass et net anescht!

Dës Spart gëtt zum Beispill vun der Plattform Learn Luxembourgish ausgefëllt. Do gëtt en Online Cours a verschiddene Niveauen ugebueden. Eng Besonneschkeet ass, datt d’Ufängercoursen op Englesch gehale ginn. Bei der Zuel vun Engleschsprochege Matbierger, déi ëmmer méi wiisst, gëtt dat ëmmer mi wichteg.

Mëttlerweil sinn d’Coursë vu Learn Luxembourgish och offiziell zertifiéiert

De Educatiounsministère ass elo hi gaangen an hunn d’Sproochcoursën fir d’Lëtzebuerger Nationalitéit ze kréien zertifiéiert. Dëst huet Learn Luxembourgish an hirem Pressecommuniqué bekannt ginn. Domat stoussen se beispillsweis bei d’Ugebuet vum INL bäi an erlaben et domat nach méi Leit, eis Sprooch ze léieren. An dat ganz onofhängeg dovunner, wou ee grad ass.

Digital Hëllefsmëttel wéi Skype an en online Whiteboard gi bei Learn Luxembourgish agesat, fir datt dës Coursen interaktiv sinn an niewent hirem edukativem Wäert och Spaass maachen.

Folgend Coursen si vum Ministère de l’Education zertifiéiert ginn:

  • A1 Basics, fir absolut Ufänger (8 Lektiounen)
  • A1 Conversation, fir Studente mat e puer Virkenntnesser (12 Lektiounen)
  • A2.1 Conversation, fir intermediaire Studenten (12 Lektiounen)
  • A2.2 Conversation, fir avancéiert intermediaire Studenten (12 Lektiounen)

Verschidde Course kënne kombinéiert ginn, fir op déi noutwenneg 24 Stonnen ze kommen. Eng Lektioun dauert dobäi eng Stonn. Si kënnen och fir kleng Gruppen ugebuede ginn. Donieft bitt Learn Luxembourgish och nach e Buch un, wat vill Eegenheete vun eiser Grammaire erkläert.

Dat kann och fir Lëtzebuerger ganz interessant sinn! Ze empfeelen ass virun allem, Learn Luxembourgish op Twitter a Facebook ze followen, falls een dat nach net gemaach huet. Do gëtt och schonn emol ganz aktiv diskutéiert.

Ähnlech Sujeten Englesch, Integratioun, Learn Luxembourgish, Lëtzebuerg, Lëtzebuergesch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel