Elo gëtt op Paschtéier geschoss!
Zu Lyon (Frankräich) ass et gëschter am Nomëtten zu engem
Zu Lyon (Frankräich) ass et gëschter am Nomëtten zu engem
D‘Lat hunn se sech héich gehaangen, d‘Equippe ronderëm d‘Cathy Fayot
D’Parlamentarier vun der NATO, déi nach bis haut zu Warschau
Ganzer 5 Joer hunn de Fabien (Vocals), den Odin an de Yannik (Gittar), de Pol (Bass) an de Kevin (Drums) am Proufsall verbruecht, bis den éischten eegene Song „Resonate“ verëffentlech ginn ass an de Publikum a komplett Faszinatioun versat huet. Ab dësem Ament huet d’Rad gerullt, eng Rëtsch Wierker aus eegener Fieder sinn erauskoum.
Wärend der Pandemie louchen déi motivéiert Kärelen allerdéngs net faul um Kanapee ronderëm, mee hu lescht Klengegkeeten u „Veto“ (frësch aus dem Schäffche – oppassen, et ass nach waarm!) virgeholl. Ma, elo kritt Dir dobaussen den dreiwende Beat, melodesch Gittarkläng an eng Kombinatioun aus schnellem Spriechgesang an dem Gejäiz, fir déi mir Legacy Of Atlas esou gär hunn, ze lauschteren:
Virun der Grënnung vu Legacy Of Atlas huet de Fabien seng Bandmemberen duerch de Kollegekreess, seng deemoleg Aarbecht an en anere musikalesche Projet kannt. D’Kribbelen an de Fanger an d’Motivatioun war do, fir eppes Neies ze starten. Déi gemeinsam Leidenschaft fir méi haart Musek huet sech schnell gewisen. Ma, de Stil huet sech awer iwwert Joren virun entwéckelt.
De Begrëff Metalcore soll dobäi just als éischt Beschreiwung déngen, sou datt Persounen, déi d’Band nach net kennen, déi musikalesch Richtung kennen.
Legacy Of Atas um Screaming Fields 2017 © Noah Fohl
D’Iddi fir de Bandnumm koum relativ spontan vum Gittarist Yannick. Vill Diskussioune gouf et net, et huet einfach gepasst. „Mir hu fonnt, dass den Numm gutt kléngt, an dass en eng intressant Aart an Weis bitt, vir iwwert d’Welt nozedenken. Wann déi Figur, déi d’Welt dréit, net méi do ass, wat geschitt dann? Et huet sech dunn och ob ee mol sou erginn, dass eis Texter och gutt bei dat Konzept passen“, erkläert de Fabien.
Mat der Verëffentlechung vun der éischter Single „Resonate“ konnt Legacy Of Atlas een éischten Highlight erliewen. D’Motivatioun, zesummen ze schaffen a sech kreativ auszeliewen, ass mat engem Coup an d’Luucht gaangen. Besonnesch gären kuckt d’Band och op de „Circle of Life“ Concert vum Oktober 2019 zeréck. Fir si war et den zweete Concert, bei deem si net nëmme gespillt, mee och komplett selwer organiséiert hunn. Zesumme mat anere Bands aus dësem Beräich konnt eng erfollegräich Party gefeiert ginn.
Déi fënnefkäppeg modern Metal-Band huet an de leschte Joren seng Erfarungen op lokale Bühne gemaach: Optrëtter beim Nordic Rock Festival, um On Stéitsch Festival oder och um Metalfest zu Koplescht stinn op der Lëscht. Ënnert anerem konnte si um Screaming Fields Festival 2017 de Budget gewannen, fir eegene Merch ze bezuelen.
Nëmmen ee Joer drop duerft Legacy Of Atlas um Rock The South den Haaptpräis entgéint huelen. Fir si war et eng onerwaart Victoire, an awer goufen d’Museker wakereg gerëselt, datt hir Musek geschat gëtt a si einfach viru fuere mussen.
Léift geet bekanntlech duerch de Mo. An esou ass d’Pizza mëttlerweil iergendwéi een Deel vun der Band-Identitéit ginn. Schliisslech schafft et sech sat besser. Dofir ënnersträicht de Fabien: „Wann een eis eng Kéier live gesinn huet, weess een, dass mer eis net immens seriö huelen. Legacy of Atlas ass zu engem deel Musek an zum aneren Deel den Blödsinn, deen sech 5 Männer iwwerleeden, wann een se ze laang eleng am Proufraum léisst. Ee Resultat dovun ass eng Pizza am Band-Logo.“
Legacy Of Atlas fannt Dir op Facebook, Instagram, YouTube, Spotify, Google Play Music an och op Apple Music.