Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dammefussball: den SC Beetebuerg iwwerrennt d‘Damme vum FC Mamer 32
botanical speed dating https://moien.lu/balkan-dating-website/

compare and contrast relative dating and absolute dating

Et war batter Kal gëschter um Terrain zu Beetebuerg, an

is steam matchmaking down
botanical speed dating https://moien.lu/balkan-dating-website/

Waffestëllstand vum 11. November: Feierlech Zeremonie och zu Lëtzebuerg

Nodeems de Premierminister an déi groussherzoglech Koppel mueres zu Paräis,

Wéi gutt kenns du Wäisswampech?
botanical speed dating https://moien.lu/balkan-dating-website/

Wéi gutt kenns du Wäisswampech?

Dës Kéier geet et wäit bis an den Norde vum

Léck: E radikaliséierte Mann ermuert dräi Mënschen op oppener Strooss

Léck: E radikaliséierte Mann ermuert dräi Mënschen op oppener Strooss

E radikaliséierte Mann, deem säin Zil et war Polizisten unzegräifen, huet en Dënschdeg zu Léck dräi Mënsche mat engem Messer ermuert, dorënner zwou Polizistinnen. Den Täter ass nach op der Plaz vun der Police erschoss ginn. Déi Belsch Justiz qualifizéiert d’Dot als „terroristeschen Akt“.

No dësem dräifachen Homicide, deen op enger grousser Avenue vu Léck stattfonnt huet, hat de Mann – dee vun de Medien als Benjamin Herman (36) identifizéiert ginn ass – kuerzzäiteg eng Botzfra vun enger Schoul als Geisel geholl. Dat hat, esou d’Autoritéiten, zur Evakuatioun vun de Schüler gefouert. Kengem Kand ass e Leed geschitt.

D’Enquête ass engem anti-Terror Untersuchungsriichter opgedroe ginn, an de federale Parquet soll nach haut Präzisiounen zum Virfall matdeelen. An engem Tweet huet de belsche Premierminister, Charles Michel, eng „blann a feig Gewalt“ denoncéiert. De Spriecher vum federale Parquet, Eric van der Sypt huet der AFP matgedeelt: „Et ginn Elementer déi op en terroristeschen Akt hindeiten“.

Belaaschtend Videoen

An engem Amateurvideo ass däitlech ze héieren datt den Täter virun der Dot op der Strooss „Allah Akhbar“ jäizt, och wa vun offizieller Säit keen dat wollt bestätegen. An engem weidere Video ass den Täter ze gesi wéi hien d’Polizistinnen ugräift, duerno ass e Schosswiessel ze héieren an de Mann läit um Buedem.

An dësem Auto ass e jonken onbedeelegte Mann vun 22 Joer vum Benjamin Herman erschoss ginn. © Eric Lalmand/Belga

D’Schéisserei huet am spéide Moie géint 10.30 Auer stattfonnt. Gewosst ass bis ewell, datt den Täter d’Polizistinne vun Hanne mat engem Messer ugegraff, zolidd zougestach an hinnen d’Waffen ofgeholl, a si domatter uschléissend erschoss huet. Esou de bericht vum Procureur zu Léck, Philippe Dulieu. Nodeems hien d’Polizistinnen erschoss hat, huet den Täter e jonke Mann vun 22 Joer, deen am engem Auto gesiess hat, erschoss.

„Fräigänger“

Den Täter gëtt als „Klengkriminellen“ beschriwwen, deen e puer mol wéinst Déifstall, Kläppereien an Drogenhandel veruerteelt ginn ass. De Benjamin Herman war am Prisong zanter 2003, mee hat eng „Sortie“ zougestane kritt, wéi hien um Dënschdeg d’Dot begaangen huet.

Laut dem Justizminister Koen Geens, hat den Täter scho virdrun eng 20 Sortien zougestane kritt, déi „gutt verlaf“ wieren. Eng Source déi un der Enquête bedeelegt ass, huet der AFP matgedeelt, datt den Täter bei der Police „fichéiert“ war, wëll hie beim engem Openthalt am Prisong vu Lantin en enke Kontakt zu engem islamisteschen Häftling hat, an sech offensichtlech radikaliséiert huet.

Op der Flucht?

Vun der selwechter Source war gewuer ze ginn, datt de Benjamin Herman „op der Flucht no Vir“ war, nodeems hien an der Nuecht vun e Méindeg op en Dënschdeg, zu On (dat ass eng Uertschaft tëscht Marche a Rochefort) e Mord begaangen hat.

Laut de lokale Medien, war en 30 järegen Drogenofhängegen a senger Wunneng zu On opfonnt ginn. Vermuttlech ass d’Affer mat engem Hummer doutgeschloe ginn. De Parquet vun de belscher Provënz Lëtzebuerg, dee fir dës Zon kompetent ass, huet sech awer um Dënschdeg geweigert e Lien mam Virfall vu Léck ze bestätegen.

Den Täter soll e kloert Zil gehat hunn

„Et ass kloer dat et d’Zil vum Mäerder war sech un der Police ze vergräifen“, esou d’Deklaratioun vum Chef vun der Lécker Police, Christian Beaupère, bei enger Pressekonferenz en Dënschdegnomëtten. Hien huet preziséiert, datt weider véier Poliziste beim Schosswiessel – deen no der Geiselnam stattfonnt huet – blesséiert goufen. Een Agent ass dobäi schwéier verletzt ginn.

Léck

Poliziste schwätze mat Eltere vun de Kanner aus der Schoul wou eng Educatrice kuerzzäiteg vum Täter als Geisel geholl gi war. © John Thys/AFP

D’Belsch, déi vun dschihadisteschen Uschléi am Mäerz 2016 getraff gi war, huet zanterhier divers Ugrëff géint Zaldoten an Poliziste missen erdroen. De leschten Uschlag deen als „terroristeschen Akt“ consideréiert gëtt, hat et de 25, August 2017 ginn. Deemools hat e Somalier Zaldoten zu Bréissel mat engem Messer ugegraff, a war erschoss ginn.

Den Niveau d’Alerte 2 bleift bestoen

Mam Virfall vum Dënschden ass och nees d’Erënnerung vun der Attack zu Charleroi, den 6. August 2016 erëmkomm. Deemools hat en Algerier mat Wunnsëtz an der Belsch, mat engem Buschmesser zwou Polizistinne virum Policebüro Ugegraff. D’Polizistinne waren am Gesiicht an um Hals blesséiert, den Täter op der Plaz erschoss ginn. Den islamesche Staat hat sengerzäit d’Attentat revendiquéiert.

Um Dënschdeg kontaktéiert, huet d’OCAM, den Organismen deen den Opdrag huet déi terroristesch Bedreeung an der Belsch ze evaluéieren, entscheet den Niveau d’Alerte 2 bäizebehalen. Dat bedeit, datt een net vun enger weiderer Menace ausgeet. Bis heihinner war dräi Joer lang de Niveau d’Alerte 3 (eng méiglech Menace) an deels de Niveau d’Alerte 4 (imminent Menace) gehale ginn. De Niveau war eréischt am Januar erofgesat ginn.

mam Marine Laouchez an dem Matthieu Demeestre/AFP

Foto: D’Poliziste vum forenseschen Departement enquêtéieren op der Plaz wou déi zwou Polizistinnen an e jonke Mann vun 22 Joer vum Benjamin Herman ermuert goufen. © Eric Lalmand/Belga

Ähnlech Sujeten Belsch, Léck, Police, Terrorismus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel