Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

EU: Eng ganz Partie Länner wëllen um Budget vun der PAC festhalen
Cool Neiegkeeten WTF

EU: Eng ganz Partie Länner wëllen um Budget vun der PAC festhalen

Si sinn zu hirer 20, dorënner Frankräich, déi sech e

Bilansgespréicher: Net nëmmen e Buch, mee e wierklecht Konschtwierk
Cool Neiegkeeten WTF

Bilansgespréicher: Net nëmmen e Buch, mee e wierklecht Konschtwierk

„De Wanter kënnt, kaf der Buch“ sot ee mer an

money
D’USA a China bleiwen déi wichtegst Handelspartner fir d’EU. Mee de meeschten Handel vun de EU-Länner fënnt an der Unioun statt
Cool Neiegkeeten WTF

D’USA a China bleiwen déi wichtegst Handelspartner fir d’EU. Mee de meeschten Handel vun de EU-Länner fënnt an der Unioun statt

Well mëttlerweil ëmmer méi oft d’Ried vun engem Handelskrich mat

coolsurprise

Ëmmer méi LEDe beliichten eis Stroossen – dat huet seng Grënn!

D'Technik huet kloer Virdeeler

Ëmmer méi LEDe beliichten eis Stroossen – dat huet seng Grënn!

Bis zu 15% vun de Stroumkäschte bei der ëffentlecher Beliichtung kéinten zu Lëtzebuerg gespuert ginn, wann de Reseau op LEDen ëmgeschalt géif ginn. Dat wiere pro Joer net manner ewéi 210.000€. Mee wéi gutt kënnt d’Land an där Hisiicht virun?

2.300 Luuchtepottoen nei equippéiert

De Lëtzebuerger Staat ënnerstëtzt d’Gemenge bei der Erneierung vun engem Luuchtepotto mat 100€, wann se mat LEDen equipéiert hunn. Zënter August 2014 goufen sou ëm déi 50 Projeten an insgesamt 2.300 Luuchtepottoe subsidéiert. Profitéiert hätte laut den Infrastrukturminister François Bausch gutt 30 Gemengen. Leider wier et awer nach ze fréi, fir e Bilan ze zéien: Déi éischt LEDen wieren eréischt virun zwee Joer installéiert ginn an et wier nach net genuch Zäit vergaangen, fir uerdentlech Vergläichswäerter ze hunn.

Nei Stroossebeliichtunge ginn automatesch mat LEDen ausgestatt. Wat dat bestoent Netz ugeet, sou zillt een net dorobber of, d’komplett Beliichtung duerch LEDen ze ersetzen. Dëst mécht Sënn, well nëmmen eng vun den ale Beliichtungsmethoden Energie am Verglach zur LED verbëtzt: D’Natriumdampluucht déi mat niddregem Drock schafft. Do wier d’Ersetzen noutwenneg ginn well den Akafspräis vun dëse Luuchten sech an de leschten dräi Joer verduebelt hätt. Mee fir all des Luuchten ze ersetzen wier nawell eng gréisser Investitioun néideg. Et ginn därer 15.500 an de Budget fir nei LEDen an deem Mooss anzekafe géif sech op 6,2 Milliounen Euro (ronn 400€ pro Liichtkierper) belafen. De jäerleche Budget fir nei Liichtkierperen anzekafe géif sech awer nëmmen op 2,12 Milliounen Euro am Joer belafen.

Méi e klore Bléck an de Stärenhimmel

Weider Präzisioune gëtt de François Bausch bei de Käschten: Och wann d’Instandsetzungskäschten ongeféier gläich bleiwe géife bei den LEDen, missten d’Luuchten net méi sou oft ausgewiesselt ginn. An op enger anerer Plaz kéint och gespuert ginn, nämlech bei der Liichtverschmotzung. Bei den LEDe wier et méiglech, dech Verschmotzung ze reduzéieren.

Dës Informatiounen erginn sech aus den Äntwerte vum Noheltegkeets an Infrastrukturminister François Bausch (déi gréng) op d’parlamentaresch Fro vum Deputéierte Max Hahn (DP).

Ähnlech Sujeten François Bausch, Infrastruktur, Lëtzebuerg, Max Hahn
Nächsten Artikel Virrechten Artikel